Soutien financier pour les cours du Centre National de Formation Professionnelle Continue (CNFPC) (19/10/2006 Aly Jaerling) Q
Här President,
Esou wéi d'Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un den Här Arbechtsminister respektiv un d'Madame Edukatiounsministesch weider ze leeden:
Wéi mer matgedeelt gouw, gëtt am Centre National de Formation Professionnelle Continue, fir d'Erwuesseweiderbildung keng staatlech Entschädegung méi ausbezuelt vun dësem Joer un.
Dës Entschädegung woar awer eng zousätzlech Motivatiounen, fir sëch an déi Ausbildung anzeschreiwen, woar awer och fir déi manner bemëttelt Elteren vu betraffene Jonken eng wichteg finanziell Ennerstëtzung.
An och eng Ennerstëtzung fir dene Jonken oder Eeleren, déi op sech eleng gestallt woaren, keen Revenu haten, an sech wollte weiderbilden, entgéint ze kommen.
Et kann dach net sinn, datt just do, wou mer anscheinend de gréisste Malaise hun, wat de Chômage betrëfft, an zwar bei der Qualifikatioun, elo soli just do gespuert ginn wou de Problem am gréissten ass.
Kann den Här Minister respektiv d'Madame Ministesch mer duerfir dës Fro beäntwerten:
1) Stëmmt et datt keng finanziell staatlech Ennerstëtzung méi zougestane get fir Erwuesseneweiderbildung am CNFPC?
2) Wa Jo, fir waat?
3) Ass daat net kontraproduktiv an hält wa méiglech Leit, déi sech wëlle weiderbilden, aus finanziellen Contrainten, dervun oof?
4) Widersprëcht daat nët dem Gedanken vum life long learning, laut dem soll all Mënsch d'Méiglegkeet kréien, sech ouni finanziell Contrainten, wieder ze bilden?
Mat déiwem Respekt
Deputéfen