Den SEW/OGBL verlaangt en direkte Stopp vun de Verhandlungen vum TTIP

29.06.2014

An engem Bréif un den Herr Meisch, Minister vun der Edukatioun, verlaangt den SEW/OGBL, datt eis Regierung d’Verhandlungen iwwert den TTIP (Transatlantic Trade and Investment Partnership) direkt stoppt, well verschidden Dispositiounen vun dem Accord eng grouss Gefor fir d’ëffentlech Schoul duerstellen.
Déi geheim Verhandlungen iwwert den TTIP (an enger éischter Phase huet den Accord TAFTA geheecht) tëschent der EU an den USA hunn, no enger laanger Virberedungszäit, den 8. Juli 2013 ugefaangen.

Sowuel d’Verhandlungsmandat wéi och den Accord sollten geheim bleiwen. Nodeems awer de Mandat an d’Ëffentlechkeet duerchgesickert ass, hunn sech vill zivil Organisatiounen zum Widderstand géint den Accord zesumme gedoen.

Um Site vum SEW/OGBL fannt dir och nach eng Dokumentatioun vum Raoul Marc Jennar, deen den 8. Abrëll zu Lëtzebuerg op eng Konferenz iwwert de Sujet gehalen huet.

Den TTIP hätt dramatesch Konsequenzen fir d’Edukatioun, souwuel fir d’Schüler wéi och fir d’Enseignanten, a stellt eng Gefor fir d’ëffentlech Schoul duer.

Arrêter les négociations du TTIP(42.8 KB)