Subventionnement des formations continues pour chômeurs (Jean-Pierre Koepp: 28.3.2006) Q/R
Här President,
Esou wéi eist Reglement et VÌrgesäit. bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un den Här Aarbechtsminister, d'Madame Chancegläichheetsminister an d'Madame Educatiounsminister weiderzeleeden:
An der Press, op den Aarbechtsmaartssäite, si mer an der Lescht Annonce vun enger Asbl opgefall, déi sech exklusiv u Fraen adresséieren. Ënnert den Iwwerschrëften "Das Talent zur Selbstständigkeit" a ,,Mentoring Macht Erfolg, Frauen sind Spitze - von der Idee zum Erfolg" ginn do entspriechend Weiderbildungscoursen ugebuedcn.
Zitéiert Offere goufe mir als "sexistesch-segregationistesch" kommentéien an als net konform zum Gläichheetsprinzipqualifizéiert- all Chômeur/Salarié misst déi selwecht Chance fir entspriechend Weiderbildungsofferen hunn, Dowéint ass de Subventionnement vun esou Coursen mat Ge1der vun der A1lgemengheet- also och vun de Männcr - eppes, wat een hannerfroe muss.
Am konkrete Fall sinn et den europäesche Sozialfong, den Educatiounsministère an den Aarbechts- a Beschäftegungsministère, déi déi Projeten förderen.
Duerfir folgend Froen:
1.) Wat ass d'Positioun vun der Madame Chancegläichheetsminister zu esou Projeten a "sexisteseh-segregationisteschen" Annoncen?
2.) Firwat hu männlech Chômeure/Salariéë zu der genannte Weiderbildungsoffer keen Zougank?
3.) Aus wéi engem Grond ginn esou diskriminatoresch Weiderbildungsprojete mat Gelder vun der Al1gemengheet subventionnéien?
4.) Ass esou eng Verwendung vun ëffentlech Gelder net contraire zu de Prinzipie vun eisem liberale Rechtsstat, dee jo net nemmen d'''égalité devant la loi" garantéicrt, mä och all "Distinction d'ordres" an eiscm Statswiesen ofgeschaf huet?
Mat déiwem Respekt,
Jean-Pierre Koepp
Députéierten
Gemeinsam Äntwert vum Aarbechts- a Beschäftegungsminister, vun der Chancegläichheetsministesch an vun der Educatiounsministesch op d'parlamentaresch Ufro n° 999 vum honorabelen Deputéierten Jemp KOEPP
De Projet, den den honorabelen Deputéierten uschwätzt ass net aIs Diskriminatioun ze gesin mee aIs Deel vun enger méi genereller Politik, déi aIs Ziel huet d' Gläichheet tëschent Männer a Fraen hirzestellen.
Déi Gläichheet erreecht een andeems een an alle Beräicher Männer a Fraen selwecht behandelt mee awer och andeems een, do, wou nach manifest Ënnerscheeder festgestallt gin, gezielt déi benodeelegt Zilgrupp ënnerstëtzt.
Déi Philosophie ass och d'Basis fir déi rezent Ännerung vum Artikel II vun der Verfassung, déi d'Chamber den 16. März vun dësem Joer gestemmt huet: «Les femmes et les hommes sont égaux en droits et en devoirs. L'Etat veille à promouvoir activement l'élimination des entraves pouvant exister en matière d'égalité entre femmes et hommes.»
Schon laang virun dëser Verfassungsännerung huet de lëtzebuerger Staat sech engagéiert fir G1äichheet tëschent Männer a Fraen, wat hier Rechter a pflichten ugeet, ze schafen an zwar duerch d'Ratifikatioun vun der Convention sur l'élimination de toutes les formes de discrimination à l'égard des femmes, der sougenannter« CEDAW» Conventioun, déi den 18. Dezember 1979 vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen ugeholl gin ass an säit 1981 a Kraaft ass.
Den Text seet a sengem Artikel 4: «L'adoption par les Etats parties de mesures temporaires spéciale visant à accélérer l'instauration d'une égalité de fait entre les hommes et les femmes n'est pas considéré comme un acte de discrimination tel qu'il est défini dans la présente Convention, mais ne doit en aucune façon avoir pour conséquence le maintien de normes inégales ou distinctes; ces mesures doivent être abrogées dès que les objectifs en matière d'égalité de chances et de traitement ont été atteints. »
Lëtzebuerg huet d'Cedaw-Conventioun 1989 ratifizéiert. D'Regierung huet sech verpflicht, dëss Conventioun emzesetzen an huet dest Joer den 1. Määrz hiren 5. Rapport iwwer d'Emsetzung vun der Conventioun bei dem CEDAW Comité zou New York ofgin.
Wat e10 méi speziell de Beräich vum Aarbechtsmaart ugeet an dem d'Associatioun, em déi et geet, aktiv ass, ass jo gewosst dass den Beschäftegungstaux vun de Fraen zwar an denen leschte Joere geklommen ass mee nach emmer ongeféier Il Prozentpunkten hannert dem vun de Männer läit (am Joer 2003 koumen d'Männer op 73,3% an d'Fraen op 52%).
Wat de Chômage ubeIaangt, sin d'Fraen allerdëngs iwerrepresentéiert an dem Sënn dass sie am Dezember 20051 45,2% ausgemaach hun vun denen Leit déi bei der ADEM ageschriwwe sin an eng Aarbecht siche während awer nëmmen 37,5%2 vun de Leit déi am November 2005 eng Schaffhate Frae sin.
D'Regierung kann also a wärt och an Zukunft weider Projet'en finanziell ënnerstëtzen, wann dat gewënscht ass och mat Hëllef vum europäische SoziaIfong, déi aIs Ziel hun d'Gaïchhheet vu Fraen a Männer um Aarbechtsmaart herbäizeféieren.