Nº 1780 Etude sur les compétences linguistiques des élèves de première (12/06/2007 Robert Mehlen) Q/R
Här President,
Esou wéi eist Chamberreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d'Madame Educatiounsminister weiderzeleeden :
An ärer Antwert op méng parlamentaresch Fro Nummer 1655 vum 24. März 2007 schreift der vun enger Etude, déi 2006 iwwer d'Sproochkompetenze gemaach gi wier. Dir gidd an engems e Beispill vun de Premières-Studenten am Secondaire, daat weist, datt nach munnéches a Saachen Sproochenunterricht ze maache bleift. Et get mer elo gesot, d'Resultater vun dëser interner Etude wieren dermoossen désastréis, datt de Ministère dervun ofgesinn hatt, dés Resultater publik ze maachen.
An dësem Zesummenhang géif ech lech gären dës Froe stellen;
- Stêmmt et, datt d'Resultater sou schlecht waren, an datt d'Etude aus dësem Grond ënner Verschloss gehaale gëtt?
- Mengt Dir nêt, datt d'Resultat vun dëser Etude eng wertvoll Contributioun kënnt liwwren an der aktueller Diskussioun iwwer de Sproochenunterricht?
- Wier et duerfir net opportun, dës Etude publik ze maachen?
Mat déiwem Respekt
Députéierten
Antwert vun der Madame Ministesch ob déi parlamentaresch Ufro No 1780 vum Här Députéierte Robert Mehlen:
D'Etude iwert d'Sproochekompetenzen am Franséischen,déi 2006 bei enger Partie vun eise Premières- an Treizièmes-Schüler gemaach ginn ass, ass alles aanescht wéi geheim.
D'Resultater vun der Etude goufe bekannt gemaach
- an all Versammlunge mat den Enseignants, am Fréijoer 2006, wou iwert de Profil de la politique éducative linguistique diskutéiert ginn ass a wou zesummen doriwwer nogeduecht ginn ass, wéi mer kënnen eise Sproochenunterricht méi effektiv gestalten;
- am Fréijoer 2007 bei der Prasentatioun vum Plan d'action dee mer doropshin opgestallt hunn, notamment de 15. Marz an der Chamberskommissioun.
Och an der Antwert op déi parlamentaresch Ufro vum Har Mehlen vum 24 Marz 2007 hun ech d'Resultater vun dem Test, deen 2006 mat Schüler vun 1ière an 13ième duerchgefouert gin ass, resuméiert.
Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle