25 Joer an der Illegalitéit (Journal 3/2007)
![]() |
Am Laf vum Mount Mee hu gläich 2 Comité de Cogestion hiren 25-jäerege Gebuertsdag gefeiert. De 4. Mee haten d'Kollege vun Déifferdeng an de Centre Noppeney op Uewerkuer invitéiert fir, mat frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Gemeng Déifferdeng, an engem flotte Kader déi wichtege Gebuertsdag ze feieren. An enger Partie Riede goufen déi heiansdo turbulent Ufäng vum Comité rappeléiert an op eng humorvoll Aart a Weis och op aktuell Problemer agaangen. De Buergermeeschter huet dee wichtegen Impakt vum Comité de Cogestion op d'Schoulentwécklung an och op déi deeglech Gestioun ënnerstrach. Dee gelongen Owend gouf ofgeschloss mat engem Theaterstéck a, wéi sollt en anescht sinn, mat Schnittercher, engem Patt an engem Gebuertsdagskuch. A kuerz drop war et un de Kollege vu Stengefort fir de Gebuertsdag vun hirem Comité ze feieren. D'Präsenz vu ville Grënnungsmemberen an "ale" Kolleginnen a Kollegen, déi net an der Gemeng schaffen, huet dës Feier sécher opgewäert. Eisen Ausseminister, den deemools Buergermeeschter zu Stengefort war, huet sech extra déplacéiert fir matt deene Leit ze feieren, déi iwwert laang Joere gehollef hunn d'Schoul weider ze entwéckelen an déi sech och fir hir Kolleginnen a Kollegen agesat hunn. D'Monique Adam huet a senger Interventioun referéiert iwwert d'Matbestëmmung an enger Schoul déi sech verännert. A wien déi Stengeforter kennt ka sech denken, dat se all net direkt heemgaange sinn... D'Stad Lëtzebuerg hat als éischt Gemeng 1973 e Comité de Cogestion op d'Bee gestallt. An d'Grënnung vun de Comitéë vun Déifferdeng a Stengefort e puer Joer drop weist, dat e Besoin bestanen huet fir sech als Enseignant aktiv an d'Gestioun vun der Schoul anzemëschen. An deene meeschte Gemenge war d'Grënnung vum Comité net esou einfach. D'Léierinnen a Schoulmeeschter haten dacks de Besoin sech ze emanzipéieren a wollten an der Organisatioun vun der Schoul e Wuert matschwätzen. Nëmmen eng aktiv Matbestëmmung vun den Enseignantë kann eis Schoul wieder bréngen. Vu Säite vun der Gemeng ass de Comité am Ufank net esou gär gesi ginn, well d'Lokalpolitiker Angscht haten en Deel vun hirer Macht ze verléieren. Elo sinn d'Comitéen net méi weg ze denken, well ouni hiren alldeeglechen Asatz. Den SEW wäert sech och an Zukunft asetze fir dat d'Comité de Cogestion an dat neit Schoulgesetz integréiert ginn. |