Divide et impera

![]() |
![]() |
Divide et impera !Léif Kolleginnen a Kollegen, D’Madame Minister Delvaux invitéiert mat engem Bréif vum 7. November d’Enseignant-e-s vum ES a vum EST op eng Consultatiounsversammlung iwwert d’Reform vum Secondaire a Secondaire technique fir de Méindeg, 14. November ëm 17 Auer. Deen Zäitpunkt ass eiser Meenung no nët vun ongeféier gewielt : e fällt zesummen mat der Regionalversammlung fir d‘Stad Lëtzebuerg, déi den SEW an d’APESS dee selwechten Dag ëm 16.45 Auer aberuff hunn fir iwwert d‘Reform vun der Fonction publique an d‘Reformpolitik vum MENFP am Allgemengen ze diskutéieren an eis Kräften opzebauen. D’Madame Minister wousst vun dëser Versammlung; déi zanter dem 4. November ugekënnegt war. Mir betruechten also hir Reunioun als e gezielten Manöver fir d’Enseignant-e-s dovun ofzehalen, sech zesummen ze fannen a gemeinsam ze reagéieren. Divide et impera ! Et ass iech natierlech iwwerlooss, äre Choix ze treffen, mais dir sollt wëssen, wat um Spill steet: D’Ëmsetzen vun der Fonction publique – Reform mat enger kompetenzorientéierter, bürokratiséierter Bewertung vun den Enseignant-e-s an der Hierarchiséierung vun eiser Carrière durch d‘Schafen vu 15-20 % Pöstercher fir déi, di sech am beschten en évidence setzen a Paltong zéie kënnen, wärt d’Atmosphär an de Schoulen grëndlech verdierwen ! Kuckt iech emol un, wouraus déi Bewertung besteet, andeems der folgende Link op dem Site vum Ministère de la Fonction publique uklickt. Dat wat do virgeschloë gëtt, geet an déi selwecht Richtung ewéi dat, wat zanter e puer Joëren bei de Schoulreformen duerchgesat soll ginn an am Fondamental elo scho besteet.: Et gi sënnlos Tabellen ausgefëllt an e bürokratesche Waasserkapp mat Ja-sager opgebaut. Eis Schüler, eisen Unterrecht, eise Stolz an eis Freed um Beruff bleiwen dobäi op der Streck! Sou schléisst sech de Krees an et ass fir eis selbstverständlech, dass de Kampf géint d’Fonction publique-Reform an dee géint déi allgemeng Schoul-Reformitis zesummenhänken. Dofir stinn op eise Versammlungen, déi op en zentrale Meeting am Dezember solle virbereeden, déi zwee Themen um Ordre du jour.
D’Madame Minister invitéiere mer, hir Versammlung ze verleeën, dat am Intressi vum weideren Dialog. Mir als Gewerkschaften sti jiddefalls fir en éierlechen Dialog bereet ! |
