D’Reform vun der Fonction publique an d’Reformitis vum MENFP maachen eis Schoul futti

01.12.2011


Léif Kolleginnen a Kollegen,
am Numm vum SEW/OGBL a vun der APESS begréissen ech Iech, Enseignanten, Educateuren, all déi, déi an der Schoul matt de Kanner schaffen an Iech léif Studenten, alleguer hei am Centre Atert.

Mir sinn entretemps zu iwwer 3000!



Domadder ass méi wéi däitlech, datt mir representativ sinn fir d‘ganzt Léierpersonal. Dat mir hei zu esou dacks zesumme komm sinn, weist, datt eis d’Qualitéit vun der ëffentlecher Schoul net egal ass.

Elo ass et endlech un der Zäit, datt déi politesch Responsabel eis net nëmmen héieren, mee och ufänken op d’Akteure vum Terrain ze lauschteren an endlech matt eis an en éierlechen Dialog trieden.

Et ass säit méi wéi 20 Joer erëm eng gemeinsam Aktioun vum Fondamental a vum Secondaire, vun alle Leit déi an der Schoul pedagogesch Aarbecht leeschten, an ech schléissen do d’Educatrissen an d’Educateure an eise Schoule matt an. Mir hun all erkannt, an är massiv Präsenz beweist et, datt mir eis gemeinsam wiere mussen, fir déi absolut desaströs Konsequenzen vun deene geplangte Reformen vun der Fonction publique sou wéi och d’Reforme vum Unterichtsministär, ze verhënneren.



Den Oflaf vun der Protestmanifestatioun ass esou geplangt, datt dir fir d’éischt eis Fuerderungen zur Situatioun am Fondamental héiert, duerno schwätzt den Daniel Reding, President vun der APESS, iwwert d’Reform vum Secondaire an zum Ofschloss kënnt de Guy Foetz, Vize-President vum SEW, matt eise Fuerderungen zur Reform vun der Fonction publique.

(Natiirlech nëmme wann dir net virdrun geschlossen de Sall verlooss huet).




Éiert mir unfänken, erlaabt mir vun dëser Plaz am Numm vum SEW/OGBL an der APESS e Solidaritéitsmessage un den Syndicat vun der Sidérurgie ze schécken.

Wéi dir sécher wësst organiséiere si den 7. Dezember an alle Fabrike vun Arcelor-Mittal e Warnstreik an dat am Kader vun engem Aktiounsdaag, den a ganz Europa stattfënnt.

Mir erklären eis solidaresch a wënschen hinne vill Succès an hiren Aktiounen, fir datt de Stolstanduert Letzebuerg, den d’Basis vun eisem Wuelstand ass an wou vill vun eis hir Wuerzelen erëmfannen, eng Zukunft behällt.




An da krute mir e Message de solidarité vun der AIP der „Association des institutrices et instituteurs du préscolaire“.
Sie deklaréieren sech solidaresch matt der Aktioun vun SEW an APESS, an sie ënnerstëtzen eis haut an och eis zukünfteg Demarchen an Aktiounen.
D‘AIP steet matt eis solidaresch géint:
  • Excessive Bureaukratisatioun
  • all Form vun Evaluatioun duerch, ech zitéiren, „choux-choux formés par le MEN »
  • Verschlechterungen um Bockel vun de jongke Kollegen
  • all Devalorisatioun vun der Carriäre vum Enseignant

Mir heeschen also d’Kolleginnen a Kollege vun der AIP besonnesch wëllkomm.

Den SEW an d’APESS sinn an deen leschten Deeg an de Medien kritiséiert ginn. Déi si jo ëmmer séier bei Hand wann et heescht op d’Gewerkschaften oder nach léiwer op d’Enseignanten ze klappen. Et wier net kloer, heescht et, géint wat mir eis génge wieren a protestéieren. „Sinn se dann elo géint d’Reform vum Secondaire oder géint dat neit Schoulgesetz am Fondamental oder wieren se sech géint déi geplangte Reform vun der FP?“




Kolleginnen a Kollegen,
eis Äntwert op déi Fro ass ganz einfach:
Dat Ganzt ass nëmmen eng Reform.
D’Schoulgesetz am Fondamental, déi virgesinne Reforme vum Secondaire an d’Reform vun der FP gehéiren zesummen, sie bilden e Ganzt a passen aneen wéi Pësselstécker.
A wann et hinne gelénge soll, déi Reformen duerchzekréien, dann ass d’ëffentlech Schoul an de Beruff vum Enseignant um Enn.
Madame Delvaux, mir als SEW fuerdere schons säit ville Joren eng Reform vum Fondamental.
Mir verlaangen eng Schoul, déi besser reagéiere kann op d’Herausfuerderung vun eiser heterogener Schoulpopulatioun an op eis komplex Sproochesituatioun an déi virun allem deene Kanner aus engem sozial méi defavoriséiertem Milieu eng Chancegerechtegkeet bidde soll .

A wéi dir Iech fir dat neit Schoulgesetz op de Fändel geschriwwen hat:
“D’Kand an de Mëttelpunkt setzen“, dat heescht fir eis ,datt d’Kanner solle besser encadréiert a besser betreit ginn, du hu mir är Reform ënnerstëtzt.

Mir gesi och eng Rei ganz positiv Punkten am Schoulgesetz vun 2009, déi mir begréissen an ënnerstëtzen. D’Zesummenaarbecht vun den Equipes pédagogiques an d’Concertatiounen si fir eis e grousse Plus.Dir hutt och demokratesch gewielten Comité d’Ecole an Comité de Cogestion an d’Gesetz schreiwe gelooss, déi eng vun eisen Haaptfuerderungen waren a bleiwen.Fir eis war et wichteg de Schoulen an deen eenzelnen Enseignanten um Terrain méi Autonomie a méi Responsabilitéit ze ginn. Dat sollt eis op der Basis erlaaben pedagogesch Initiativen a Projeten, déi mir fir sënnvoll halen, opp d’Been ze setzen, fir de lokalen Ufuerderungen vun de Kanner méi gerecht ze ginn.




Madame Delvaux, leider musse mir feststellen, datt d’Entwécklung an eng ganz falsch Richtung gaang ass.
D’Concertatiounen si rigid reglementéiert ginn, d’Comité d’école ginn ëmmer méi instrumentaliséiert an déi ganz Aarbecht vun den Enseignanten gëtt total bureaukratiséiert.

Dir hut et färdeg bruecht d’Enseignanten esou matt Rapporten an onsënnegen Evaluatiounen ze beschäftigen, datt mir eis nach just virkommen, wéi en Hamster am Rad, an dee ganzen Opwand bréngt de Kanner guer näischt. En hannerléist just Léierinen a Schoulmeeschter, déi méi a méi demotivéiert ginn, well se mierken, dat déi enorm Energien, déi se beret waren an déi neie System ze stiechen, keng positiv Repercussiouen fir d’Kanner hunn, mee éischter au Contraire. Madame Delvaux, mir Enseignanten brauchen Zäit fir eis pedagogesch Praxis ze reflektéiren.
Nëmme wann d’Enseignante dierfen a kënne kritesch denken, da kënne mir och d’Schüler zu mündege Bierger an enger demokratescher Gesellschaft erzéien. Duerch är schlecht formuléiert, schwammeg an doduerch absolut subjektiv Evaluatiounskritèren, déi zu allem Iwwerfloss och nach esou iwwerlaascht sinn matt engem Kuddelmuddel vu Kompetenzen, soen d’Bilanen näischt méi aus. D’Eltere gin veronséchert an d’Autoritéit vun der Schoul geet verluer. En ongeheieren Opwand dee null Fortschrëtt bréngt.
De ganze Evaluatiounschaos ass an der Tëschenzäit esou dramatesch, datt och vill Inspektere kee Rot méiwëssen, a méi oder manner verstoppt déi gelungenste Bewäertunge vun den Tester zouloossen.
An der Verzweiflung, e sënnvolle Feedback un d’Elteren ze ginn, ginn dann Smileyen, faarweg Blummen, eng Marque op engem Zahlenstrahl oder esouguer Note bis 60, kleng geschriwwen oder zougepecht, proposéiert. A wee soll eis dann do nach eescht huelen?
All Schoul muss elo eng eege Bewaërtung erfannen, well eis schlau Käpp am Ministère, déi fir dee ganze Misär verantwortlech sinn, keng Ahnung hunn wéi dat an der Praxis soll sënnvoll ëmgesat ginn. A mir verléireren eis Zäit an Energie an der Schoul matt enger onsënneger Zuel vun Testen an Evaluatiounen, déi den Eltere sollen eng objektiv Bewertung virgaukelen, awer de Kanner vill Zäit fir eppes Sënnvolles ze léiere klauen.
Dobäi hu mir nach ëmmer an der Schoul alles gemaach, dat d’Kanner hiert Wëssen prakteschgebrauche kënnen. Et ass fir all Enseignant evident, datt d’Kanner d’Sproochen sollen esou léieren, datt sie capabel sinn, se an der Praxis ze verstoen an ze schwätzen an datt si sech och schrëftlech fräi ausdrécke kënnen.

Wen elo gemengt huet, datt dee kompetenzorientéierten Unterricht, deen se sech an der Aldringerstroos vun der OECD an d’Fieder diktéire gelooss hunn an deen sech ënnert engem falsche Mäntelchen an eis Schoule geschlach huet, dat och als Ziel huet, den huet sech uschmiere gelooss. Wéi den englesche Begrëff „skills“ et vill méi treffend beschreift, geet et net drëms Wëssen ze vermëttelen an unzewenden, mee et beschränkt sech op d’Acquisitioun vun Techniken, ouni fondéiert Hannergrondwëssen.
D’OECD ass do riicht eraus: Sie wëllen eng flexibel Main d’oeuvre fir den Aarbechtsmarché, déi sech flexibel asetzen an einfach och erëm entloosse léist an dobäi gedëlleg a net kritesch ass.
Zevill Wëssen féiert zu geféierlechem kriteschen Denken.

A schliesslech muss opp Eemol och d’Differenzéierung an der Klass, déi jo fir eis all eng ganz positiv Konnatatioun huet, méi kritesch gesi ginn. Et geet neierdengs net méi drëm fir duerch d’Differenzéieren d’Kanner méiglechst op een Niveau ze bréngen. Et geet net méi drëms, datt d‘Kanner zesumme léieren, ee vun dem aaneren, an dat déi méi Staark déi aner eropzéien. Et geet nach just drëms datt d’Kanner, jidfereen fir sech an a Konkurrenz zu all den aneren, séier d’Schoul duerchlafen. Déi eng fir séier op der Uni Carrière ze maachen, an déi aner sollen och séier färdeg sinn, dat se de Staat net zevill kaschten. Mir sollen se ëmmer weider vun Cycle zu Cycle schleisen an herno kréien se nach just e wertlosen Diplom. Esou gëtt den Ascenseur social bloquéiert an dat ass matt eiser Deontologie net ze vertrieden.




Madame Delvaux, mir verlaangen datt déi neoliberal Logik aus eise Schoule verschwënnt, datt mir zesumme léieren, datt d’Schoul d‘Cohésioun an d’Integratioun an eis Gesellschaft fördert an net Konkurrenzdenken an Ielbousmentalitéit.

Mee och d’Schoulen gin evaluéiert, haaptsächlech matt Epreuves standardisées. Der neoliberaler Doctrine no, solle jo net nëmmen d’Kanner a Konkurrenz gesat ginn, mee och d’Schoulen an déi eenzel Enseignanten. Dobäi loose mir dann eis Schoul vun Technokrate leden, déi regelméisseg op Parais an d’OECD fueren a politesch kaum nach ze kontrolléire sinn. Wen déi standardiséiert Tester ausschafft, dee bestëmmt wat a wéi an der Schoul geschafft gëtt.

Den eenzelnen Enseignant soll séier déi nei Logik verinnerlichen a verstoen ob wat et ukënnt. Soll en sech méi ëm déi Kanner këmmeren, déi seng Hëllef am néidegsten hunn oder muss en seng Energie an déi Kanner investéieren, déi méi liicht méi séier méi wäit kommen?

Jojo, si wëssen, dat mir wëssen, wat de Punktwäert vun der Klass oder der Schoul am standardiséierten Test am meeschte verbessert. Mir hun d’lescht Joer heftegst géingt déi Tester am cycle 3.1 protestéiert an doropshin goufen d’Froebéi net ausgewärt an et gouf kee Ranking vun de Schoulen opgestallt. Dest Joer geet dee ganzen Zirkus awer erem d’nämlecht lass, och wann den SEW ganz kloer dorops higewiesen huet, datt dee Ranking just zu Schoultourismus an zu Schoulghettoen féiere muss.




Madame Delvaux, zu allem Iwwerfloss huet dir eis och nach mam Contingent begléckt. Ennert dem Prätext, datt d’Stonnen um nationale Plang misste méi gerecht verdeelt ginn, wat jo jidferengem aliicht a wou mir och näischt dogéint hätten, ginn awer elo massiv Stonnen ofgebaut. Schéi lues iwwert 10 Joer, da fällt et net esou spektakulär op, verléieren 90 % vun de Schoulen deels massiv Stonnen a nëmme ganz wéineg kréien der bäi. No der Berechnunge, déi mir vun der Fédératioun vun de comité d’école kruten, ginn an deene nächste Joer am Total eng ronn 4000 Wochestonnen, dat si bal 200 Posten, verluer.

Madame Delvaux, dir contestéiert eis Rechnung, hut awer bis elo, et pour cause, nach keng Zuelen op den Dësch wollte leeën. Dobäi misst dir dach wëssen, dat grad déi pedagogesch Projeten, matt deenen dir iech virun dem neie Schoulgesetz an der Ëffentlechkeet esou gär presentéiert huet, genuch Ressouce bräichten. Duerch ären Ofbau vu Stonnen mussen dëss Projeten lues a lues zeréckgefuer ginn an a ville Schoulen,mussen an nächster Zukunft grad déi Mesuren erëm ofgeschaf ginn, déi besonnesch fir déi Kanner, déi eis Hëllef am néidegste brauchen, organiséiert gi waren.

Spuere wëllt dir zumindest bei der Aarbecht matt de Kanner. An den Iwwerbau, an den administrativen Waasserkapp, do huet dir gutt investéiert. An der Realitéit bréngt dat fir den Enseignant haaptsächlech zousätzlech administrativ Aarbechten.Fir d’Kanner, déi speziell Hëllef brauchen musse fir d’éischt eemol Rapporten geschriwwen ginn an Dossiere ginn opgemaach, fir dat et schliesslech, no e puer Méint an enger Rei Versammlungen, heescht, datt leider, leider keng Moyens zur Vergfügung stinn fir eng konkret Hëllef an der Klass.




Madame Delvaux, mir verlaangen, dat e Maximum vu Moyens an Ressourcen um Terrain, an de Schoulen, zur Verfügung gestallt ginn.

Mir hunn eis an an deene leschte Joeren am SEW vill Gedanke gemaach, hunn Journée de réflexions organiséiert a sinn erëm bei Iech virstelleg ginn, fir op déi bestehend Mëssstänn opmierksam ze maachen a konstruktiv Proposen ze maachen.Dir huet, wéi dir dat esou gutt kënnt, beschwichtegt, eis Kritike relativéiert an probéiert eis d’Wierder am Mond ëmzedréinen. A wéi et schéngt, refuséiert dir nach ëmmer d’Realitéit esou ze gesinn wéi se ass. Vill verännert ass net ginn.



Madame Delvaux, et gëtt héich Zaït, datt dir erëm op d’Leit vum Terrain lauschtert.

Och duerfir hu mir eis am 3. Trimester vum leschte Schouloer mam SNE zesummegedoen an eng Campagne lancéiert ënnert dem Motto: „Et geet jo ëm d’Kanner“.
Mir verlaangen,
  • datt den administrativen Opwand op e Minimum reduzéiert gëtt a virun allen an d’Aarbecht um Terrain matt de Kanner investéiert gëtt.
  • datt de Contingent, dat heescht d’Zuel vun den Unterrichtstonnen mindestens op deem Niveau bleiwt, wéi virun der Reform war, dat also keng Stonnen ofgebaut ginn.
  • datt d’Autonomie vun de Comité d’écoles a vun deenen eenzelenen Enseignant erhalen an esou guer nach verstärkt gëtt

Et wäert iech, Kolleginnen a Kollegen, kaum iwwerraschen, dat mir bei der Entrevue, déi mir bei der Madame Delvaux haten, kee Gehéier fonnt hunn.

Léif Elteren,
lues a lues mierken dir vill vun Iech, datt déi nei Evaluatiounsformen a Kritären am Fondamental, an där Form wéi se bis elo ëmgesat goufen, net zum Avantage vun äre Kanner sinn. Duerfir vun hei en Opruff un Iech fir opzepassen, wat an der Schoul geschitt a wat fir eng Auswierkungen dat op d’Zukunft vun äre Kanner huet.




Kolleginnen a Kollegen, et ass keen Zoufall, datt den Här Biltgen grad elo matt senger Reform vun der Fonction publique kënnt, déi en sech vun der CGFP ënnerschreiwe gelooss huet. Well déi passt ganz genau an déiselwecht Logik. Wat an der Reform geplangt ass, muss eise Beruff an d’ëffentlech Schoul definitiv futti maachen.
Mir hunn awer schon Eppes erreecht. Den Här Biltgen ass duerch eise kategoresche Refus a der grousser Protestvewegung, déi an deene leschte Wochen entstanen ass, schons e bësse nervös ginn. Duerfir huet e séier nei Verhandlungen mam SNE ugekënnegt. Säi Manöver ass awer liicht ze duerchkucken: hie wëllt d‘Enseignanten veronsécheren fir eise Protestmouvement ze schwächen an domadder d’Gewerkschafte ganz ausenaner ze dividéiren.

Duerfir eise Message vun hei un déi responsabel Kollegen vum SNE a vun der FEDUSE:
Är Fuerderungen sinn op alle wichtege Punkten mat eisen identesch.
Dat geet esouwäit, datt mir onofhängeg een vun dem aaneren deeselwechte Slogan gewielt hunn. Ech ënnerstëtzen är Postkaartenaktioun, meng Postkaarten un d’Madame Delvaux an un de Här Biltgen si schon ausgefëllt. A mir fuerderen och Iech heibannen op, Kolleginnen a Kollegen, déi Protestaktioun massiv ze ënnerstëtzen. Mee mir färten, datt eis 2 Minister sech vun Postkaarten alleng net beandrocke loossen. Duerfir, Kollege vum Comité vum SNE: Är Plaz ass hei, mir fuerderen iech an d’FEDUSE nach eng Kéier op Iech eiser Aktioun unzeschléissen.

A loost iech bei Verhandlungen net vum Minister Biltgen iwwert den Dësch zéien.Wat d’Degradatioun an d’Hierarchisatioun vun eiser Carrière an de Bewärtungssystem
ugeet, do därfe mir eis op kee Fall op faul Kompromësser anloossen, an et dierf och kengindividuell Bewärtung an enger Lightversioun ginn.
Mir mussen dat kategoresch refuséieren .
Well, Här Biltgen, dir huet ech schons luusseg ugeluegt: De 15. Juli huet dir den Accord matt der CGFP ënnerschriwwen, an dir wollt vun de Summerméint an der Schoulrentrée profitéieren, fir är Reform quasi heemlech, ouni grousse Widerstand op den Instanzewee ze bréngen. Am Viirfeld krute mir vun iech nëmmen ganz vague Informatiounen. Och wéi den Grondsaatz-Accord schons ënnerschriwwe war, do huet dir eis zwar op eng Réunioun invitéiert, mee sidd net matt den Detailler erausgeréckt. Den Avantprojet duerfte mir eis eng knapp Woch méi spéit vum Internet eroflueden, 1000 Säiten laang. Erzielt eis nëmme net, datt d’Leit an ärem Ministär, déi an enger Woch redigéiert hunn. An da gidd dir eis 2 Wochen Zäit fir e schrëftlechen Avis ze formuléieren, fir da villäicht e neie Rendez-vous ze kréien, wa mir nach valabel Argumenter fannen.




Abee, Här Biltgen, mir si zu iwwer 3000 perséinlech heihinner komm, fir iech mattzedeelen, dat mir är Reform refuséieren, kategoresch, an och net wëlles hunn eis op faul Kompromësser anzeloossen.
Dir hut ganz schlau gesot, mir vun de Gewerkschaften sollten d’Detailler vun ärer Reform matt der Madame Delvaux aushandelen. Mir hunn der Madame Delvaux awer schons an enger Entrevue de 15. November mattgedeelt, dat dat net a Fro kënnt. Mir bleiwe bei eisem kategoreschen Refus.

Här Biltgen, dir wëllt eis Carrière nei definéieren. Dir wëllt e ganz nei an den A-Tableau integréieren an eis nei aklasséieren. Dobäi hut dir e puer Onkloerheete geloos, sou dat mir dee leschten Detail net ausrechne kënnen, mee mir konnten awer scho feststellen, dat de Kolleginen a kollege vum Fondamental sollen erëm dohinner zréckfalen, wou mir virun der Reform vun eiser Carrière stungen. Ech erënneren, datt deemols war och nach eis Aarbechtszäit eropgesat gi war.

A besonnesch déi zukünfteg Léierinen a Schoulmeeschter, grad wéi déi zukünfteg Proffen, sollen am Stage vill verléieren. Dat ass inakzeptabel.
Huet et net ëmmer geheescht an der Ausbildung fir de Schoulmeeschter mussen Theorie a Praxis enk mateneen verknäppt gin. Dofir machen ons jonk Kollegen vill Stagen während hirer Ausbildungszäit. An da soll elo ob eemol nach e Stage drugehangen gin? Well se nach net gut genuch ausgebillt sin? Firwat gouf dann kee Master fir de Schoulmeeschter geschaafen, esou wéi mir et ëmmer verlaangt hun?
Nee, e Stage dat ass eng wonnerbar Iddee fir d’Gehälter erofzesetzen. Si sollen manner verdengen, mee trotzdeem eng Klass leeden. Ausserdeem kann een hinnen dann nach e puer extra Arbechten oberléen,fir dass se jo nuren net op domm Gedanken kommen. Joer laang mussen si dann brav dat noplapperen, wat den Inspekter hinnen viirpriedegt, well soss packen se den Ustellungsexamen net an da war dat ganzt Studium fir d’Kaz.No sou enger Gehiirwäsch kréien mer dann lauter Hampelmänner, déi sech besser stéieren loossen. An herno wonneren mir ons just nach, firwat d’Enseignaen ëmmer manner Autoritéit hun.

Kompenséiert soll déi méi niddreg Carrière dann doduercher ginn, datt mir eng Perspektiv op en Avancement kréien. Wéi an all Administratioun sollen 15-20% « postes à responsabilités particulières » geschafe ginn. Den normalen Enseignant, den all Daag virun senger Klass steet, soll also manner verdéngen, fir datt de Staat déi Sue kann un e puer verdeeelen, déi sech speziell ervirdinn.
E lauter kleng Cheffen an der Schoul.
Wat dat fir Poste sinn, dat sollen alt erëm d’Gewerkschaften matt der Madame Delvaux festleeën.
Mir wësse genau, dat eng gedëlleg, onopfälleg, mee intensiv pedagogesch Basisaarbecht, am Asatz fir déi Kanner, déi eis Hëllef am néidegsten hunn, net als grouss Responsabilitéit ugesi gëtt. Spektakulär Aktiounen si gefrot, mir mussen eis duerstellen an eis gutt verkafen, bei de Virgesetzen a bei den Elteren. A bei der Photo ëmmer an der éischter Rei stinn, e puer Zentimeter méi vir wéi d’Kollegen.
Wéi efficace dann d’Paltongszéierei gëtt, dat wäert vun eeenzelnen Supérieur Hiérarchiue ofhänken. Karriär mécht da ganz bestëmmt deen, dem et geléngt sech am wäiteste vun de Kanner eweg ze halen. Well Schoulhale war nach nie eng gutt Strategie fir am Enseignement Carrière ze maachen.

Här Biltgen, Madame Delvaux, ech widerhuelen et ëmmer rëm:
fir eis gëtt et nëmmen eng responsabel Plaz am Enseignement. Dat ass am Klassesall, bei de Kanner. Wann de Schoulmeechter oder de Proff oder den Educateur net motivéiert ass, dat ass eng Katastrof. Fir all déi aner aus dem Ministère, kënnen si ëmmer nach d’Käschten aus dem Feier huelen. Dat mierken d’Kanner net. - Obwuel ech mir bei dëse Reformen net méi esou sécher sinn.
A natierlech musse mir all evaluéiert ginn.
An dat huet jo net onwesentlech Auswierkungen op eis Carrière. A net jidferen kann dobäi déi bescht Note kréien. Well dir, Här Biltgen, wëllt jo dem Staat Geld spueren. Dir wëllt, dat mir an de Schoule Konkurrente ginn, dat mir léieren aus dem Pak vun de Kollegen erauszestiechen. Also net nëmme Konkurrenz bei de Schüler an de Schoulen, mee och bei den Enseignanten.

Dir wëllt eis motivéieren, matt Geld a matt e bësse Macht. Domadder wieren dann eis pedagogesch Equippen um Enn. An och d’Schoulcomitée hätte wuel an esou engem System keng Plaz méi. Demokratesch gewielte Comitée, déi an éischter Linn d’Interessen an d’Initiative vun de Kollegen vertriede sollen, passen net an ärt Schema.Här Biltgen, Ielbousmentalitéit a Paltongszéierei verdréit sech net Kollegialitéit an Zesummenaarbecht, an déi brauche mir fir eis Aarbecht an de Schoulen.

Äre System huet schon an der Privatwirtschaft net fonktionnéiert a mécht d’Leit déi do schaffe futti. Ee vun de Bewertungscritèren, wéi mir herno nach am Detail gesi wäerten, soll och d’Zesummenaarbecht matt der Hierarchie sinn. Aha, dir wëllt also d’Queeschdenken ofschafen an an engems d’Gewerkschaften monddout maachen. Dir hofft datt d’Enseignanten dann all gläichgeschallt ginn an d’nächste Kéier kee méi muckst bei esou onméiglech Reformen.

Mee äre Bewertungsystem ass net nëmmen op Angscht opgebaut, mee dir wëllt d’Enseignanten och nach humiliéieren an hinnen hirt fir hire Beruff esou wichtegt Selbstvertrauen huelen. Mir sollen eis fir d’éischt mol selwer evaluéieren, oder besser: eis selwer kritiséiren. Dëss Evaluatioun soll dann als Basis fir dat jährlechen Evaluatiounsgespréich matt eisen Supérieur Hierarchique dengen. A bei där perséinlecher Evaluation, wou alles no „objectifs personnels opérationnels“ geet, do war d’Madame Delvaux op Eemol gutt virberet. „Mir hu jo de plan de réussite scolaire », sot si, de berüchtegten PRS. Do mussen oder besser misste jo operationnel Objektiver fir d’Schoul definéiert ginn. Dat ass ee formidabelt Instrument, an et braucht een en nëmme ganz liicht ëmzebauen. All Enseignant schreift da seng perséinlech Objektiver dran a schons hu mir d’Basis vun der perséinlecher Bewertung. De PRS ass also net nëmmen eng administrativ Kujonad, mee an dem Kontext mécht e richteg Sënn. A mat den Elterevertrieder muss en och nach diskutéiert ginn, déi dierfen dann bei der Evaluatioun hëllefen.
Elo versteet ee natierléech, datt d’Agence qualité esou séier Formatiounen organiséiert huet, fir de Enseignanten ze weisen wéi einfach a sënnvoll esou e PRS ka sinn. An et vertseet een och, datt dir Madame Delvaux, wéi dir eis gesot huet, och elo mol déi PRS akzeptéiert hunn, déi äre Kritère net entspriechen. Dir huet do vu 50% Prozent geschwat, mee déi nächste Kéier wëll dir dat awer net méi duerchgoe loossen. Dir rechent domatt, datt a 4 Joer, wann de ganze System esou richteg ugelaf ass, keen sech méi traut dogéint ze protestéieren.




Sou Här Biltgen, Madame Delvaux, maacht dir konsequent eise Beruff an d’ëffentlech Schoul futti.

Kolleginnen a Kollegen, dat loose mir net zou.
Mir sinn net géint all Reformen a mir loosen eis net an den Eck vun de Reformverweigerer stellen, déi géint all Ännerung sinn. Mir hu Reformen an der Schoul gefuerdert.
Mee mir brauchen Reformen, déi am Interessi vun de Kanner sinn, am Interessi vu méi Chancegerechtegkeet an déi hëllefen d’Qualitéit vun der ëffentlecher Schoul ze verbesseren.
Dëss Reformen sinn awer net am Interesse vun de Kanner.
Déi geplangte Reform vun der Fonction publique ass inakzeptabel a mir leenen se kategoresch of.
Den Här Biltgen huet sech sécher nach Sputt gelooss fir Verhandlungen.Et geet elo mol drëm fir de Prinzip an der Schoul an an de Verwaltungen anzeféieren. Wann se bis emol e Fouss an der Dir hunn bei der Hierarchiséierung vun der Carrière oder mam individuelle Bewertungssystem, da ginn all déi Werter, fir déi mir an der Schoul stinn d’Baach erof.

Här Biltgen, net matt eis! Zitt är Reform zeréck.