Manifestation du 16 mai 2009


![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
>>> Les images du SEW dans la manif <<<
Discours de Jean-Claude Reding: Kolleginnen a Kollegen,
Kolleginnen a Kollegen,
Mir hunn haut demonstreiert fir eis Aarbechtsplaze, fir eis Kafkraaft, fir eis Sécurité sociale.
Mir soe kloer an däitlech :
DFangeren ewech vum Index, vun eise Paien an eise Pensiounen
Dir hutt gewisen, datt mir bereet sinn, eis zesumme géint all Sozialofbau ze wieren.
Mir hunn haut demonstréiert, well mir, déi Léit, déi all Schaffdag fir eis Pai schaffe ginn, déi Léit, déi geschafft hunn an elo an der Pensioun sinn, déi Jonk, déi nach an der Schoul, an hirer Ausbildung, am Lycée, op der Uni sinn, mir alleguer sinn net Schold un der Kris. An duerfir däerf et och net sinn, datt dës Kris op eis Käschte geléist soll ginn.
Am Contraire, mir verlaangen datt eis Gesellschaft, eis Wirtschaft esou ëmgebaut gëtt, datt et net méi zu esou enger Kris komme kann. Déi Politik, déi an deene leschte 25 Jore gemaach gouf, huet weltwäit zu enger ökonomescher, sozialer an ökologescher Kris gefouert. Et muss Schluss gemaach gi mat dëser Politik. Solidaritéit, Kooperatioun statt Konkurrenz a Wettbewerb si gefrot.
Et muss Schluss si mat enger Politik déi zouléisst, datt de kurzfristige Profit un eischter Plaaz steet.
Eis Aarbecht, eist Recht op eng uerdentlech Pei vir eis Arbecht, eis sozial Rechter musse respektéiert ginn. Dat gehéiert op déi eischt Plaaz.
Chères, chers collègues,
Beaucoup de salariés sont confrontés aux effets de la crise, beaucoup ont peur pour leur avenir et en deviennent malades, beaucoup sont victimes de licenciements, de plans sociaux ou doivent faire du chômage partiel.
Beaucoup de chefs dentreprises, beaucoup de cadres dirigeants dans les grandes boîtes essaient dutiliser la crise pour démanteler nos acquis sociaux.
Les organisations patronales sattaquent à nos conventions collectives de travail, à nos salaires, à nos conditions de travail et ne cessent de remettre en cause lindexation des salaires et des pensions.
Les organisations patronales jouent la carte de la provocation en refusant de payer aux salariés postés leur salaire intégral en cas de maladie.
Le patronat doit savoir que sur cette base le dialogue social nest pas possible et que la provocation mène tout droit à la confrontation.
Nous disons non à ces attaques et nous demandons aux responsables politiques de nous soutenir clairement.
Renforcez nos droits syndicaux, renforcez le droit du travail ! Renforcez nos droits contre les licenciements injustes et injustifiés !
Renforcez et défendez notre système de sécurité sociale !
Opposez -vous à toute velléité de discrimination sur la base de la nationalité, du lieu de résidence !
Que nous soyons Luxembourgeois ou non, que nous résidions au Luxembourg ou non, nous travaillons ici, nous payons nos impôts et nos cotisations sociales ici, notre avenir est ici, tous ensemble nous nous opposons à tout démantèlement social.
Caros amigos,
a crise não foi provocada por nós. Não vamos ser nós a pagar pelos erros dos outros.
Todos juntos, vamos defender os nossos empregos, os nossos salários e a nossa segurança social.
Todos juntos, lutamos pelo respeito dos nossos direitos, do nosso trabalho, do index e pelo futuro dos nossos filhos.
Mir stinn zesummen op mer Lëtzebuerger sinn oder net, op mer am ëffentlechen oder am private Sektor schaffen.
Kolleginnen a Kollegen,
Dës Manifestatioun ass awer net nëmmen eng Warnung un dPatronat, et ass och eng Warnung un déi politesch Verantwortlech.
Si musse wëssen, datt mir net zouloosse wäerten, datt den Index nach eng Kéier a Fro gestallt gëtt. Mir hätte gäre kloer Engagementer ouni Niewesätz.
Mir soe kloer an däitlech: DFangeren ewech vum Index !
Mir akzeptéieren och keng Verschlechterung bei eise Pensiounen. Et gëtt keng Ursaach de Pensiounsalter erop ze setzen an dPensiounen erof ze setzen.
Prioritéit huet net Diskussioun iwwert de Finanzement vun de Pensiounen am Joer 2060, mä eng aktiv Politik fir Vollbeschäftegung. Well een, deen ëmmer erëm ouni Aarbecht ass, dee keng seriös Pai kritt, dee kritt och keng seriös Pensioun.
An iwwerhaapt, wa mer so weider maachen, da renne mer éischter an dKlimamauer ewéi an dRentemauer a mer geroden elo an eng zolid sozial Kris.
Kolleginnen a Kollegen,
Mir brauchen eng staark Sécurité sociale !
Mir brauchen e bessert Aarbechtsrecht !
Mir brauche méi Schutz géint Entloossung !
Mir brauche méi Matsproocherecht ! Nëmmen da kréie mer och de Respekt, dee mer fir eis Aarbecht verdéngen !
Mir brauche staark ëffentlech Déngschter :
Et muss Schluss si mat der Liberaliséierung an der Privatiséierung.
Et muss an den ëffentlechen Transport, an dEisebunn investéiert ginn !
Et muss an eis Spideler, an eis Sozialdéngschter investéiert ginn !
Et muss an eis Schoulen, eis Lycéeën, eis Uni, an dRecherche investéiert ginn !
A wann ech soen et muss an eis ëffentlech Déngschter investéiert ginn, da bedeit dat och, datt an dLeit, déi do schaffen, investéiert muss ginn, datt hir Aarbecht respektéiert gëtt. An duerfir ass et och grondfalsch drun ze denken dUfanksgehälter an dGehälter iwwerhaapt am ëffentlechen Déngscht, beim Staat, bei de Gemengen, bei den ëffentleche Betriber, an der Santé an am Sozialsektor ze kierzen.
Doriwwer eraus ass dat och nach en Affront fir déi Jonk, déi haut sowisou schons mat Chômage a prekären Aarbechtsverträg ze kämpfen hunn.
Kolleginnen a Kollegen,
Dës Manifestatioun ass eng eescht an eng seriös Warnung.
Mir loosssen net zou, datt dat wat mir an eis Elteren iwwert Jorzéngten obgebaut an duerchgesat hunn, futti gemaach gëtt.
Mir si fir den Dialog, awer nëmme wann eis Sozial Acquisen, eise Sozialmodell, eis sozial Rechter respektéiert ginn.
Nos nao pagaremos para a crise dos outros !
Tous ensemble pour nos emplois, nos revenus et nos droits !
Zesumme géint all Sozialofbau !