Journal 5/2010 Merci, Monique! (Patrick Arendt)

Au cours de sa diète syndicale du 23 novembre 2010, le SEW/OGBL a élu un nouveau président. Voici des extraits de son allocution de clôture:
Merci, Monique!
D’Monique bréngt et ëmmer fäerdeg an senger héiflech, awer ganz bestëmmter a nodréckleger Art a Weis déi richteg Wierder ze fannen. Mir erënneren eis drun, dat et seng Initiativ an a mam SEW/OGBL wor, déi am Enseignement Fondamental d’Carrièresfro lancéiert huet. Et ass dem Monique gelonge bei der grousser Manifestatioun zu Bartreng, mat senger Iwwerzeegung an a senger Ried d’Fuerderunge vun de Léierinnen a Schoulmeeschteren esou ze artikuléieren, dat d’Regierung gezwonge gouf d’Verhandlunge mat de Gewerkschaften unzehuelen. A wier et net d’Monique gewiescht, dat bei de Verhandlungen d’Vertrieder vun deenen 2 Gewerkschaften op Cours gehalen hätt, da wier fir d’Leit aus dem Fondamental nach méi e schappegen Accord akzeptéiert ginn oder et wier guer näischt erauskomm.
D’Kolleginnen an d’Kollegen um Terrain, a net nëmmen d’Membere vum SEW/OGBL wëssen dat. An och an der Stad Lëtzebuerg si sech d’Enseignantë bewosst wat se mat dem Monique als Presidentin vum „Comité de cogestion“ eng Chance hunn. Et ass nëmme logesch, dat et an dëser Funktioun regelméisseg vun de Kolleginnen a Kollegen aus der Stad plebiscitéiert gëtt.

Mir hunn also, wann och schwéieren Häerzens, well et ass esou flott wann een do ass, dee bal alles mécht an et souwisou och am beschte kann, akzeptéiert, dat d’Monique net méi als Presidentin wëll zur Verfügung stoen. Dorunner schléisst sech awer och direkt déi gutt Noriicht un, dat d’Monique nach an Zukunft am Comité vum Fondamental an an der Direction syndicale matschafft. Den SEW as och soss personell excellent besat fir an deenen nächste Joren d’Erausfuerderunge vun der Gewerkschaftsaarbecht unzehuelen.
(…)
Nom neie Schoulgesetz am Fondamental, steet elo d’Reform vum Secondaire um Agenda vum Ministère. An dobäi si mir am SEW/OGBL net emol méi sécher, ob mir d’Richtung vun der Reform nach droe kënnen. Et stëmmt, dat den SEW/ OGBL Demandeur war fir eng Schoulreform, a mir hunn d’Reform, sou wéi se ugekënnegt war, ënnerstëtzt. Et gëtt och Elementer, wéi d’Cogestioun, déi den SEW/OGBL gefrot hat, a wou mir eis enorm agesat hunn, fir se am Gesetz verankert ze kréien. Mee leider geet d’Reform an déi falsch Richtung: d’Schoul verkënnt zu enger Administratioun, an d’Aféierung vum Kontingent bréngt mëttelfristeg eng Verschlechterung vun der Qualitéit mat sech. An de Schoule sinn d’Leit iwwerlaascht mat deels sënnlosen administrativen Aufgaben an et ass nëmmen eng Fro vun der Zäit, dass mir massiv mat Problemer wéi Burn-out an de Schoule konfrontéiert ginn.
(…)
Dobäi ass, niewent alle méi technesche Problemer, déi ideologesch Ausriichtung vun deenen agefouerten Evaluationsformen zimlech bedenklech. Wichteg an dréngend Aspekter vun der Reform gi mol guer net ugepaakt, wéi z.B. de Passage vum Fondamental an de Secondaire.
Den SEW ass net géint alles, scho guer net géint all Reform, mee mir bleiwe kritesch a setzen eis fir d’Qualitéit an eng méiglechst reell Chancëgläichheet oder Chancëgerechtegkeet an.
A last, but not least leien och nach Pläng vun enger Reform vun der Fonction publique, oder soll ech soe Virschléi fir d’Carrière beim Staat ze verschlechteren, um Dësch. Hei musse mir op Zack si fir séier an efficace ze reagéieren an d’Resolutioun vun der Diète syndicale muss duerfir als däitlecht Zeeche gesi ginn! (…)

Patrick Arendt
Président