D’Ried vum Guy Foetz ob der Manifestatioun virum der Chamber 25-01-2011

29.01.2011

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Merci fir är Präsenz – trotz dem Schmuddelwieder - op dëser wichteger Manifestatioun !
Éischten Ulass vun dëser Manif sinn d’Bedingungen vun der Formatioun,
déi d’Chargés d’éducation de Moment opgezwonge kréien.
Dat ass eigentlech déi berühmten Drëps, déi d’Faass zum Iwwerlafe bruecht huet:
de Fait, dass de MEN deenen Enseignanten, deeër hir Laag am prekärsten ass, eng Formatioun op déi üblech iwwerstierzte Manéier opzwängt, déi net am Geréngsten hirer professionneller a familiärer Situatioun Rechnung dréit.
Kee vun hinnen a vun eis stellt d’Noutwendegkeet vun deeër Formatioun a Fro,
mais awer d’Aart a Weis, wéi se duerchgezu gëtt a wat hir Konsequenze kënne sinn fir d’Chargéë mat CDD.
Vill vun iech sinn heihinner komm, fir dëse Kolleginnen a Kollegen de Réck ze stäipen an ze soën: esou net ! Dat ass en Ausdrock vu Solidaritéit a si soë Merci dofir !
Anerer sinn hei, well hinnen d’Unterrechtspolitik, déi eise Ministère zanter e puer Joër laanscht a géint d’Avisen vun der grousser Majoritéit vum Corps Enseignant féiert, op de Geescht geet a se sech erwaarden, dass haut eppes un d’Rulle kënnt.
Dat wat mir iech ze soën hunn, huet also e puer Deeler:
Fir d’éischt wäert d’Lynn Lepasch am Numm vun honnerte vu Chargés d’éducation d’Wuert ergräife fir ze beschreiwen, a wéi eng Situation déi falsch Organisatioun vun deeër Formatioun si bruecht huet.
Duerno leeën ech d’Punkten duer, déi mir e Freideg an der Entrevue mat eiser Ministesch kritiséiert hunn. Doriwwer eraus ginn ech kuerz op d’Astellungspolitik am Postprimaire an a sträichen déi wesentlech Problemer am Beräich “Aféierung vum Kompetenzunterrecht” a “Reform vun der Formation professionnelle” ervir.
Schliisslech ergräift den Daniel Reding d’Wuert fir eis Revendikatiounen a Saache Chargés-Formatioun duerzeleeën an iech ze soën, wat mer bis elo erreecht hunn a wat net acceptéiert gouf. Hie schwätzt och nach zu den Themen Klasseneffektiver, Kompensatioun, Oral, PISA an neit Discipline-Reglement, dat de MEN proposéiert.
Ech ginn also elo vir d’éischt d’Wuert un d’Lynn Lepasch.

... / ...

Léif Kolleginnen a Kollegen,
No deem, wat d’Lynn, stellvertriedend fir 230 Chargés d’éducation mat CDD gesot huet, sinn eis Kritikpunkten, déi mer e Freideg dem MEN virgeluegt hunn nëmme logesch:
  1. E groussen Deel vun der Formatioun läit an de Vakanzen
    Vill Chargéë sinn mat 24 Schoulstonne schon iwwerlaascht an et ass eng Zoumuddung, dass déi Formatioun och nach während de Weekender an an de Vakanze stattfënnt. Si hunn och Recht op Erhuelung vum dagdeegleche Stress ! D’Erklärung fir d’Weekend- a Vakanze-Coursen läit iwwregens doran, dass déi Deeler vun sougenannten auslänneschen Experten iwwerholl ginn, déi dofir de WE oder an de Vakanzen speziell fir deier Souen hei ageflunn ginn.
  2. Et ass am Reglement net viirgesinn, déi Formatioun kënnen ze redoubléieren; deemno riskéieren d’Chargés d’éducation, déi schonn 2 CDDën hunn, hir Aarbechtsplaz ze verléieren.
    Et gëtt wuel keng aner Situatioun, wou een en Examen net kann 2x maachen ! De MEN beschwichtegt, mais et ass eis onverständlech, wéi e Patron esou mat sengen Aarbechtskräften kann ëmgoën, op déi en opgrond vun enger falscher Astellungspolitik och nach ugewisen ass.
    Dat bréngen wuel nëmmen d’Bürokraten aus dem MEN fäerdeg !
  3. D’Formatioun gëtt parallell zum Concours de recrutement organiséiert.
    Duerch den Drock, hir Aarbechtsplaz ze verléieren, wa se déi Exame vun der Formatioun net packen, gesi sech vill Chargéë gezwongen, déi 2. Sessioun vum Concours de recrutement falen ze loossen fir wéinegstens d’nächst Joër nach eng Aarbechtsplaz ze hunn. MIr wëllen dem MEN näischt ënnerstellen, mais d’Chargés-Formatioun, esou wéi se elo ausgesäit, ass eng Formatioun géint de Concours ! De Ministère huet elo anscheinend d’Fuesvakanz degagéiert,
    mais och wa keng Coursen an der Fuesvakanz géinge stattfannen, wär de Problem net geléist: Duerch d’Course virun an no deem Congé an an de WE-er, hu vill Chargéen einfach keng Zäit rescht, sech gutt op de Concours ze präparéieren !
  4. Et si quasi keng Dispense virgesinn.
    Eisen Informatiounen no ass de MEN bis elo ganz spuersam mat Dispensen ëmgaang an eng ganz Rëtsch Chargéë mussen a Course goën, wou se d’Inhalter scho wëssen. D’Madame Minister kontestéiert dat.
  5. D’Evaluation durch den Direkter riskéiert subjektiv ze sinn.
    A virechte Chargés-Formatiounen hat de Chargé en “Accompagnateur”, eng Art Tuteur.
    Elo soll en ausschliisslech vum Direkter oder sengem Delegéierten kontrolléiert a bewäert ginn.
    Jidderee weess, dass d’Direktere schonn iwwerlaascht sinn an hinnen doduerch ganz wéineg Zäit bleift, fir eng uerdentlech Bewäertung duerchzezéien.
    Duerch hir Note kann de Chargé awer ausgeschloss ginn.
    De Flu vun de Critèren, déi am Reglement stinn, ass en anere Kritikpunkt.
  6. Dee sougenannten Dossier, deen d’Chargéë mussen ofginn, an deen och bewäert gëtt, bedeit zousätzlech Aarbecht.
    Deen Dossier steet am Reglement, mais en ass net am Gesetz viirgesinn.
    De MEN riskéiert hei nei Prozesser !

Mir si konfrontéiert mat engem Gesetz, wat eréischt am Juni d’lescht Joër gestëmmt gouf a mat engem Reglement, dat, ouni den Avis vu irgendengem ze froën – esouguer de Staatsrot gouf wéinst “urgence” iwwergaangen – de 15. Oktober, also nodeems d’Chargéen hir Kontrakter ënnerschriwwen haten, publizéiert gouf. An de Kontrakter steet allerdéngs de Verweis op d’Gesetz vum 29. Juni dran, soudass déi obligatoresch Formatioun – mat Ausnahm vu verschiddenen Examens-Modalitéiten (z.B. dem Rapport) juristesch schlecht ufechtbar ass. Iwwert d’Modalitéite vun der Formatioun, déi am Januar ugelaf ass, goufen d’Chargéen ereischt am Dezember informéiert.
Béid legislativ Texter sinn d’Endresultat vun enger katastrophaler Astellungspolitik, déi de MEN – net eréischt déi jetzeg Ministesch - zanter den 80er Joren praktizéiert, an dat op Käschte vun der Qualitéit vum Enseignement.
25 % vun de Course gi mëttlerweil vun Chargés de cours a Chargés d’éducation gehalen, déi keng pädagogesch Ausbildung hunn, déi manner verdingen an déi en infernale Aarbechtspensum musse bewältegen; si si virun allem bëlleg Aarbechtskräften.
Et ass dofir eng viirrangeg Aufgab vun de Gewerkschaften, Drock ze maachen fir aus deeër onméiglecher Situatioun eraus ze kommen an a Richtung ze goën vu qualifizéiertem a regulär nominéiertem Personal.
Dobäi spillt de Concours de recrutement eng entscheedent Roll: dee muss reforméiert ginn. Den SEW huet zanter Joren de MEN dozou gedrängt, ouni Erfolleg !
Zum Schluss vu menger Usprooch wëll ech nach zwee aner wichteg Theme kuerz sträifen: De Kompetenzunterrecht an d’Reform vun der Berufsausbildung.
Déi zwee Theme sinn nämlech grad esou den Ausdrock vun haselechen an ondurchduechte Reformen vum MEN ewéi d’Chargés-Formatioun.
Den SEW hat d’lescht Joer eng Konferenz iwwert de kompetenzorientéierten Unterrecht mat deem belsche Mathésprof Nico Hirtt organiséiert, déi ganz gutt besicht war.
De MEN wollt se awer net als Weiderbildung fir déi 350 Proffen a Schoulmeeschter unerkennen, déi do waren; déi Konferenz huet sech nämlech kritesch mat dem Thema ausenanergesat.
Eise Ministär wëll anscheinend, dass séng Enseignants nëmmen eng Klack héieren,
an zwar seng, déi de kompetenzorientéierten Unterrecht iwwer alles stellt.
Et muss een de Kompetenzunterrecht jo net konsequent oflehnen, mais et sollt een sech senge Grenze bewosst sinn !
  • Zum Beispill, dass en aus der Wirtschaft – ech soën OCDE - kënnt an dass déi Leit aner Objektiver verfollegen ewéi d’Schoul ;
  • Zum Beispill, dass en d’Aktioun regelrecht fetischiséiert an dass Aktivismus riskéiert dobäi erauszekommen amplaz Vermëttlung vu Wëssen ;
  • zum Beispill, dass d’Bewäertung vu Kompetenzen, a besonnesch vun iwwergräifende Kompetenzen immens schwéier ass, a riskéiert an d’Subjektivitéit ofzerëtschen, guer net ze schwätzen vun deem ganze Pobeierkrich, deen domat verbonnen ass – a vun deem d’Schoulmeeschteren an d’Léierinnen am Fondamental e Liddche kënne sangen !

De MEN lauschtert net op esou Awänn; déi Verantwortlech (oder soll ech soën déi Onverantwortlech) an eisem Ministère wëlle schnell an ondifferenzéiert de kompetenzorientéierten Unterrecht an alle Beräicher aféieren.
Si ginn flou Objektiver vir a loossen d’Enseignanten an den eenzelne Schoulen wurschtelen, sou dass mer herno esou vill Unterrechtsinhalter a Bewäertungsusätz hunn ewéi Schoulen.
D’Unitéit vun eisem Enseignement an d’Chancegläichheet ginn doduerch zerstéiert.
Esou kann dat net weidergoen a mir soen: STOP!
Mir fuerderen de MEN op, emol de Leit um Terrain nozelauschteren an en Zwëschebilan ze maachen, ier an déi do Richtung weidergesteiert gëtt !
D’Reform vum Berufsunterrecht ass en anert Beispill, wéi een et net soll maachen.
Dat neit Gesetz, dat – wéi kënnt et anescht sinn – op d’ Kompetenze schwiirt,
dat alles a Modulen zerspléckt an d’Ofschlossexamen op d’Mëscht wërft,
hat viirgesinn, dass scho bei der leschter Rentrée all Formatioune sollten prett sinn.
Well dat awer net de Fall war, konnte just 19 vun 118 Formatiounen – an dat ënnert zimmlech onméigleche Bedingungen - ulafen.
Déi aner 99 Formatiounen sollen dann déi nächst Rentrée ufänken.

Ech selwer hunn eng gewëssen Erfahrung, well ech matgeschafft hunn, vireg Formatiounen am EST ze gestalten.
Ech weess also, wat muss virleien, ier een ufänkt un d’Opstellen vun den Zieler an den Inhalter ze goen.
Dofir brauch een e Berufsprofil an en deementspriechend Ausbildungsprofil
an dann eréischt fängt een un, iwwert Zieler an Inhalter ze diskutéieren.
Ech muss soën, dass fir déi zwou Reform-Formatiounen, mat deenen ech als Prof ze dinn hunn, d’CNP déi 2 Dokumenter nach net krut, oschonn d’Kommissioun dat e puer Mol gefrot huet.
Amplaz dovun gouf eis virun 2 Wochen fir den DAP-Employé de Bureau zum Beispill e sougenannte Programm présentéiert, deen fir all Berufsfächer zesummen sech momentan op d’Formulatioun vun 8 Kompetenze reduzéiert – am Ganzen 10 Zeile laang.
Fir d’Technikerformatioun an deem Beräich läit e bëssche méi vir; ënnert anerem Kompetenze wéi di hei:
“ L’élève se comporte en bon collègue”, oder
“ Lors des directives de l’enseignant, l’élève est capable de garder le contact visuel.”
Ech si mer es jo bewosst, dass déi zwee zitéiert Comportementer wichteg sinn, mais dass dorauser Kompetenzen gemaach gëtt, weist, wuer mer hinsteieren !
Vu dass déi Formatiounen ufanks nächst Schouljoër sollen ulafen, kréie mer vum Präsident vun der CNP gesot – dee jo elo d’Meenung vum MEN ze vertrieden huet - mer sollten eis an Aarbechtsgruppe mellen fir bis d’Rentrée d’Programmer vun der 10e fäerdeg ze hunn.
Mir ernimmen dat alles hei op deser Plaz, well mer fäerten, dass aus politische Grënn Formatiounen, déi de Moment gutt funktionnéieren, duerch Formatiounen, déi nach an de Kannerschong stiechen, ersat ginn.
Et gëtt eis, eise Schüler an hiren Elteren virgegaukelt, dat wär e Fortschrëtt.
Mir soën, dat ass e Réckschrëtt: hei gëtt den Enseignement d’Baach of gekéiert !
Mir soën: STOP ! Keng Formatioun soll nei ufänken, wa se net prett ass !
D’Reform vun der Formation professionnelle ass en typescht Beispill dofir, wéi eise Ministère handelt: e fiert ouni op d’Awenn vun de Leit um Terrain ze lauschteren, mat der Dampwalz driwwer a steet zum Schluss virun engem Koup Schiirbelen !
Madame Minister, dir bedreiwt eng falsch Politik a mir soen iech hei massiv:
haalt op mat ärem blannen Aktivismus a lauschtert endlech op dat, wat d’Enseignants an hir Gewerkschaften iech ze soën hunn !
Kolleginnen a Kollegen, Merci dass dir mir nogelauschtert hutt; ech ginn elo d’Wuert weider un den Daniel Reding !