Question parlementaire Nº 2798 Cours organisé par le Centre de Langues de Mersch

04.09.2008

Här President,

Esou wéi d'Chambersreglement et virgesait, bleden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madame Unterrichtsminister weiderzeleeden:

"D'Beherrschung vu Friemsproochen ass ekonomesch a kulturell vu groussem Vîrdeel. Dës Iwerleeung huet sécher derzou gefouert, datt am Mierscher Raum eng Parti Leit sech an d'Engleschcoursen vum Centre de Langues - Annexe Miersch ageschriwwen hunn. Wéi aus engem Lieserbrélf (LW 3.9.2008) erflrgeet, soli et awer tir d'Schüler vum Cours 82.1 vum leschte Jar elo kee Suivi zu Mlersch ginn, deen zum Ofschloss an domatt zum Diplom 62 géif féiren. Déi Betraffen bekloen sech och driwer, datt si keng valaber Erklarung kréie konnten, wuerfir datt daat sou décidéiert glnn ass. Duerflr géif ech garen dës Froen un Iech riichten:

1. Wat sinn d'Uersaachen derfir, datt zu Miersch den Engleschcours nët bis un d'Enn ofgehale gëtt?

2. Waer et nët aus ekologeschen a reglonalpolitesche Grënn sënnvoll an noutwendeg, fir dës Couren och zu Mlersch komplett unzebidden?

4. Wéivill Persounen mussen ais Minimum un engem Cours interesséiert sInn, fir datt dëse Cours ofgehale gëtt?

5. Sidd Dir bereet, fir dél néideg Schrëtt ze ënnerhuelen, fir datt dee betreffende Problem geléist gëtt?"

Mat déiwem Respekt,

Roby Mehlen, Deputéierten




Antwert vun der Madame Mady Delvaux-Stehres, Ministerin vun der Éducatioun an der Beruffsbildung op d'parlamentaresch Ufro 2798 vum HarDeputéierten Roby Mehlen:

1) D'Offer vun de Coursen vum Centre de langues baséiert um europaeschem Referenzkader fir d'Sproochen. D'Niveaue gi vum A 1, dem Ufanger, bis zum C2, dem héchsten Niveau, deem vum Akademiker deen a sengem Fachgebitt an enger Friemsprooch schafft. Fakt ass, datt beim Centre de langues am Engleschen, kaum Nofro ass no esou engem héijen Niveau, sou datt de CLL keng Klassen op deem Niveau ubitt, weder an der Stad nach zu Miersch.

Doriwwer eraus ass et esou, datt d'Offer u Coursen esou opgebaut gëtt, datt se engem Maximum vun Interessente gerecht gëtt, an déi gréissten Nofre ass nun eemol fir déi ënnescht Niveauen.

2) Et ass pedagogesch net sënnvoll, e Cours unzebidden an deem nëmmen e Grapp voll Leit ageschriwwe sinn a wou een och aus Erfahrung weess, datt am Laf vum Joer keng Leit derbi:ii kommen. De Géigendeel ass éischter de Fall, datt Leit am Laf vum Joer ophalen, aus wat fir Grënn och ëmmer.

3) Fir en allgemenge Sproochecours solle 15 Persounen ageschriwwe sinn, fir méi e spezifesche Cours 12 Persounen. Trotz villen Efforte fir d'Offer vu Miersch bekannt ze man, happert et awer mat den Aschreiwungen, besonnesch bai den Net-Ufanger, sou datt déi Virschrëften zu Miersch net kënnen applizéiert ginn.

4) D'Offer zu Miersch kann ni déi selwecht gi wéi an der Stad.

Engersaits ass d'Nofro eng ganz aner, si beschrankt sech haaptsachlech op Ufangerklassen an déi ënnescht Niveauen.

D'Aschreiwungen op den Datum vum 22. September 2008, weisen och datt d'Englesch manner gefrot ass (60 Kandidaten), géint 128 fir d'Lëtzebuergesch an 155 fir d'Franzéisch.

Anerersaits huet de CLL - Miersch och nëmme 5 Klassesall, wouvun der 4 zimlech kleng si fir en handlungsorientéierten Unterrécht.

Doriwwer eraus, a fir den allgemenge Besoinen nozekommen, huet de CLL - Miersch dësen Hierscht seng Offer u Lëtzebuergeschcourse staark vergréissert, vu 7 Coursen am September 2007, op 12 Coursen fir dës Rentrée.

Mady Delvaux-Stehres

Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle