Ried vum Guy Foetz, Vize-President vum SEW/OGBL

03.06.2012

Kolleginnen a Kollegen,

Mir hunn ufanks der Woch en éischten Erfolleg verbucht, deen natierlech eiser Eenegkeet an eiser massiver Mobiliséierung zouzeschreiwen ass:
d’Madame Delvaux huet hire Projet iwwert d’Reform vum Lycée ajournéiert.

Dee Succès freet eis, mä mir sinn eis och bewosst, dass domat dee Projet mat sengen extrem kontestéierten Punkten net vum Dësch ass!

D’Mise à plat, déi mer weiderhin fuerderen, beinhalt, dass mer iwwert alles kënne schwetzen; och iwwert d’Richtung vun deeër Reform, soss si mer an engem Joer kee Schrack viru komm!

Mir loossen eis also an deenen nächsten 12 Méint net virschreiwen, wéi eng Virschléi a Fro kommen a wéi eng net!

An deene leschte Méint gouf aus alle méiglechen Kanounen op eis geschoss.

Et gouf eis virgeworf, mir wäre géint all Reform, mir hätten en alt Weltbild an eng falsch Qualifikatioun, d’Interesse vun de Kanner a vun de Jugendlecher wären eis egal, mir géingen d’Aarbecht fäerten, mir géingen d’Kënne géint d’Wëssen ausspillen, mir wieren blann a daf fir d’Verännerungen an der lëtzebuerger Gesellschaft, mir hätten Angscht virum Changement a mir wéilten eis vu kengem Dokter hëllefe loossen. Un all déi rose Kanonéier schécke mir, déi haut zu 6.000 hei versammelt sinn, 3 Messagen:
  1. Mir si frou mat eiser Aarbecht, déi mer all Dag um Terrain maachen, a mir loossen eis net vun iech duerch den Dreck zéien!
  2. Mir wësse besser ewéi all Guru, wat an der Schoul leeft a mir loossen eis net en X fir en U virmaachen!
  3. Wa mir dës Reform vum Secondaire ofleenen, da well se déi humanistesch Ziler vun der Schoul verännere wëllt, a well se dobäi och nach grotteschlecht duerchduecht ass!


Dës Kéier ass d’Madame Minister mat hirem Schäindialog net duerchkomm!

Mir hunn d’Spill duerchkuckt, mat deem de MEN ëmmer genau dat duerchgesat huet, wat e wollt, ouni op eis ze lauschteren.

Ganz besonnesch d’Reform vun der Beruffsausbildung, déi mat der Dampwalz géint eis fundéiert Awänn duerchgezu gouf, huet d’Vertrauensbasis tëscht eis an eisem Ministère zerstéiert!

Hei gouf eng joerzéngtelaang Opbauaarbecht der Ideologie vum Kompetenzunterrecht geaffert a mir stinn haut virun engem Koup Schierbelen.

D’Problemer vun deeër Reform gëtt d’Madame Delvaux mëttlerweil selwer zou.

Um Rand bemierkt: Et ass e schlechte Witz, dass den Direkter vun der Chambre de Commerce, deen un den Hiewele vun der Professionnel-Reform souz, elo um Site “reformlycee.lu” fir d’ Secondaire-Reform Reklamm mécht!

An dat, andeems e schreift, d’Reform vun der Formation professionnelle wär “ actuellement mise en oeuvre avec succès“. Lieft dee Mann um Mound?
Kolleginnen a Kollegen,

Wa mir an deenen nächsten 12 Méint weider iwwert d’Reform vum Secondaire diskutéieren an eis Virschléi abréngen, dann hätte mer awer och gären Äntwerten op wichteg Froen, nämlech :
  • wat sinn déi 2 Reforme wäert, déi am Fondamental an am Professionnel gemaach goufen?
  • wat ass d’Plus-value vun deem, wat de Ministère an der Lycées-Reform proposéiert?


Kolleginnen a Kollegen,

Nieft der Lycées-Reform an de Problemer am Fondamental an am Professionnel ass en aneren Deel vun eiser grousser Mobiliséierung der geplangter Reform vun der Fonction publique zouzeschreiwen.

Et gouf eis virgeworf, mir géingen hei 2 Projet-en matenee verbannen, déi näischt mateneen ze dinn hätten. Ech froen:

Hu mir déi 2 Reforme gläichzäiteg lancéiert?
Hu mir dofir gesuergt, dass se allen zwou déi selwecht Prinzipien a Methoden enthalen :

  • dass z.B. de Plan de développement scolaire vun der Madame Delvaux der Gestion par objectifs vum Här Biltgen entsprécht?
  • dass z. B. d’Kompetenzen an d’Evaluationitis, déi domat verbonnen ass, an deenen 2 Texter omnipräsent sinn?


Mir wëssen: Dat ass natierlech keen Zoufall, well déi 2 Projeten vun der OECD hiren neoliberalen Iddien wesentlech inspiréiert goufen:
  • Et geet drëms, privatwirtschaftlech Prinzipien an d’Schoul eran ze bréngen;
    d’Schoulen a Konkurrenz ze setzen an d’Schüler an d’Enseignants nei ze formatéieren.
  • Dem Här Biltgen seng Reform wëllt Schoulmeeschteren a Proffen, déi no der Päif vun deenen Mächtegen danzen. D’Mëttelen dofir heeschen “perséinlech Bewäertung“ a “Hierarchiséierung vun eise Carrièren”.

Mir soen NEEN dozou!

Mir sinn Enseignanten, déi denken a sech bewosst sinn, wat do op si an op déi ëffentlech Schoul zoukënnt!

Mir wëllen och weiderhin eis Schülerinnen a Schüler zu mënnege Bierger ausbilden a se op Diplomer virbereeden, déi eppes wäert sinn!

Mir sinn Enseignanten, déi dofir antrieden, dass mer och weiderhin eis Meenung kënne soen a mir wëllen eise Schülerinnen a Schüler an deem Sënn Virbiller sinn.

Mir fuerderen dofir den Här Biltgen an d’Madame Delvaux op:

verschount déi lëtzebuerger Schoul mam New Public Management!

A mir soe speziell dem Här Biltgen, deen am Géigesaz zu der Madame Delvaux nach net bougéiert huet:

Halt op, eis fir domm ze verkafen! Mir loossen dat net zou!

Kolleginnen a Kollegen, mir soen iech Merci fir äert Engagement!

Sidd weider prett!