Nei bilans intermédiaires am Fondamental

05.06.2014

Nei bilans intermédiaires am Fondamental


De MENJE huet den 2. Juni 2014 d’Resultater vu senger Enquête iwwert de neie proposéierte Modell vun de bilans intermédiaires am Fondamental publizéiert.Dee groussen Taux de réponses aus den Equipes pédagogiques weist nach eng Kéier wéi wichteg a wéi dréngend de Sujet vun der Evaluatioun nach ëmmer ass, a wéi gewëssenhaft sech d’Enseignant(e)n domat ausernee setzen.

Déi nei Bilane baséieren sech zu engem groussen Deel op dee Modell, deen d‘Gewerkschaften zesumme matt den Enseignante scho viru Joere virgeschloen haten.

De MENJE huet insistéiert, datt och d’Progressioun vum Kand, wéi d’Gesetz et virgesäit, dokumentéiert gëtt. D’Progressioun no niveaux de compétences ass an dësem Modell net méi virgesinn.

Ronn 90% vun den Equipes pédagogiques aus de Cycle 2 bis 4 ënnerstëtzen de Prinzip vun dem neie Modell. Vill Schoulen hunn zousätzlech Propose
gemaach fir de Modell ze verbesseren. Di meescht vun deene Verbesserungen haten d’Gewerkschaften och schonns am Aarbechtsgrupp vum MENJE gemaach.
Dee groussen Zousproch fir dee proposéierte Bilan-Modell, wéi och d’Propositiounen aus de Schoulen, entspriechen dem, wat an der Réunioun vum 29. Abrëll 2014 zu Bartreng an Atert matt allen Enseignanten diskutéiert gouf.

Eng Rei vun de Commentaire vun den Equipes pédagogiques sinn dorobber zeréck ze féieren, datt de MENJE déi nei Bilanen ouni weider Explikatiounen an d’Schoulen erausgeschéckt hat. Dat huet eng Rei Froen opgeworf, notamment wat d’Commentairen um Bilan an d’Bedeitung vun de Feiler bei der Dokumentatioun vun der Progressioun ubelaangt.

D’Basis vun de neie Bilanen ass en neien adaptéierte plan d’études, dee net nëmmen d’Kompetenzen, mee virun allem och d’Connaissancen definéiert, déi an all Cycle mussen erreecht ginn. Dëse plan d‘études muss am Laf vum nächste Schouljoer an Zesummenaarbecht mat all de schouleschen Akteuren ausgeschafft ginn.

Hei eng Rei vu Suggestiounen, déi den SEW/OGBL ënnerstëtzt:
  • D’Commentairen zu de Fächer musse fakultativ bleiwen an dat muss och kloer sinn. D’Plaz, déi dofir virgesinn ass, muss deementspriechend
    adaptéiert ginn.
  • D’compétences transversales sinn net kloer. Et wier eng Méiglechkeet fir d’compétences transversales vun dem aktuellem Bilan zu iwwerhuelen.
  • Den SEW/OGBL ass net zefridde matt der Duerstellung vun der Progressioun vum Kand a Form vu Feiler. Wann d’Progressioun ënnert dëser
    Form muss bäibehale ginn, da muss kloer an transparent si wat déi eenzel Feiler bedeiten.
  • eng Progressioun déi op de niveau socle higeet ;
  • eng Progressioun, déi iwwert de niveau socle eraus geet ;
  • keng, respektiv eng ze lues Progressioun, de Risiko besteet, datt d’Ziler vum Socle net erreecht ginn.
  • Et muss och fir d’Eltere kloer sinn, wat de niveau socle bedeit, besonnesch am Kontext vun der Orientatioun am Cycle 4.2.
  • Verschidde Fächer mussen erëm an der Bewäertung opgespléckt ginn.


Vill Schoulen hu verlaangt, datt d’attitude au travail soll an de Bilanen notéiert ginn. Den SEW/OGBL ënnerstëtzt de Fait, datt de Leeschtungsgedanken an der Schoul soll erëm méi an de Virgrond gestallt ginn.

Den Terme „attitude“ ass awer problematesch. Et dierf op kee Fall eng Astellung bewäert ginn.

Den SEW/OGBl proposéiert duerfir fir erëm den Ausdrock vun der „application“ ze benotzen. Et muss trotzdem sécher gestallt ginn, datt d’Bewäertung vun der application eng Informatioun fir d’Elteren an de Schüler bleift a net an der Certificatioun e Nodeel vum Kand bedeite kann.

Den SEW/OGBL verlaangt, datt déi néideg Adaptatiounen a engem kuerzen Delai virgeholl ginn, fir datt d’Bilane fir eng Testphase fir d’Rentrée 2014/2015 prett sinn. All Schoule sollen, wann si dorunner interesséiert sinn déi nei Bilane kënnen aféieren a testen. Et ass net néideg, hinnen dofir e Beroder oder Kontrolleur zur Säit ze stellen. Et geet duer wa vun den Titulairen e Feedback kënnt.