Question parlementaire Nº 2735 Interdiction du téléphone portable à l'école
01.08.2008
Här President,
Sou wél d'Chamberreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d'Madame Educatiounsminister weiderzeleeden: "Aus dem leschte Gemengerotsbericht vun der Gemeng Lëntgen war gewuer ze ginn, datt de Gemengerot eestëmmeg op Demande vum Léierpersonal décidéiert hatt, datt Kanner hiren Handy weder an der Schoul nach um Schoulhaff benotzen di:lerfen. Och
a Schoulen am Ausland existéiert sou e Verbuet, haaptsachlech, weil de mannegfaltege Gebrauch vun deenen Apparaten den Unterricht stélert. Dat félert mech derzou, fir dës Froen un Iech ze riichten: 1. Wéi ass d'Meenung vum Unterrlchtsministère zu sou engem Verbuet?
2. Misst de Gebrauch vun den Handyen an ahnlechem Geschiir an der Schoul nët landeswalt eenheetlech reglementélert ginn?
3. 5idd Dir eventuell bereet, fir eng Initiative an deem Sënn ze huelen?"
Mat déiwem Respekt,
Roby Mehlen, Deputéierten
Antwert vun der Madame Mady Delvaux-Stehres, Ministerin vun der Éducatioun an der Beruffsbildung opd'parlamentaresch Ufro W 2735 vum Har Deputéierten Roby Mehlen:
Ech gin dem Har Deputéierten Roby Mehlen Recht datt Benotzung vun dem Handy an der Schoul den Unterrecht stéiert an och op Grond vun der Entwécklung vun den Funktionalitéiten vun desen Apparaten allgemeng eng Gefor duerstellt.
Et as och richtech datt ons Gemengen des Problématik ënerschiddlech handhaben. Den Gesetzesprojet iwer den enseignement fondamental geseit am Artikel 49 en groussherzoglecht Reglement vir daat, genausou wi bei onse Lycéen, bestemten Verhalensweisen an Regelen fixéiere 5011 di fir ail Schoulen am Land gëltech sinn.
Ech hun kierzlech dese Projet vun engem groussherzogleche Reglement, wi d'ailleurs och anerer di am Gesetzesentworf virgesi sinn, der zoustaennecher Kommissioun virgeluecht. Doranner as ausdrëcklech virgesinn datt eis Kanner keen Handy an der Schoul wi och am Schoulhaff benotzen daerfen.
Mady Delvaux-Stehres
Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle