Lycée Technique d'Ettelbruck (Jean-Pierre Koepp: 16.1.2006) (Q/R)

16.01.2006

Esou wéi den Artikcl 75 vum Chambersreglement et virgesät, bieden ech Iech, dës parlameutaresch Ufro un d'Mme Unterechtsministesch an den Här Bauteminister weiderzeleeden:

De Lycée Technique vun Ettelbréck ass schonns joerelaang iwwerbeluecht an d'Regierung sicht ewell zënter 10 Joer no enger Léisung. Klasse vum "Régime préparatoire" hu missen a Containeren installéiert gin zu Ettelbréck resp. zu Dikrech.

An dësem Kontext hätt ech folgcnd Froen un d'Ministeren:

1.)Wéiwäit ass dësen Dossier vum Ausbau bis elo fortgeschratt?
2) Ass de viséierte Standuert zu Angelduerf nach ëmmer aktell a wéiwäit sinn hei d'Verhandlunge mat de Propriétaire oder huet d'Regierung sech no engem anere Standuert ëmgesinn?
3) Ass d'Regierung bereet fir an nächster Zukunft ganz konkret Schrëtt ze ënnerhuele fir deenen onhaltbaren Zoustänn am Ettelbréckcr Lycée een Enn ze machen?
Wajo: wéi gesäit dëst konkret aus?
Wa nee wat sinn déi genee Grënn fir dës Entscheedumg?

Mat déiwem Respekt,

Jemp Koepp
Deputéierten



Réponse commune de la Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle et de Monsieur le Ministre des Travaux Publics à la question parlementaire N° 847 de Monsieur le Député Jemp Koepp:

1. De Konstruktiounsplang vum Lycée läit vir an ass um Instanzewee.
2. Angelduerf ass ee vun deene méiglechen Standuerter an d'Verhandlungen mat de Propriétairen fir de Kaf vun Terrainen sinn amgaangen.
3. D'Optiounen déi d'Regierung wärt huelen, hänken vun den Acquisitiounen vu gëeegneten Terrainen of.


Mady Delvaux-Stehres
Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle