D’neit Schoulgesetz, vun ënne gesinn (Gilbert Franzen) Journal 1/2010)

07.02.2010

D’neit Schoulgesetz, vun ënne gesinn


« Net géint oder ouni d’neit Schoulgesetz, mä trotz dem neie Schoulgesetz nach gutt Schoul hale kënnen. »



Also: Krich dem onnéidege Pabeierkrich, deen als Basis déi nei medial Machbarkeet huet, als Funktionäre Leit, déi wäit ewech vun dem aktuellen, dagdeegleche Schoulbetrib sinn, an als Resultat e Klima vu Mësstrauen, dat leschten Enns zur Demotivatioun vun dem Léierpersonal féiert, an den eigentlechen Asaz zugonschte vun de Kanner aschränkt. Elo gëtt et fein a fläisseg Kollegen, déi dat nach net esou gesinn an an deem Hamsterrad viru lafen, an der Hoffnung, alles iergendwéi op d’Rei ze kréien. Mä d’Multiplikatioun vun der Bürokratie ass de Moment net ze stoppen a bis elo ass keen Enn a Siicht. Am Géigendeel, et kënnt nach Munneches no, wat eise schéine Beruff ëmfunktionéiert, funktionaliséiert a bürokratiséiert, a schliisslech, ouni de geréngste Gewënn fir d’Kanner, d’Léierinnen an d’Schoulmeeschteren ausbrennt.

An enger méi wäiter Optik musse mer bedenken:




  1. VERTRAUEN !

    Awéiwäit ass déi iwwerméisseg kontrolléiert an dokumentéiert Evaluatiounsgeschicht just eng Saach vu Mangel u Vertrauen an d’qualifizéiert Léierpersonal.

  2. KANNER !

    Wéi passen déi Parzelliséierungen, Quantifizéierungen, Spézifikatioune vun alle méigleche Léierinhalter mat de Kanner zesummen. Kann een d’Kanner esou ausernee plécken, wéi dat de Moment gemaach gëtt?

    Getest, evaluéiert, aklasséiert, vum Précoce un. Ass dat net méi nohalteg destruktiv wéi eng Dräi an engem Fach, déi een all Moment ka verbesseren? Dat wëll net soen, dass mir keng nei Bewäertunge brauchen oder wëllen, mä déi musse besser si wéi de Punktesystem an net an en Dschungel vun Testerei an Dokumentéiererei féieren, déi nëmme gutt ass fir an iergendengem Ministère Excel- Tabellen ze fëllen, déi dann duerch e Mausklick an déck Bicher iwwer landeswäit Testresultater verwandelt ginn. Dës Testresultater hunn eppes Absolutes, Irremediables an iergendwéi Destruktives, well se vermëttelen e Schäi vu Precisioun, deen et a Wierklechkeet net gëtt. Wann eppes Neits als Bewäertung, wann eng formativ Evaluatioun, dann net mat esou engem System, dee klasséiert mat engem zu Onrecht zougestanenen Usproch op Zouverlässegkeet an absolutt Korrektheet.

  3. LÉIERPERSOUNEN !

    Den drëtten net z’iwwerséiende Punkt ass d’psychologesch an deontologesch Situatioun vun der Léierpersoun. De Schoulmeeschteschberuff ass e kreative Beruff, well all Léierpersoun muss sech selwer fannen an erfannen als Léierin, als Schoulmeeschter. Keen ass do wéi deen aneren, well jidderee seng ganz besonnesch Stukturen als Personalitéit, als Mënsch huet. Fréier gouf emol dovu geschwat, dass de Léierberuff eng Vocatioun ass, eng Beruffung. Wéi all déi Beruffer, déi direkt mat Mënschen ze dinn hunn.

    Dat ass awer deen Deel vun dem Beruff, deen net mat Geld ze bezuelen ass. Deen individuellen Asaz als Mënsch, deen eppes mat mënschlecher Solidaritéit ze dinn huet, ka kee Ministère remuneréieren. A grad dee soll elo duerch eng schwéier Laascht vu Bürokratie ersat ginn, déi vläicht esouguer am Sënn huet, deen Idealismus ze erzwéngen? Esou funktionéieren d’Mënschen awer net.

    Alles wat de Staat, de Ministère, d’Ausbildungplaz Unilux, d’Bürokratie kann, ass Leit gutt an zouverlässeg ausbilden, hinnen dann am Beruff d’Entfaltungsméiglechkeeten offréieren, déi si hire Wee als Pädagoge fanne léisst, idealistesch a mënschlech Initiativen encouragéieren an an engem gesonde Mooss dokumentéieren, mat engem groussen Deel vu Vertrauen an déi Leit, déi dofir ausgebilt gi sinn, fir de Kanner an dëser Zäit dat mat ze ginn, wat se brauche wäerten.

    D’Zäite si schwéier genuch an duerfir musse mir der nächster Generatioun déi beschtméiglech Startpositioune ginn, fir d’Zukunft ze meeschteren. D’Ausféierung vun der Schoulreform ass de Moment amgaang, all gutt Usätz ze erstécken duerch eng chronesch Iwwerbelaaschtung vun deem Léierpersonal, dat schonn déi gréisste Verantwortung a Laascht dréit.

  4. E puer Vergläicher vu Grondsätz an Ausféierungsrealitéit, déi d’Inkohärenzen an der allgemenger Schoulsituatioun nom neie Schoulgesetz opweisen:


    1. Mir wëllen a sollen d’Kanner net méi matenee vergläichen! ----- Dergéint teste mir se elo vum Précoce un a vergläichen se schrëftlech an Tabelle bis an de klengsten Detail (Kanner sinn esou verschidden an hirer Entwécklung, dass dat einfach net richteg ka sinn!).
    2. Mir wëllen hinnen net soen, si hätte gutt, ganz gutt, zefriddestellend oder ongenügend geschafft! ----- Duerfir konfrontéiere mir si an hir Eltere mat oniwwersiichtleche Bewäertungen, Resultater vun Tester, déi keng Motivatioun förderen.
    3. Mir wëlle keen Drock méi an der Schoul ----- Mir maachen Drock op d’Léierpersounen, dee sech op d’Kanner iwwerdréit, Drock op d’Kanner vum Précoce un, Drock op d’Elteren, deenen hir Kanner aus der Rumm falen.
    4. Mir wëllen eng méi mënschlech Schoul - ---- Mir verbreeden en onmënschleche Koup vu Pabeieren, Grillen, Tabellen, Auswäertungen, Dokumenter, Versammlungen, Gespréicher, Rapporten, an et bleift keng Zäit méi fir Liewen a Kreativitéit. Aus mënschlechen Enseignante gëtt eppes gemaach, wat Politiker a Bürokrate gläicht. Dat war awer net dee Beruff, deen d’Enseignante gewielt haten.
    5. Mir wëllen d’pädagogesch Fräiheet vum Léierpersonal vergréisseren, si fir global Fërderung vun de Kanner ----- Mir kontrolléieren nach vill méi genee wéi je virdrun ob all Kompetenz erreecht, dokumentéiert, de Wee dohi beschriwwen a justifiéiert ass, ob all eenzele Schrëtt gewëssenhaft ausgeféiert ginn ass.
    6. De Programmdrock soll manner ginn ----- ass awer ëmgewandelt ginn, duerch Socles de compétences ersat ginn, den Drock ass net manner, mä méi ginn. Dat läit net onbedéngt un der Kompetenzopfaassung, mä un der Aart a Weis vun der Duerchféierung vun där Reform.
    7. Mir wëllen, dass d’Kanner fräi, mündeg, opgekläert, a couragéiert Bierger ginn ----- Mir maache se zu klengen, an engem nationale Bewäertungsnetz gefaangenen, onmündegen an duckmäuseresche Bierger, déi alles schéi maachen, dat se vun uewen erof gesot kréien, ob et Sënn mécht oder net.
      Esou wéi d’Léierpersonal hinnen et virlieft am Stress an an der bestännecher Angscht eppes falsch ze man, an ënnert der bestännecher Kontroll vun uewen. Sinn dat déi Leit, déi an der Welt vu muer am beschte bestoe kënnen? h. D’Léierpersonal soll méi Fräiheet an der Wiel vu senge Mëttelen hunn ----- An der Realitéit awer bleift weder Geld fir anert Material wéi dat offiziellt, nach erlaabt d’Kontroll extra Weeër.
    8. Mir wëllen, dass d’Kanner fir d’éischt wëssen, da kënnen, da wëllen ----- Pädagogik awer ass d’Konscht vun der Motivatioun, vum Wëllen. Eréischt wann e Kand wëllt, ass et prett fir eppes opzehuelen. Dat ass de Pädagogen hir Spezialitéit a soll se sinn. Mä wéi an deem administrativen Netz ?
    9. Mir wëllen, dass d’Kanner am Vertrauen opwuessen an dass si bestänneg d’Gefill hunn, d’Léierpersonal géif hinnen all Guddes zoutrauen ----- Hir Léierpersounen awer mussen an engem bestänneche Gefill hir Aarbecht maachen, dass hinnen net getraut gëtt, dass vun uewen erof hinnen nëmme Schlechtes zougetraut gëtt, dass hir Ausbildung si zu Lidderhanessen an Näischkënnerte gemaach hutt, déi och nach ze vill verdéngen.
      Aarbecht net.


  5. DE LÉIERBERUFF


    Mat Bléck an d’Zukunft muss awer dem Léierinnen- a Schoulmeeschteschberuff d’Méiglechkeet gelooss ginn, dovun ze liewen, ouni dass déi Leit, déi en ausféieren, dorun ausbrennen, an z.B. sech kaum méi traue kënnen a voller Responsabilitéit eng Famill ze grënnen, well weder Zäit nach Energie dofir bleift.

    D’Argument, esou wär et jo schonn am private Secteur op ville Plazen, ass ganz sécher net uwennbar, et sief dann, mir wëllen esou eng Atmosphär schonn esou fréi wéi méiglech an eise Schoulen, wou eis kleng Leit sollen an d’Liewen era fannen, fir dass se gutt haart ginn. Domat géife mir jo soen, et wir gutt, wéi et haut an der Gesellschaft ass. Am Géigendeel: Eis Kanner hunn nach e Recht op Dreemen, glécklech sinn am Alldag, Zesummesi mat equilibréierten a motivéierte Léierpersounen, esou laang se kleng sinn!

  6. D’KLIMA VUM VERTRAUEN ERËM HIERSTELLEN


    Also: D’Schoulgesetz ass do, et ass net alles schlecht drun, mee et ass de Moment, fir ze kucken, dass d’Duerchféierung vun deem Gesetz an der Praxis net de mënschleche Facteur erstéckt a genee de Géigendeel vun deem erreecht, wat eigentlech an den Absichtserklärunge vum Gesetz steet.

    Liicht, Loft a Sonn muss an eiser Schoul bleiwen, fir jiddwereen, soss geet et sécher net an déi richteg Richtung. Aus dem Vertrauen an d’Schoul, an eis Missioun, an d’Kanner, an d’Léierpersonal, an all déi déi eis erzéien, kënnt d’Motivatioun, de Wëllen, eis fir eng liewenswäert Roll an eiser Gesellschaft anzesetzen, mat ze maachen, eis ze entwéckelen, e positive Bäitrag ze leeschten, jo, ze léieren an eis an alle Beräicher ze verbesseren; se kënnt net aus dem Drock an aus dem Zwang oder der Kontroll ! Lëtzebuerg, de 26. Januar 2010



Gilbert Franzen, Schoulmeeschter zu Zéisseng:

“Eisen ass ee vun de schéinste Beruffer, mä e soll et och bleiwen, zum Beschte fir eist Land!”