Reform vun der Fonction publique an Emsetzung vun de Schoulreformen

18.04.2013

Här Biltgen, Madame Delvaux, net mat eis!




Reform vun der Fonction publique an Emsetzung vun de Schoulreformen


Här Biltgen, Madame Delvaux, net mat eis!



4.500 Ënnerschrëfte vum Manifest géint d’Prinzipie vun der Reform vun der Fonction publique am Enseignement!
Méi wéi 6.000 Enseignanten aus dem Fondamental an dem Secondaire op der grousser Manifestatioun vum 22. Mäerz 2012!

SEW an APESS ruffen all d’Enseignanten op, sech géint d’Aféierung vu folgende Prinzipien am Secteur vum Enseignement ze wieren:
  • d’”Gestion par objectifs”
  • d’Aféierung vu “postes à responsabilités particulières”
  • déi proposéiert individuell Evaluatioun vun den Enseignanten
  • eng Verschlechterung vun de Paien am Stage


Loosse mer eis zesumme wieren!
Et ass nach net ze spéit!



Viru méi ewéi engem Joer kruten den SEW an d’APESS en Optrag vun 4.500 Enseignanten, déi ufanks 2012 de Manifest ënnerschriwwen hunn, a vu 6.000 Enseignanten, déi den 22. Mäerz 2012 an de Stroosse vun der Stad Lëtzebuerg demonstréiert hunn. Deen Optrag huet geheescht:

Setzt iech an géint d’Gestion par objectifs, déi zum Ranking vun de Schoule féiert, géint d’Hierarchiséierung an d’Devaloriséierung vun eise Carrièren, géint d’Bewäertung vun den Enseignanten a géint Stages “au rabais” vun eisen zukünftege Kolleginnen a Kollegen!

Deen Optrag hu mir ausgefouert a mir sinn zanter Abrëll 2012 duerch sämtlech Instanze vu Conciliatioun a Mediatioun gaang. Mir hunn direkt Verhandlungen mam Minister Biltgen gefrot an eng Negociatioun mat der Madame Delvaux refuséiert, well mer der Iwwerzeegung sinn, dass e puer wichteg Prinzipien vun dem allge-mengen Reformprojet an der Fonction publique net op den Enseignement applizéiert kënne ginn a se dofir mussen ausgeklamert ginn. Dozou gehéiert besonnesch d’Gestion par objectifs, d’Hierarchiséierung vun eiser Carrière an d’Appreciatioun vum Enseignant.



Am Februar hu mir virum Mediateur Recht kritt, dass mir representativ am Enseignement sinn an dass eise Litige recevabel ass.

Mir haten op Recommandatioun vum Mediateur den 12. Mäerz nach e Gespréich mat der Madame Delvaux a mir sinn do an eiser Meenung bestätegt ginn, dass et net ëm d’Wuel vum Enseignement geet, mä just ëm e Gläichzéien mat deenen anere Verwaltungen, an zwar op der Basis vu Prinzipien, déi an dem neoliberale Gedankekodex vun OECD a Konsorten hir Wuerzelen hunn an europawäit sollen agefouert gin.


Op eis Awänn, dass dëst oder dat sech net fir den Enseignement eegent an op eis Fuerderung, déi Prinzipie fir den Enseignement net ze applizéieren, krute mer vun der Madame Delvaux op en Neits gesot, dat misst elo gemaach ginn, well et och an deenen anere Verwaltunge soll gemaach ginn.

Dem Gesetz no kënne mir Enseignanten der Regierung elo iwwert e legale Streik weisen, dass mir net domat d’accord sinn, déi ernimmte Prinzipien vun der geplangter Fonction publique-Reform op den Enseignement unzewennen.

Elo goufe virun e puer Wochen zwee Accorden iwwert d’Ëmsetzung vun der Reform vun der Fonction publique am Secteur vum Enseignement mat der Regierung ënnerschriwwen – ee fir den Enseignement fondamental an ee fir den Enseignement secondaire et secondaire technique.
Mir hunn déi zwee Accorden analyséiert a wëllen iech hei eis wichtegst Iwwerleeungen dozou presentéieren !


1. Deenen zwee Accorde no soll d’”Gestion par objectifs” am Enseignement applizéiert ginn.


Mir kréie gesot, dass se an der Envergure reduzéiert gëtt, an dass déi sougenannt alljährlech “Mataarbechtergespréicher” fir d’Bewäertung vum Enseignant vum Dësch sinn. Mir wëssen, dass déi Gespréicher aus Zäitgrënn an de Schoulen souwisou technesch net ze realiséiere wären.

Mir gesinn dogéint awer, dass d’Uwennung vun der “Gestion par objectifs” elo soll institutionaliséiert ginn.

D’Verbindung tëschent dem Fonction publique-Gesetzprojet an der Reform vum Fondamental a vum Lycée kënnt hei kloer zum Virschäin!
Am Fondamental hu mer schonn de “Plan de réussite scolaire” (PRS). Dat soll elo och am Secondaire agefouert ginn, iwwert d’Opstelle vun engem “Plan de développement scolaire” an d’Funktionéiere vun enger “Cellule de développement scolaire“.

Déi Cellule gëtt vum Direkter zesummegesat, a mir gesinn, wéi dat an eenzelne Lycéeë praktizéiert gëtt: Déi gewielte Vertrieder vum Proffecomité sinn do d’Ausnahm a si hunn héchstens eng Alibifunktioun! An der CDS gëtt villes an d’Weeër geleet, wourop och eng Conférence plénière kee groussen Afloss wäert hunn, ausser si géif permanent zesumme kommen.


D’Léierinnen an d’Schoulmeeschteren aus dem Fondamental kënnen e Liddchen dovu päife, wéi hir Energie mat dem PRS mëssbraucht gëtt! PRS a PDS si bürokratesch Monster, déi d’”Gestion par objectifs” ënnermauere sollen; si léisen déi sozial a pädagogesch Problemer net a belaaschten eis mat onnéidegem Bürokratismus.

A genau dee bürokrateschen Onsënn soll elo och am ES an am EST agefouert ginn, obwuel 90 % vun de Kolleginnen a Kollegen aus dem Secondaire an dem Secondaire technique an der Ëmfro vun der DNL sech dogéint ausgeschwat hunn!

Dat ass net akzeptabel!


D’”Agence qualité”, déi bei der Opstellung vum “Plan de développement scolaire” an dem “Plan de réussite scolaire” soll behëlleflech sinn, besteet schonn an engem Gesetz. Si sammelt an interpretéiert statistescht Material a berechent e sougenannte “Coefficient social” fir all Schoulen a Lycéeën. Vun deem gëtt ausgaange fir d’”Leeschtung” vun der jeeweileger Schoul berechnen a vergläichen ze kënnen an dorops hin Propositiounen ze maachen.


Loosse mer eis net täuschen: Och wann an deenen neien Accorde steet, déi Zuelen a Berechnunge géingen net benotzt gi fir e “Ranking national” opzestellen, riskéiert dat fréier oder spéider awer ze geschéien!

D’Dir gëtt opgemaach fir eng Logik, déi net déi vun der ëffentlecher Schoul ass, an zemools an engem klenge Land ewéi Lëtzebuerg léisst sech dat herno net méi ënner Kontroll bréngen.

2. A Saache“Postes à responsabilités particulières” liese mer an den neien Accorden: “Aucun pouvoir hiérarchique n’est lié à l’attribution de la majoration d’échelon “. Wann een awer d’Lëscht vun deenen Zorte vu Poste kuckt, déi opgezielt ginn, gesäit een, dass den “agent attaché et chargé de mission“ oder den “instituteur ressource“ dra figuréieren an et ass ee verwonnert, dass domat keen Zouweisungspouvoir verbonnen wär.


Mir kréien och gesot, déi Posten géinge sech op Aufgabe bezéien, déi am direkte Kontakt mat eise Schüler wouergeholl ginn. Mir mengen net, dass bei deenen zwou Kategorie vu Posten, déi mer elo just opgezielt hunn, dee Kontakt am Virdergrond steet. An dat ass och bei deene meeschten aneren net de Fall!
Wann am Fondamental de Kontakt mat de Schüler géing priméieren, misst den “Titulaire de classe” esou ee Poste kréien! Mä neen, hei geet et schéin der Rei no, jee nodeem, wien dem MEN am nächste steet an et ass scho bal erstaunlech, dass de Präsident vum “Comité d’école“ nach op der 3. Plaz figuréiert.
Dofir goufen d’Membere vun deem Comité awer ganz vergiess!


Hei ass schonn eng Hierarchie ze erkennen, well all déi Leit bevirdeelegt ginn, déi léiwer deenen anere soen, wat se ze maachen hunn wéi dass se et selwer maachen.
De „Président du comité d’école“ ass e kloert Wahlmandat, et kritt een dee Posten nëmme wann ee vun der Equipe gewielt gëtt. Mee wéi ass et mat deenen anere Posten? Do muss ee sech jo wuel mellen, wann ee wëllt zu deene ” Responsabele” gehéieren? Dat wäert e schéint Gerangels ginn!

Mir froen donieft: Huet net e ganz normalen „Titulaire de classe” méi Verantwortung wéi zum Beispill e Member vun der “Équipe multiprofessionnelle”?

Eng absolut Katastroph fir den Enseignement fondamental ass déi Opsplitterung a verschidde Kategorië vun Enseignanten, wat en Zesummeschaffen an enger Équipe pédagogique méi wéi komplizéiert wäert man.


All dat ass absolutt inakzeptabel a wäert d’Aarbecht am Fondamental destruktiv beaflossen.
Fir de Fondamental an de Secondaire a Secondaire technique gi mer ze bedenken, dass d‘”Postes à responsabilités particulières” d’Bis-Graden ersetzen a sech an engem negative Sënn dovun ënnerscheeden: Si sinn op déi Zäit begrenzt, wou en Enseignant eng bestëmmten Aufgab iwwerhëlt. De Bis-Grad krut jidderee vu 55 Joer un; e war en Element vun der normaler Carrière.


Hei kann ee sech och d’Fro stellen, op dee neie System net gebraucht wäert ginn fir definitiv de Problem vun den Déchargen aus der Welt ze schafen.

Mir stellen och fest, dass am Secondaire d’Ofschléisse vun engem Doktorat, dat bis elo d’Urecht op e Bis-Grad och viru 55 Joer ginn huet, kee Recht méi op eng “Majoration d’échelon” gëtt. Dat ass e kloere Réckschrëtt.

3. Am Beräich Stage bezéien d’Verschlechterungen sech exklusiv op déi zukünfteg Generatiounen. Déi kënne sech jo net wieren ... .


De Minister Biltgen huet ëmmer erëm betount, dass déi Reform finanziell neutral muss bleiwen; wat also déi eng mat “Postes à responsabilités particulières” méi kréien, kréien déi aner manner!

4. Komme mer zu der individueller Bewäertung vun den Enseignanten duerch den Direkter, respektiv den Inspekter, dräimol an hirer Carrière. Duerch déi nei Accorden gëtt akzeptéiert, dass de “Système d’appréciation” och op d’Enseignanten applizéiert soll ginn.


Den Enseignement soll zwar eng eege Grille kréien, mä bis elo konnt nach keen eis soen, wat dann an déi Grille soll stoe kommen, och d’Madame Delvaux net!

Dat weist, dass mer richteg leien, wa mer fuerderen, d’Bewäertung vum Enseignant aus dem Gesetzprojet erauszehuelen, ebe well et keng kloer Critèrë gëtt fir d’Erfëllung vun den Objektiver an der Schoul ze moossen!

Mir schaffe mat Mënschen an net mat Dossieren a bei de schoulesche Resultater spille vill Facteure mat, déi sech eisem Afloss entzéien. Oft gesäit een eis Aarbecht net – do brauch een nëmmen un d’Virbereedung vun de Coursen oder un d’Verbessere vun de Prüfungen ze denken.

Vun der Unterrechtsministerin a vun der Regierung heescht et, déi sougenannten "insuffisance professionnelle de l’agent“ misst och fir den Enseignement an d’Gesetz ageschriwwe ginn fir eppes géint déi “schwaarz Schof” maachen ze kënnen.


Mir stellen dat Argument ganz kloer a Fro: Et brauch een net en opwennegen, ineffizienten a geféierlechen Evaluatiounssystem fir di puer Schoulmeeschteren a Proffen, déi hir Aarbecht net maachen, ze sanctionnéieren. Dofir gëtt et d’Inspektiounsrecht vun den Inspekteren an Direkteren, déi d’”Échelle des sanctions” sollen applizéieren!
Dorop ginn awer d’Regierung an de MEN net an, an zwar well sech hannert dem Evaluatiouns-system fir Enseignanten eppes ganz aneres verstoppt! An der OECD hirem rezente Rapport iwwert d’Evaluatioun an de Lëtzebuerger Schoulen heescht et nämlech:


“Les normes d’enseignement doivent exprimer différents niveaux de performance tels qu’un enseignant compétent, un enseignant établi et un enseignant accompli / expert [...]. Au Luxembourg, les rétributions et les sanctions liées à [l'amélioration de] l'enseignement et l'apprentissage des élèves devraient viser les enseignants. Les récompenses peuvent par exemple inclure des bonus financiers pour des performances élevées ou [être] fondées sur le salaire au mérite. Les sanctions peuvent inclure un contrôle externe accru et un suivi des écoles ainsi que des interventions externes ciblées. [...]“

Mir gesi, wat d’Zil ass: Et geet op laang Siicht drëm, an der Schoul déi selwecht Methoden unzewennen wéi an der Privatwirtschaft – mat hiren negative Konsequenzen! Esou eng Bewäertung déngt haaptsächlech dozou, d’Leit kleng ze halen an ee géint deen aneren auszespillen.


Natierlech gëtt de Moment lavéiert; de Widderstand wär ze grouss, wann d’Wourecht géing gesot ginn! Mä d’Dir soll elo emol an déi Richtung opgemaach ginn! Dat heescht, d’Enseignante sollen einfach emol d’accord sinn, bewäert ze ginn! Wéi, an no wéi enge Critèren dat soll geschéien, gëtt spéider gekläert. Vläicht gëtt och nach eng Bidongs-Tabell aus dem Hutt gezaubert. Wann de Prinzip awer emol am Gesetz steet, gëtt et kee Wee méi zeréck! Fir eis heescht dat: Mir mussen dofir kämpfen, dass et net zu deem éischte Schrëtt kënnt!

Am Résumé:
Mir mussen eis elo all zesumme gutt iwwerleeën, wéi e Wee mer wëlle goen:
  • Si mer der Meenung, dass d’Gestion par objectifs, d’Postes à responsabilités particulières an d’Appréciatioun vum Enseignant eisem berufflechen Ethos widderspriechen, an dass déi Elementer, wa se bis am Gesetz verankert sinn, géint den Optrag vun der ëffentlecher Schoul a géint eis selwer kënnen agesat ginn?
  • Oder gi mer eis zefridden mat de rezenten Accorden iwwert d’”Transposition des principes des réformes de la Fonction publique dans le secteur de l’enseignement”, di déi Elementer acceptéieren?


Fir d’APESS an den SEW ass et kloer: Déi Accorden si wäit ewech vun deem wat eiser Meenung no d’Enseignanten am Fondamental an am Secondaire/Secondaire technique akzeptéiere sollen.

An dat onofhängeg dovun, a wéi enger Gewerkschaft se sinn!

Et ass nach laang net alles gelaf!

Mir sinn nach ëmmer mat engem Gesetz-Projet konfrontéiert, a soulaang d’Chamber doriwwer net ofgestëmmt huet, kann nach villes geännert ginn!
An dat hänkt ganz kloer vum Drock of, dee mir maachen!


Wa mir déi Prinzipie refuséieren,
musse mir fir e Streik bereet sinn!



All Eenzelnen ass gefuerdert! Gi mer kleng bäi oder verlaange mer de Respekt virun eisen Iwwerzeegungen? D’Enseignantë musse Faarf bekennen a soe wou se hiwëllen!
oder d’Ausübung vun eisem Beruff!



Et geet ëm d’Ganzt! Et geet ëm e
Gesellschafts- an e Schoul-modell!






Loosse mer eis zesumme wieren!

Et ass nach net ze spéit!



ënnert dem Motto


“Solidaresch fir d’Bildung!”