Phase pilote vun de neie bilans intermédiaires

Phase pilote vun de neie bilans intermédiaires
![]() |
Phase pilote vun de neie bilans intermédiaires
Méi wéi 80 % vun de Schoulen haten sech fir den neie Modell vun de bilans intermédiaires ausgeschwat an eng Rei vu Suggestiounen aus de Schoulen ass an de neien bilans Rechnung gedroe ginn. Fir den SEW/OGBL an de Landesverband stoung also enger Phase vun enger mise à l’essai vun all deene Schoulen, déi dat wëllen, näischt méi am Wee.
Mir hunn gefuerdert, datt déi Titulairen, déi de Modell ausprobéiere wëllen, di nei Bilane sollten an enger oder maximal 2 Réuniounen den Detail virgestallt kréien. D'Titulaire géingen sech engagéiere fir 1 oder 2 mol am Joer dem Ministère e Feedback ze ginn. Ob Wonsch kéint selbstverständlech eng Begleedung ugefrot ginn.
Den Engagement, den de Ministère awer lo a sengem Bréif un d’Presidente vun de Schoulcomité vun den équipes pédagogiques verlaangt, ass absolut iwwerdriwwen an et muss een sech froen, ob sou net éischter probéiert gëtt fir d’Aféierung vun nei Bilane méiglechst laang ze verhënneren!
Den SEW/OGBL an de Landesverband fannen et iwwerflësseg, datt eng mise à l‘essai vu Bilane muss vun engem Inspekter an engem Institueur-ressource begleet ginn an datt den Enseignant duerfir och nach Formatioune sollt brauchen.
Et schéngt sech ze confirméieren, datt, am Géigesaz zu den Enseignanten am Klassesall, eng Rei Leit op den hierarchesch héiere Posten am Enseignement net ausgelaascht sinn.
Den SEW/OGBL an de Landesverband fuerderen de Ministère op, fir d’Schoulen ouni iwwerflëssegen Opwand, matt dem uewe genannten Engagement, un der Phase d’essai deelhuelen ze loossen.
Den SEW/OGBL an de Landesverband encouragéieren awer och d’Schoule fir sech ze melle fir un der phase d’essai vun de bilans intermédiaires deelzehuelen.
Wat méi Schoulen de Modell ausprobéieren, wat méi séier däitlech gëtt, wou de Modell nach muss ugepasst ginn.
Communiqué vum SEW/OGBL a vum Landesverband
2. Juli 2014