 |  | Merci, Simone!
De 15. Juli 2010 hu vill Leit zu Esch um Kiirfecht dem Simone Flammang fir ëmmer Äddi gesot.
Zwee Joer laang huet hatt en erbatterte Kampf géint de Kriibs geféiert an dee Kampf schliisslech verluer. Seng Bekannten hunn d’Simone meeschtens erlieft als e liewensfreedegen, gutt gelaunten a conviviale Mënsch. Dobäi war hatt vu Natur aus éischter reservéiert. Mais duerch säin Humor huet et dat iwwerspillt an op Grond vun senger Hëllefsbereetschaft a senger Fäegkeet, nozelauschteren an op déi aner anzegoen, war hatt beléift a respektéiert.
Ech wëll hei haaptsächlech zwou Facetten ervirsträichen, déi ech un him bewonnert hunn.
Als Éischt säin Engagement fir säi Beruff.
D’Simone war mat Leif a Séil Proff – an dat am gudde ,Sënn!
Hatt war keng “Schmalspurpädagogin”: et huet sech vill dokumentéiert a gläichzäiteg déi nei Iddien am dagdeeglechen Asaz ëmgesat a getest. Et huet keng Méi gescheit a vill Zäit a Kraaft an seng Aarbecht investéiert. Seng Schülerinnen a Schüler stounge fir hatt am Mëttelpunkt an de gudde Kontakt mat hinnen war fir hatt wesentlech. Dee Kontakt war och bis e puer Woche viru sengem Doud weiderhin eng wichteg Quell fir iwwert d’Ronnen ze kommen. Ech hunn d’Simone nie héieren an der Proffekonferenz oder an engem Conseil de classe seng Schülerinnen a Schüler degradéieren andeems et offälleg iwwert se geschwat hätt. Wéi keen aneren konnt d’Simone komplex Problemer an der Klass erkennen a souwäit wéi méiglech ugemooss drop reagéieren.
D’Simone wousst, dass e groussen Deel vun de Schülerinnen a Schüler hire Schwieregkeeten am gesellschaftlechen Ëmfeld an an der Erzéiung doheem ze siche sinn. Hatt war der Meenung, dass eis Schoul déi sozial Ongläichheeten an eiser Gesellschaft verstäerkt, amplaz se ofzebauen an dass een dofir déi Schoul am Kär misst veränneren. Bei deeër Verännerung spillt d’Abezéien vum Elterenhaus eng grouss Roll. D’Simone huet et dofir net verdroen, wann Elteren net mat deem néidege Respekt behandelt gi sinn an et gouf dowéinst och déi eng oder aner Ausenanersetzung am Lycée. D’Simone huet seng Ideeën éierlech a couragéiert verdeedegt; dat war net ëmmer bequem, awer dat huet hatt a Kaf geholl, well et him ëm d’Saach gaang ass.
Ech sinn elo beim Simone sengem gesellschaftlechen Engagement ukomm.
D’Simone war bis zu sengem Doud Member am Comité secondaire vum SEW.
Den Haaptgrond vu sengem gewerkschaftlechen Engagement huet hatt op engem Depliant esou formuléiert: «Ech sinn am SEW well jéimere bréngt mech an d’Schoul net weider!»
Dat nennt een realisteschen Asaz um Terrain: Net kloen, net kapituléieren, mee versichen, d’Schoul ze notzen fir eis Gesellschaft méi gerecht ze maachen.
De Lycée technique Nic-Biever hat de Ruff, eppes un deene rigide Strukturen vum dräigliddrege Schoulsystem wëllen ze änneren. Dat erklärt och, firwat d’Simone sech an déi Schoul gemellt huet; no sengem Stage an no kuerzer Zäit als Proff am Iechternacher Lycée.
Dee sougenanten «Tronc commun»-Versuch am LTNB ass schliisslech gekäppt ginn, mee dat huet d’Simone net dovun ofgehalen, weider am konkrete schouleschen Alldag seng Idealer versichen ëmzesetzen.
D’Simone wousst awer och, dass mat formalen a schlecht virbereete Reformen méi Schlechtes ewéi Guddes gemaach gëtt an et huet sech géint esou Versich gewiert. Ech zitéieren aus engem oppene Bréif vu Proffen aus dem Lycée technique Nic-Biever vum Fréijoer 2007, un deem d’Simone maassgeeblech matgeschriwwen huet, mam Titel «Kompetenzorientierter Unterricht: Schein und Sein»: «Die Institution Schule muss sich verändern, um den gesellschaftlichen Anforderungen gerecht zu werden.
... Wir scheuen definitiv nicht davor zurück, notwendige Reformen anzugehen. Allerdings sollten diese dann auch wohl überlegt und durchdacht sein. Wir befürchten jedoch, dass unser Unterrichtsministerium auf dem besten Weg ist, eine Reform durchzuboxen, die mangels eines soliden Konzepts und gründlicher Planung bestenfalls auf dem Papier bestehen wird.»
Eppes hätt ech mer ni kënne virstellen: D’Simone am Unterrechtsministère oder an engem Direkteschbüro. Ech wëll domat net soen, dass déi Funktiounen net wichteg oder net honorabel wären, mais wéi scho bemierkt, war d’Simone eng Vollbluttpädagogin, déi d’Ausenanersetzung um Terrain gesicht huet!
Zum Schluss soll den Asaz vum Simone an den Diskussiounen iwwert d’Reform vun der Enseignants-Tâche am Postprimaire ervirgehuewen ginn. D’Simone huet Mëtteger an Owenter laang un deene Verhandlunge matgewierkt an et ass och säi Verdéngscht, dass den Aarbechtspensum vun den Enseignant-e-s am Secondaire a Secondaire technique net onmoosseg eropgesat gouf. Hatt huet nämlech all Dag selwer erfuer, wéi staark déi d’Belaaschtung elo schonn ass.
Déi di d’Simone kannt hunn, sinn traureg, hatt ni méi erëm ze gesinn, ni méi kënne mat him ze laachen! Mais hatt bleift an eisen Häerzer!
Dem Jhemp, hire Kanner Anja a Ben, vun deenen d’Simone esou oft mat Freed a Witz geschwat huet, senger Mamm a senger ganzer Famill, gëllt dat déift Matgefill speziell vu senge Komerodinnen a Komeroden vum Comité secondaire an der Direction syndicale vum SEW.
Simone, mir vermëssen dech!
Guy FOETZ
Vize-Präsident vum SEW/OGBL
|
|