Nº 1435 Absentéisme des élèves (30/11/2006 Aly Jaerling) Q/R

30.11.2006

Här President,
Esou wéi d'Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madame Unterrechtsminister weider ze leeden:
Am Frankräich leit den Absentéimus vun de Schüler bei 5 Prozent.
Dëst huet déi franzéisesch Autoritéiten derzou verleet, en informatesche System anzeféieren, den ët erlabt d'Elteren kuurzfristeg iwwer d'Feelen vum Schüler ze informéieren, an se domadder ze responsabiliséieren.
Kann d'Madame Unterrechtsministesch mer duerfir dës Fro beäntwerten:
1) Wéit héich woar den duerchschnëttlechen Absentéismus vun de Schüler hei am Land während dene leschte 5 Joer?
2) Waat sinn déi heefegst Ursachen vum Absentéismus?
3) Ginn d'Elteren systematesch iwwer d'Feelen vun hire Kanner informéiert, wa jo, op wéi eng Art a Weis?
4) Waat geschitt bei engem heefegen respektiv systemateschen Absentéismus?
5) Ass der Madame Ministesch de franzéisesche System bekannt, a gëtt et eng Méiglechkeet, den och hei am Land anzeféieren, fir datt d'Elteren kenne resposabiliséiert ginn, waat d'Feele vun de Schüler ubelangt?

Mat déiwem Respekt

Aly Jaerling
Deputéierten




Réponse de la Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle à la question parlementaire N° 1435 de Monsieur le Député Aly Jaerling :
Ad 1) Am Schouljoer 2004/2005 loug den Taux vun den onentschëllegten Absencen par rapport zu allen Absencen am postprimaren Enseignement duerchschnëttlech bei 7,0% an am Joer 2005/2006 bei 6,5%. Virdrun sinn d'Absencen nët am "Fichier Élèves" zentraliséiert ginn an duerfir lait och do kee Chiffer vir. Datselwecht ass de Fall am Primaire wou nach keen zentraliséierte Fichier mat den Donneeën iwwert d'Absence vun den Élèven existéiert.
Ad 2 ) D'Uursaache vum Absenteismus ginn nët statistesch erfaasst a kënnen deemno och nët ventiléiert ginn.
Ad 3 ) Jo, si gi systematesch informéiert: iwwert de "Carnet de liaison" an der Primarschoul wéi am Enseignement secondaire technique. Ma ganz viII Régent'en, Schoulmeeschteren a Léierinnen intervenéieren ail Kéiers esoubal si e Verdacht op eng onentschëllegt Absence hunn. Si ruffen dann d'Elteren un oder schreiwen hinnen e Message. Am Fall vun de Schoulmeeschteren a Léierinnen gëtt och den Inspekter au courant gesat.
Ad 4) Wéi scho virdru gesot sinn d'Reaktiounsweisen ënnerschiddlech: Interventioun vumSchoulmeeschter oder der Léierein, dem Régent oder der Inspektioun/Direktioun.
Am Kader vu Projets d'établissement gëtt et Schoulen, déi Remediatioun a besonnesch grave Fall virschloen. Esou gëtt et z. B. a 4 technesche Lycé'en e Projet, genannt « Mosaik », deen sëch ganz spezifesch em Schüler këmmert, déi no dru sinn
duerch samtlech Masche vun allen Netzer ze falen. Och systematesch Absenteiste gehéieren dozou.
Ad 5) Den Absenteismus ass a Frankraich ënnert anerem duerch d'Gesetz vum 31.3.2006 reglementéiert. Dat gesait fir, dass regelméisseg Buch gefouert gëtt iwwert d'Absencen. Dat geschitt och zu Lëtzebuerg. Am Fall wou d'Elteren op Invitatioun vun der Directioun kéng Grënn fir d'Absence uginn oder awer falscher, oder wann e Kand wéinegstens 4 hallef Deeg an engem Mount onentschëllegt feelt, da kann eng Mesure geholl ginn, déi "mise en place d'un contrat de responsabilité parentale" genannt gëtt.


Mady Delvaux-Stehres
Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle