„Et feelt u Leit um Terrain” oder Schoulreform: Theorie vs Praxis

12.10.2010

„…prendre des initiatives et agir de manière différenciée pour répondre au mieux aux besoins et aux aspirations des élèves…”

(Brochure: Enseigner à l’école fondamentale)



Dat kléngt evident, a virun allem d’Elteren vun eise Schoulkanner ginn -no der grousser landeswäiter Opklärungscampagne vun der Edukatiounsministësch- dovun aus, dass dëst och kann an de Schoulen ëmgesat gin, an dass de MEN senge Schoulen an Enseignanten dofir all Moyens zur Verfügung stellt.

Am Schoulalldag awer gesäit d’Realitéit anescht aus: eis motivéiert Enseignanten stoussen ëmmer méi un d’Grenzen vun hirer Belaaschtbarkeet, well si trotz joerelaanger Erfahrung, trotz ville Stonnen Formation Continue, trotz allwëchentleche Concertatiounen a virun allem trotz groussem Idealismus a vill Asaz mierken, dass si net all Kand op sengem Niveau kënne gerecht ginn.

Wéi gutt, dass et do déi vill Spezialiste ginn, déi mir duerch dat neit Schoulgesetz lo am Enseignement fondamental hunn. Wéi gutt, dass mir op hir Hëllef kënnen zréckgräifen an op hir wäertvoll Ennerstëtzung kënnen zielen, an zwar séier, onbürokratesch an efficace. Sou kritt wierklech all Kand gehollef…. ?!? Dat do ass de Credo vun eisem Ministère, mee daagdeeglech gesi mir an eise Schoule, dass de Pabeier, wou Gesetzestexter a Règlements grandducaux dropstinn, ganz gedëlleg ass! D’Realitéit gesäit ganz anescht aus.

Wat stëmmt: am Enseignement fondamental ginn et vill Spezialisten, déi d’Enseignantën an hirem Alldag bei hirer Arbecht matt de Schoulkanner sollen ënnerstëtzen. Sou guffen zum Beispill 2009 2010, am Joer 1 vun der Schoulreform, direkt 10 „instituteurs-ressources” Posten geschafen; dest Schouljoer guff déi Zuel vun 10 op 17 eropgesat.

Wat ass de Profil an d’Missioun vun dene Spezialisten? „Il s’agit d’un instituteur qui a acquis des connaissances dans un domaine particulier des sciences de l’éducation et qui met à disposition ses services de conseil et d’accompagnement.” (www.men.lu)

Am Kloertext: des Enseignanten hunn eng berodend Funktioun, si „multiplicateurs” vun enger Formation Continue, assistéieren den Inspekter wann ët drëms geet, ze informéieren an ze kommunizéieren. Et spillt keng Roll, wéivill Beruffserfahrung een „instituteur-ressource” huet. Et sinn oft engagéiert, mee leider theoretesch Spezialisten, déi dem Enseignant zwar soën, wéieng pädagogesch a methodesch Zaubertricken e soll benotzen fir all Kand gerecht ze ginn (Schlagwuert: differenzéieren!), déi selwer hir Theorien awer an eise Schoulen ni an d’Praxis ëmsetzen. Si pake net wierklich eng Hand am Schoulalldag an eise Schoule matt un, si entlaaschten den Enseignant net, si huele keng Kanner en charge…

Engersäits verléiert duerch de Contingent de groussen Deel vun de Schoulen an engem Zäitraum vun 10 Joer ëmmer méi Schoulstonnen an domatt Enseignanten, déi an de Schoulen matt de Kanner schaffen, anerersäits awer si vum Edukatiounsministère aus genuch Moyens do, fir d’Unzuel vun den “instituteurs-ressources” eropzesetzen…. Aner Spezialisten am Enseignement Fondamental fanne mir an den „équipes multiprofessionnelles”, déi et och säit dem neie Schoulgesetz an all Arrondissement gëtt. Hei de Gesetzestext dozou:

„Art.27: Au niveau de chaque arrondissement d’inspection, il est constitué au moins une équipe multiprofessionnelle qui a pour mission d’assurer, en collaboration avec le titulaire de classe… … le diagnostic et la prise en charge des élèves à besoins éducatifs spécifiques et de conseiller le titulaire de classe et l’équipe pédagogique dans la mise en oeuvre de mesures de différenciation.

Ces équipes multiprofessionnelles comprennent du personnel de l’Education différenciée et du Centre de logopédie, des instituteurs de l’enseignement spécial affectés à une commune de l’arrondissement et d’autres experts dans l’aide, l’appui et l’assistance à donner aux élèves en question.”


Dat klengt och ganz gutt a sënnvoll, an der Praxis gesäit dat awer sou aus:

  1. de Recrutement vun dene Spezialisten ass net kloer. Et ass souguer méiglech, dass Chargés de cours am Kader vun hirem Kontrakt déchargéiert ginn a niewt Educatrices graduées, Psychologen, Logopäden, Orthophonisten, Ergotherapeuten, Psychomotoriker… als „Spezialisten” an den “équipes multiprofessionnelles” ze fanne sinn.
  2. Et feelt och un Transparenz (sou wéi virun der Reform schons zu SREA-Zäiten), wéi de Verdeelungsschlëssel vun de Stonnen ass, déi eng “équipe multiprofessionnelle” zur Verfügung huet. Scho virun dem neie Schoulgesetz huet sech hei bewisen, dass en theoretesche Contingent vu Stonnen ni kann op d’Besoins vum Terrain réagéieren… an dat op Käschte vun de Kanner „à besoins spécifiques”. Huet ee beispillsweis an enger Schoul vill Kanner matt Handicap (zB. Trisomie), da si keng Stonnen an deemno och keng Hëllef méi do fir Kanner, déi „nëmmen” hyperaktiv, verhalensopfälleg oder léierbehënnert sinn. Ass dat am Sënn vun der Chancegläichheet?
  3. Et si net genuch Spezialisten an den „équipes multiprofessionnelles”. Sinn an enger Schoul vill Kanner matt zB. Orthophonie-Problemer, dann heescht et, dass dem Orthophonist seng Stonne leider schons all verplangt a besat sinn, an dass dann ebe keng Hëllef méi do ass.


D’„équipe pédagogique” (also, d’Enseignanten) sinn da gefuedert, solle kreativ sinn an all déi Schwieregkeeten opfänken. Eng richteg a konkret Ennerstëtzung hätte mir an eise Schoulen, wa giff op d’Besoins vun der Schoul (a vun de Kanner) flexibel an onbürokratesch réagéiert ginn, andeems (zB. an desem Fall) méi Orthophonisten agestallt ginn.

Deemno ass et an de meeschte Fäll awer den Titulaire vun der Klass resp. d’Equipe pédagogique, déi muss kucken, selwer eens ze gin, fir all Kand do ofzehuele, wou et steet. De Spezialist vun der „équipe multiprofessionnelle” gëtt dem Enseignant vläicht nach e gudde Rot, oder den Enseignant kritt eng Lëscht matt alle Spezialisten aus der Emgéigend, déi d’Eltere kënnen opsichen ( a bezuelen)… Vu konkreter Hëllef fennt een zevill oft keng Spur! D’Arbëcht vun all den engagéierten Educateuern a brevetéierten Spezialisten soll hei op kee Fall ënnerbewäert ginn; et ass den theoretesche Modell, deen an der Praxis net klappt, deen awer „no baussen” als selbstverständlecht Allheelmëttel verkaaft gëtt. Schlussendlech awer fillen d’Enseignantën sech – trotz villen theoretesche Rotschléi vun „instituteurs-ressources” a soss Spezialisten – an hirem Schoulalldag am Stach geloss.

Des Schoulreform, déi sech ëmmer méi als „Augenwischerei” erausstellt, hannerléisst bei deem motivéiersten Enseignant, awer och bei Elteren a Kanner déi keng Hëllef kréien, well keng „Ressourcen” méi do sinn, e battere Nogeschmaach vu Frust an Désillusioun.

Nadine Elcheroth
Membre du comité de l‘enseignement fondamental