Question parlementaire N°2898 Calculatrice préscrite par le Ministère

Här President,
Esou wéi d'Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madame Unterrichtsminister weiderzeleeden:
"Wéi et schéngt ass et a verschiddene Klassen vum Secondaire erfuerdert, fir eng bestëmmte Rechemaschinn unzeschafen, déi nët ganz bëlleg ass. Aus engem Schreiwes un déi betreffend Schüler geet erfir, datt zanter 2006, opgrond vun enger Décisioun vum Ministère vun der Education nationale, eng Maschinn vum Typ "TI Voyage 200" fir d'Sektiounen B, C an D obligatoresch war fir sai BAC kënnen mat Erfolleg ze bestoen. Dës Rechemaschinn mat Accessoiren géif ronn 250 Euro kaschten; am Fall vun enger Sammelbestellung kënnt dee Prais awer op 180 Euro gedréckt ginn. An deem Kontext géif ecM garen dës Froen un Iech rlichten:
1. Stëmmt et, datt dës Direktive aus Aerem Ministère kënnt, a wa jo, wat ass
d'Begrënnung dofir? Fannt Dir et nët iwerdriwwen, datt Schüler perséinlech sou deier elektronescht Material mussen uschafen?
2. Wéi passt dës Direktive an eng Philosophie, déi et de Schoulen resp. dem Léierpersonal misst iwerloossen, fir daat Material ze gebrauchen, wat hirer spezifescher Situatioun am beschten ugepasst ass? Et gët mer z.B. gesot, datt e gudden Deel vun de Schüler iwerhapt nët mat daer deirer Maschinn géifen eens ginn.
3. Kënnt Dir mir erklaren, wat d'Plusvalue vun dëser Maschinn am Unterricht ass, oder anescht ausgedréckt, wéi et virdrun méiglech war, jonk Leit op engem héijen Niveau ze forméiren, ouni Hëllef vun sou eng sophistikéierter Maschinn?
4. Wéi kann een d'Réussite vun engem BAC vun dem Besëtz vun sou enger Maschinn ofhangeg maachen? Ass dat nët souguer illegal?
5. Ass et nët bedenklech, fir e bestëmmten Typ (oder Marque?) vu Maschinn virzeschreiwe? Wien ass fir dëse Choix verantwortlech, a wéi ass dëse Choix zustane komm?"
Mat déiwem Respekt,
Roby Mehlen, Deputéierten
Luxembourg, le 13 novembre 2008
Antwert vun der Madame Mady Delvaux-Stehres, Ministesch fir Erzéiung a
Beruffsausbildung, op d'parlamentaresch Ufro W 2898 vum Har Deputéierten Roby Mehlen:
1) D'Benotze vun dëser Rechemaschinn am Mathematikunterrecht vun den ScienceM Sektiounen ass 2003 entscheet ginn a steet sait dem Schouljoer 2003-2004 um Programm vun de Klassen - Sektioun B, C an D.
lu dëser lait gouf d'Wiel iwwert de Modell dee sollt benotzt ginn vun engem Aarbechtsgrupp preparéiert a krut d loustëmmung vun der Commission nationale des programmes vun der Mathematik.
Et gouf ausserdeem entscheet dass fier d'Schüler déi e Subsid vum Stat kréien dëse Subsid em de Prais vun dëser Rechemaschinn erhéicht géif an zwar ab der 3e (dat Schouljoer wou d'Uschafung vun dëser Rechemaschinn onbedengt noutwenneg gëtt).
2) Weil dës Rechemaschinn bei ville ganz prazisen Aufgaben am Mathematikunterrecht gebraucht gëtt a wëll d'Schüler si och am Exame gebrauchen, ka net ail Schoul décidéiere wat fir e Genre Rechemaschinn si benotze solI.
3) An enger Welt wou di technesch Evolutioun ëmmer méi séier viru geet, kann d'Schoul d'Entwécklung vun neien ëmmer méi performante Rechemaschinnen net ignoréieren. Et wier geféierlech wann d'Schoul dës Annerunge géif ignoréieren an d'Jugend vun haut op eng aal Art a Weis géif op d' Mathematik virbereeden. D'Schoul muss anengems dofir suergen dass de Schüler an senger ganzer Schoulzait ëmmer nees mat den neisten Technologië konfrontéiert gëtt an se ganz bewosst benotzt.
Aus dësem Grond ass d'Benotzen vun der Rechemaschinn un e padagogesche Projet gebonnen, deen doranner besteet ze gewahrleeschten dass ail Schüler eng modern an efficace Rechemaschinn zur Verfügung huet an och weess se ze benotzen an hien domat progressiv op d'Schaffen op der Universitéit virbereet gët.
Dës Rechemaschinn as en noutwennegt Instrument am Mathematikunterrecht vun der 3e bis 1ère wann et drëm geet, Aufgaben ze léisen. Weil am Premièresexame muss mat enger Rechemaschinn geschafft ginn, muss se sou sinn dass engersaits déi verlaangt Rechnunge vun engem héijen Niveau kënne gemaach ginn an awer och anerersaits keng onerlaabt Software drop gespaichert daerf ginn. Dee virgeschriwwene Modell erlaabt dat.
4) Dës Fro géif sech och fir ail Bicher, Schoulbicher, Dictionnairen oder didaktescht Material stellen.
5) Et gëtt nëmmen e bestëmmten Typ vu Rechemaschinn virgeschriwwen, den allerdéngs de Konditiounen déi am Examen erlaabt sinn entsprécht.
Mady Delvaux~Stehres
Ministesch fir Erzéiung a Beruffsausbildung