Kommunikatioun Educatiounsministère - Inspektorat – Enseignanten

06.12.2010

Den SEW/OGBL huet sech ëmmer fir de Modell vun der Cogestioun agesat. Mam Neie Schoulgesetz krut d’Cogestioun eng legal Basis: landeswäit funktionéieren an eise Schoule motivéiert Comitéë mat engem President.

Sou wéi den Educatiounsministère, hunn och eis Inspekteren an d’Regionalbüroen et sech zur Gewunnecht gemaach, di meescht Informatiounen, déi den Enseignement, d’Schoul oder d’Enseignantë betreffen, eenzeg an alleng un de President per Mail virun ze ginn. De President soll da fir seng Schoul dës Hellewull vu Mailen zortéieren an déi passend Informatiounen un déi richteg Enseignantë viruleeden.

Dës Virgoensweis ass aus puer Ursaache problematesch:


  1. de President muss doduerch vill administrativ Aarbecht alleng bewältegen

    Hien muss all Mail duerchliese fir dann en “Tri” ze maachen an ze decidéieren, wéi ee Kolleg wéi eng Informatioun kritt. Dass et do mol virkënnt, dass e Mail ze spéit, falsch oder guer net virugeleet gëtt, ass bei der ganzer ongefilterter Informatiounsflut nëmme verständlech. Den SEW proposéiert, dass souwuel den Educatiounsministère wéi och d’Inspekteren an d’Regionalbüroen op d’Datebank SCOLARIA zréckgräife fir sech do ze informéieren, wéieen Enseignant a wéi engem Cycle schafft. Da kritt all Enseignant déi richteg Informatioun am richtegen Délai op direktem Wee. Domat sinn d’Presidenten entlaascht a kënnen hir Zäit an Energie a méi sënnvoll (pädagogesch) Aufgabe stiechen.

  2. am Cogestiounsmodell gëtt et keng Hierarchie

    Am Comité sinn all d’Membere gläichberechtegt; de President däerf net den eenzegen Uspriechpartner sinn. Den SEW schléit vir, dass all allgemeng Informatiounen zu Enseignement a Schoul direkt vum Educatiounsministère an Inspektorat un all d’Comitésmembere verschéckt ginn. Domat gëtt de President a senge sëllechen administrativen Aufgaben entlaascht an d’Informatioun kënnt um direkten a méi transparente Wee bei méi Enseignanten un. Amplaz vum President kann och en anere Comitésmember (zB. Sekretär) sech ëm d’Verdeele vun Informatiounsmailen këmmeren.

  3. Regionalversammlunge mam Inspekter

    och hei muss de ganze Comité invitéiert ginn. Domat ass nees fir méi Transparenz beim Vermëttele vun Informatioune gesuergt, de President gëtt entlaascht a fillt sech net als verlängerten Aarm vum Ministère oder vum Inspekter. D’Responsabilitéit gëtt am Cogestiounsmodell opgedeelt. Awer zanter der gesetzlecher Aféierung vum Cogestiounsmodell ass et eenzeg an alleng de President, deen als Uspriechpartner fir den Inspektorat zielt. Den SEW huet sech ëmmer géint d’Hierarchie an eise Schoulen ausgeschwat a warnt virun der dote Virgoensweis: de President däerf net als Schouldirekter verstan ginn.

  4. e schrëftlëche Rapport vun de Regionalversammlungen un de ganze Comité

    Den SEW fuerdert, dass no all Regionalversammlung, déi vum Inspektorat aberuff gouf, e schrëftleche Rapport un all d’Comitésmembere geschéckt gëtt. D’Regionalbüroen goufen am Laf vum Joer 1 vum Neie Schoulgesetz mat vill Personal opgestockt, fir dem administrative Méiopwand gerecht ze ginn. Deemno dierft et kee Problem sinn, fir sou Rapporten opzestellen a weiderzeleeden. Doduerch gëtt de President nees entlaascht: hie muss net méi de “Messager” vum Inspekter spillen! De Problem, dass de President e Message eventuell anescht interpretéiert wéi eigentlech vum Inspekter geduecht, ass domat aus der Welt geschaaft. Wann ee mat Presidenten aus verschiddenen Arrondissementer schwätzt, héiert een ëmmer nees, dass den Inspekter X awer eppes anescht verbreet huet wéi den Inspekter Y, an dass den Inspekter Z nach aner Directiven erausginn huet. Matt engem schrëftleche Rapport wieren dës Problemer vum Dësch.


D’Kommunikatioun tëschent de Leit vum Terrain (Comitéen, Enseignanten) an dem Educatiounsministère (Inspektorat, Regionalbüroen) muss méi efficace ginn. Dëst kann nëmme geschéien, wann de Cogestiounsmodell respektéiert gëtt, wann de President entlaascht gëtt, wann d’Kommunikatioun op direktem Wee, a net iwwert komplizéiert Ëmweeër, leeft.


Nadine Elcheroth
Membre de la direction syndicale