„Mam Stage gëtt alles besser!“

01.03.2017

Endlech ass d’Léisung do!

Säit September 2016 sollen eis jonk Kollegen mol anstänneg forméiert ginn a profitéieren vun engem exzellent qualitativ héichwäertege Stage ob 3 Joer.

Dëse Stage soll deenen « Neien » am Beruff hëllefen!

Si sollen

…ënnerstëtzt ginn a sech gebuerge fillen,
… nach besser Schoul halen,
…nach besser organiséiert sinn,
…nach méi professionell Optrieden.

Den Ufank am Beruff gëtt, anscheinend, fir si sou einfach wéi nach ni.

Eis léif „Stagiairen“ solle manner gestresst wierken an extrem gutt Schoul halen!

Nom Stage sinn si, wéi et schéngt, exzellent ausgebilt, ganz gutt preparéiert op d‘Beruffsliewen, a prett hir Karriäre als Staatsbeamten unzegoen!

Mee wäit gefeelt!

Gleeft een dem Institut de Formatioun de l’Education nationale, kuerz IFEN, dann ass dat esou.

Freed een awer déi betraffe Stagiairen zeechent sech en ganz anert Bild of:

- Pure Stress, hin an hir gerappt tëscht der Aarbecht an der Schoul an de Coursen um IFEN
- Kee Privatliewe méi
- Onnéideg Coursen zu Themen déi op den Unien scho geléiert goufen
- All Woch massiv Coursen zu Walfer
- Keng Zäit sech op d’Schoulhalen an de Klassen ze preparéieren
- Stänneg Angscht ecartéiert ze ginn
- En IFEN deen des ausgebilten Enseignanten net eescht hëllt
- Manner Pai fir méi Aarbecht
- Keng professionell Organisatioun vum IFEN
- Keng Loscht méi op de Beruff
- Burn-out

Wéi gesäit d’Realitéit fir d’Enseignanten am Stage aus?

Den SEW hat schonn 2014 virun dësem Stage gewarnt, a genau des katastrophal Situatioun déi d‘Stagiairen elo all Dag erliewen, virausgesot.

Den IFEN ass e neien Institut a wëll weise wéi wichteg e fir den Enseignement an der Gesellschaft ass. Dat weist een am beschten andeems een de Leit vill ze schaffe gëtt, op sënnvoll oder net sënnvoll gestalt ass niewesächlech.

Genau dëst geschitt momentan um IFEN. Onnëtz Coursen, déi just Widderhuelung vun de 4 Joer Uni sinn. Coursen an deenen absolut näischt bäigeléiert gëtt, Hausaufgaben a Reflexiounen. Alles dat krit de neien Enseignant um IFEN gebueden. Vun engem fiktive Portfolio net ze schwätzen…

Wéi ee besser Schoul hält, neit Material a Gebrauch hëllt oder den Ëmgäng mat schwierege Kanner trainéiert, dat feelt komplett an dëser Ausbildung!

Déi mannste Coursen hëllefen dem neien Enseignant,  mee si just Verschwendung vu kostbarer Zäit!

No de Coursen, déi sollen hëllefen, z‘evaluéieren, e Feedback ze ginn, konstruktiv ze schaffen, erliewen d‘Stagiairen da konkret wéi een et net soll maachen.

Den IFEN bewäert seng „Stagiairen“ mat Punkten an ontransparenten Bewäertungssystemer.

An der Schoul selwer, huet den Enseignant keng Zäit sech op seng eigentlech Aarbecht ze konzentréieren.

Gestresst vun de Coursen um IFEN a mat Schlofmangel geet de neien Enseignant an d‘Schoul schaffen. Hei muss en sech enger Inspektioun ënnerzéien a gëtt no dëser mat Punkten bewäert! Den Enseignant deen, Dag an, Dag aus, Kompetenzen evaluéiert an de Kanner en konstruktiven Feedback gëtt, an dat och um IFEN soll léieren, gëtt mat Punkten bewäert.

D’Inspekteren missten mam gudde Beispill virgoen, an hiren Enseignanten weisen wéi ee Kompetenzen korrekt evaluéiert, ouni chiffréiert Notten ze ginn!

Den Conseiller pédagogique (CP) soll do sinn, fir dem Stagiaire ënnert d’Äerm ze gräifen. De Stagiaire soll mam CP zesummeschaffen fir seng Schwächten ofzeleeën an un deenen ze schaffen. De Problem ass awer dass de Stagiaire fäert, sech sengem CP unzevertrauen, well hien vun dësem bei der Inspektioun bewäert gëtt. Och wa vill CP’en et gutt mat hire Stagiairen mengen a se ënnerstëtzen, fält et de Stagiairen mat Recht schwéier, hiren CP’en voll ze vertrauen.

E weidere Problem ass, dass vill CP’en, déi jo mam Inspekter zesumme mussen evaluéieren, sech net trauen hirem „Supérieur hiérarchique“ ze widderspriechen an hiren „Stagiairen“ de Réck ze stäipen.

D’Ambiguitéit am Stage ass also grouss!

Wéi koum et zu deem Stage?

D’Regierung huet zesumme mat der CGFP eng Reform an der Fonction publique verhandelt. Dës Reform trëtt den 1. Oktober a Kraaft an gesaït vir, dass « Beruffsufänger » e Stage vun 3 Joer musse maachen. Während dësem Stage sollen se op hir Carrière als Staatsbeamte virbereet ginn. Weider gouf eng Spuermesure decidéiert, sou dass d’Stagiairen déi éischt 2 Joer am Stage just 80 % vun der Pai kréien, an am drëtte Joer 90 %. Des Spuermesure gouf um Bockel vun deene gemaach déi sech nach net wieren kënnen a nach net fir de Staat schaffen.

Natierlech wëll sech d‘CGFP, an och hiert Syndikat fir d’Enseignanten, dëse Feeler net agestoen, an si hoffen drop, dass « d’Stagiairen » schnell vergiessen, wien mat d‘Schold un dësem Stage dréit.

Schnell si se „iergendwéi“ un all d’Mailadressen, mee och un d’Privatadressen vun de neie Fonctionnairë komm, an hu se mat Reklammen an Hëllefsproposen iwwerschott.

Den SEW/OGBL huet vun deem Moment u, wou bekannt gouf, dass de Stage soll kommen, gewarnt, dass de Stage an dëser Form, wéi e gesetzlech festgeluecht ass, eng Schikane a keng Hëllef fir déi nei Enseignanten ass. Den SEW/OGBL huet och gewarnt, dass d’Qualitéit vum Enseignement schwéier duerch déi gestressten Enseignanten, déi just op hir Carrière fixéiert sinn, leide wäert. De Kierzeren zéie forcement d’Kanner!

Wat ass bis elo geschitt?

« D’Stagiairen » hunn erkannt, dass de Stage, sou wéi en elo ass, hinnen net hëlleft besser Enseignante ze ginn. En ass Zäitverschwendung, baut hinnen nach méi Stress op wéi se souwisou beim Beruffsufank hunn, an déi gesetzlech ugestrieften Ziler ginn absolut net agehalen.

Eng 60 Enseignants-stagiaires a Studente vun den Unien hu sech mam SEW getraff a festgehalen, dass se Reunioune mat de zoustännege Ministeren Claude Meisch an Dan Kersch ufroen.

Weider solle Chamberfraktiounen iwwer des Mëssstänn informéiert ginn.

No dëse Gespréicher wäerten d’Enseignanten am Stage an d’Studenten dann entscheeden, wéi se weider géint dëse Stage virginn a sech fir e sënnvolle Stage asetzen.

Wat fuerdert den SEW/OGBL?

• Déi politesch Responsabel sollen d’Mëssstänn erkennen, zouginn a se behiewen!
• De Stage soll op 2 Joer reduzéiert ginn!
• D’Enseignante mussen entlaascht ginn!
• Eng richteg Evaluatioun ass néideg!
• D‘Roll vum CP muss redefinéiert ginn!
De Stage muss sënnvoll sinn!