Solidaresch mat den zukünftege Kolleginnen a Kollegen

D’Studente vun der Uni Letzebuerg, aus der Belge an aus der Schwaiz sou wei Chargés de cours déi sech dem Concours nach musse stellen, zesumme mam SEW kennen de geplangte Stage net akzeptéieren a fuerderen de Minister Meisch op, a Verhandlung ze trieden an eng sennvoll Formule fir de Stage ze fannen.
Leider huet de Minister Meisch bis elo all Verhandlung refuséiert.
Déi zukunffeg Kolleginnen a Kollegen zielen op ar Solidaritéit an Ënnerstëtzung datt hir berechtegt Fuerderunge gehéiert an erfëllt ginn.
Si sollen ennert de beschtméigleche Konditiounen en positive Start an de Beruff erliewen, a vun Ufank un hire Responsabilitéite vis-à-vis vun de Kanner gerecht ginn.
No enger exigenter theoretescher a praktescher Ausbildung, ass deen neien Enseignant prett fir de Besoine vun de Kanner gerecht ze ginn. Déi éischt Joren am Enseignement sinn emmer schwéier, an déi nei Enseignantë kennen hir Missioun nemmen dann erfelle wann de Fokus um Schoul halen, àn, net haaptsachlech op der Reussite vum Stage lait.
Deem neien Enseignant soll d’Offer vun enger individualiséierter Ennerstëtzung amplaz vun enger opgesater theoretescher Formatioun, zur Verfugung stoen.
An der Annexe fannt dir eisen Argumentaire.
D’Petitioun kann entweder um Pabeier oder awer och online ënnerschriwwe ginn op www.petitioun.lu
Merci fir Ennerstëtzung!