Vum PRS zum PDS – Eng Hëllef fir d’Schoul ?

07.03.2017

Virun e puer Woche krut dir d’Dokument  « Premières informations sur le plan de développement de l’établissement scolaire «  an d’Schoule geschéckt.

Wahrscheinlech huet net jiddereen dat Dokument gelies. Dat ass awer derwäert, well et kann een sech e Bild maachen, wat fir en Impakt de PDS an Zukunft op all Enseignant huet.

Am dem Dokument wëll de MENJE eis an e puer Beispiller weisen, dass de PDS eng Vereinfachung vum PRS ass. Säit 2009 sinn elo schonn zwee verschidde PRSen a bal all Schoul entwéckelt an ëmgesat ginn. Bis elo bleift awer nach nozeweisen op dës iwwerhaapt iergend ee positiven Impakt op d’Schoulqualitéit haten – oder net esouguer éischter negativ Effekter opweisen ! Trotzdem soll dat ganzt elo och nach ausgebaut ginn a Form vum PDS.


Offiziellen Text

Kloertext

D’Schoule kréie vill méi Zäit fir eng Analys vun hirer Situatioun a fir d’Festleeë vun engem gemeinsamen Entwécklungszil.“ „D’Schoulen sollen eng Analys maachen wou awer d’Schlussfolgerung scho feststeet, vue dass di verschidde Punkte vun den Entwécklungsziler virdéfinéiert sinn.“
„D’Schoulen kréie méi grouss Flexibilitéit beim Formuléire vun den Ziler respektiv beim Festleeë vun der Dauer, wou un den jeeweilegen Ziler geschafft gëtt.“ D’Schoule mussen de PDS iwwerschaffe wann e vum Gemengerot (oder vum Directeur régional) net accordéiert gëtt.“
„D’Schoul kann d’Aktiounspläng fräi gestalten, sou dass d’Informatiounen zu Wien? mécht Wat?, Wéini? kloer kënne vermëttelt ginn; de staark formalistesche Charakter vun den Aktiounspläng aus dem PRS verschwënnt.“ „D’Schoulpersonal gëtt dozou opgefuerdert sech géigesäiteg ze kontrolléieren an iwwert de Kollegen hir Aarbecht ze uerteelen.“
„De Schoulpresident kritt méi Zäit (+2 Stonnen Decharge), fir sengen Aufgaben am Kader vum PDS nozekommen.“

„D’Ressourcë gi vun de Kanner ewech geholl. Bis elo konnten déi 500 Stonnen am Kader vum PRS als zousätzlech Unterrechtsstonnen fir d’Kanner agesat ginn. An Zukunft mussen 2 Stonnen fir reng administrativ Zwecker geholl ginn. D’Schoule kréie just 2 Stonne fir zousätzlech

Unterrechtstonnen
„D’Schoul kritt den neien I-DS (instituteur spécialisé en développement scolaire) un hir Säit als aktiv Ënnerstëtzung fir all Aufgaben am Kontext vum PDS.“ „D’Schoul kritt den neien I-DS (instituteur spécialisé en destruction de l’autonomie scolaire) un hir Säit als aktiv Kontroll fir all Aufgaben am Kontext vum PDS.“
„D’Schoule kréien eng online baséiert Plattform fir den PDS festzehaalen an d’Projeten ze leeden (Edvance), wouduerch de Schréifopwand verréngert gëtt.“ „D’Schoule kréien eng online baséiert Plattform fir d’Kontroll vun der Ausféierung vum PDS méi einfach ze gestalten.“


Positioun vum SEW:

Den SEW war vun Ufank un géint de PRS an ass och weiderhinn géint de PDS. De PDS ass net wéi en duergestallt gëtt, e Mëttel dat de Kanner zugutts kënnt andeems et der Schoul hëlleft sech ze entwéckelen, mee e Kontrollinstrument. De PDS gëtt eng „Visitekärtchen“ vun der Schoul an dingt als Reklamm fir bei dem Client/ den Eltere Androck ze hannerloossen. De ganze Corps Enseignant dierf keng Individualitéit méi hunn. Jidderee muss sech un déi am PDS virgeschriwwen Richtlinien halen fir de Konsequenzen bei der Bewertung aus dem Wee ze goen. Wéi solle Kanner nach zu kriteschen, selbstdenkenden Individuen ausgebild ginn, wann hir Enseignanten keng kritesch selbstdenkend Individuen méi dierfe sinn?