Grouss Problemer mam Recrutement vum Léierpersonal

Eng Kritik, déi och schonn an de leschte Wochen ze héiere war an déi de Patrick Arendt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL op der Rentrées-Pressekonferenz mat Zuele beleet. Et war ëmmer sou, datt wann ee Concours
war, da ware méi Kandidaten do wéi Plazen. Dëst Joer awer wieren net genuch Kandidaten dogewiescht. Vun 100 Plazen sinn der 80 net besat ginn. Dat obschonns de Ministère Leit, déi a Fro komm sinn, ugeruff huet, fir sech fir de Concours ze presentéieren.Dat wier kloer d‘Konsequenz vum Stage vun 3 Joer, deen agefouert gouf, bei deem déi Jonk bis um Enn schwéier ënner Drock stinn an an enger ganz prekärer Situatioun bleiwen.