Fondamental: Entrevue SEW/OGBL - MENJE

26.06.2020

Op Demande vum Comité vum Fondamental vum SEW/OGBL koum et de Freiden, 26. Juni zu enger Reunioun mat de Responsabele vum Educatiounsministère.

De Ministère war vertrueden duerch d’Madame Francine Vanolst an d’Häre Georges Strauss a Jean Schram, den SEW/OGBL duerch d’Mara Rossi, d’Sonia Mousel, d’Joelle Damé, d’Sonja Delli Zotti, d’Isabelle Bichler (Landesverband), den Olivier Jentges a Patrick Arendt.

Sujet vun der Reunioun war eng méiglech Klärung vun enger Rei un Onkloerheeten, déi sech aus der aktueller Situatioun erginn hunn :

1. Bilans


  • Bilans intermédiaires

Bedéngt duerch de Lockdown hunn d’Enseignantë ganz wéineg Elementer fir de Bilan ze erstellen. Eng professionell a fondéiert Evaluatioun vun de Fortschrëtter vun de Kanner ass an där kuerzer Zäit schwiereg ze realiséieren.

Den SEW/OGBL proposéiert d’Ajoute vun engem Remark op all Bilanen, déi drop hiweist, dass d’Enseignantë sech op déi essentiell a prioritär Contenue konzentréiert hunn, an dass déi Contenuen, déi dëst Joer net behandelt konnte ginn, am Laf vum nächste Joer nogeholl ginn. Den Haaptakzent soll duerfir um Entretien mat den Eltere leien, wou d’Perspektive fir d’nächst Schouljoer gekuckt ginn.

  • Allongementer

Opgrond vun dem laange Lockdown ass et fir d’Equipe pédagogique schwiereg en Allongement mat Pieces à l’appui ze begrënnen.

Sollten Eltere vun engem Allongement net (méi) iwwerzeegt sinn, sou mécht et wéineg Sënn an eng Procédure de recours ze goen.

Den SEW/OGBL proposéiert eng generell Kommunikatioun vum Ministère betreffend dëse Punkt.

  • Procédure d’orientation

D’Perspectives d’orientation musse laut Gesetz ab dem 3. Trimester vum éischte Joer am Cycle 4 redigéiert ginn. 

Den SEW/OGBL proposéiert e Report vun dëse Perspectives d’orientation zum Zäitpunkt vum nächste Bilan intermédiaire, also Chrëschtdag 2020. 

  • PPAA

Déi bestoend PPAA musse reegelméisseg aktualiséiert ginn.

Den SEW/OGBL proposéiert dass de MENJE den Direktioune matdeelt, keen exzessive Formalismus ze bedreiwen.

 

2. Rentrée 2020/2021

 

  • Verschidden Optiounen fir d‘Rentrée

D’Situatioun am September ass am Moment net ofzeschätzen.

Et ass net akzeptabel, dass kuerz virun der Rentrée erëm alles geännert gëtt an d’Enseignanten erëm mat enormem Asaz eng alternativ Schoulorganisatioun etabléiere mussen.

Den SEW/OGBL fuerdert vum MENJE, dass d’Enseignanten zäitno déi verschidden Optioune matgedeelt kréien.

Des Pläng mussen transparent sinn, an enger konstruktiver Kommunikatioun opgestallt souwéi an enker Kollaboratioun ëmgesat ginn – an net um Réck vun de Schoulen an de Schoulcomitéen.

  • Am Fall vun engem positiven COVID Test

Bei engem positive Fall an enger Klass iwwerhëlt den LIH den Tracing. 

Déi positiv Persoune ginn isoléiert, an déi mat hinnen an noëm Kontakt ware ginn och isoléiert a getest. Et  gëtt keng Informatioun un d’Elteren oder Schüler aus der Schoul. 

  • Formation Continue

Den SEW/OGBL fuerdert vum MENJE eng Interventioun beim IFEN, dass d’Périoden de Référence fir d’Absolvéiere vun der obligatorescher Formation Continue ëm d’Periode vum Lockdown verlängert gëtt an eng Kommunikatioun dovunner un all Enseignanten. Et si säitens MENJE scho Schrëtt an déi Richtung gemaach ginn. 

 

  • Implikatiounen vum Lockdown op d’Bildungschancen


Den SEW/OGBL fuerdert vum MENJE fir d’Rentree 2020/21 eng global Analyse vun de Repercussioune vum Lockdown op d‘Progressioun vun de Schüler an e Bilan vun de Mesuren an hirer Ëmsetzung. De Schoule mussen déi néideg Moyennen a Ressource zur Verfügung gestallt ginn.

 

Vu dass d’Rendez-vouse mat den Elteren a ville Klassen ab nächster Woch geplangt sinn, huet den SEW/OGBL gefrot, dass d’Kommunikatioun un d’Enseignanten esou séier wéi méiglech vum MENJE erausgeet.