„Ech packe mäi Beruff net méi!”

03.04.2019

Dësen alarmante Saz héiert een an de leschte Méint ëmmer méi oft, wann een sech d’Zäit hëlt, fir mol ausserhalb vun der Schoul méi laang Eenzelgespréicher mat engem Enseignant ze féieren, deen an der Grondschoul schafft.

Dëse Saz kënnt net vu Stagiairen, déi sech aktuell 2 Joer laang duerch e wéineg sënnvolle Stage duerchschloen.

Dëse Saz kënnt och net vu Beruffsufänger, déi an den éischte Méint a Joren vun hirer berufflecher Carrière zimlech struewelen.

Nee, dëse Saz kënnt vun erfuerenen an immens engagéierten Enseignanten aus dem Fondamental, déi 20 Joer a méi laang an der Grondschoul schaffen. Oft vu männleche Kollegen, déi permanent Vollzäit geschafft hunn, a elo an enger zolitter berufflecher “Midlife-Crisis” stiechen. Oder schlëmmer nach: Kollegen, déi um Enn sinn. Frustréiert, desillusionéiert, ausgebrannt, krank.

A si froen sech total verzweiwelt:

“Wat ass an der Schoul geschitt? Wat ass mat mengem Beruff geschitt? Wat ass mat mir geschitt, dass ech d’Schoulhale net méi packen?”

Bedreift een dann zesummen mat esou engem Enseignant an engem Gespréich Ursaachefuerschung, da stellt sech séier eraus, dass dëse Frust engem schläichenden, ganz komplexe Prozess ze verschëlden ass. An, dass déi strukturell Reform, déi eng zentral Steierung vun de Schoulen mat sech bruecht huet (e.a. Stéchwuert “Contingent”, Stéchwuert “Schoulentwécklung”), an déi mam Schoulgesetz 2009 institutionaliséiert ginn ass, den Ausléiser fir eng zolidd Lawin vu negative Konsequenze war, déi iwwert d’Enseignanten gerullt ass. Déi puer Schoulen an Enseignanten, déi sech nach iergendwéi konnten mat deem neie Gesetz arrangéieren, déi goufen du komplett ëmgehäit, wéi aus dem Inspektorat “directions régionales” goufen, a wéi et dunn och nach vun der Fonction Publique geheescht huet, all Staatsbeamten géif elo opgrond vun engem “Plan de Travail Individuel” (respektiv vun engem “Plan de Développement Scolaire” PDS vun hirer Schoul) individuell bewäert ginn.

Den SEW/OGBL hat all Kéiers, wann dës politesch Mesuren ugekënnegt goufen, haart an däitlech virun de Konsequenze gewarnt. Mee d’Kollegen um Terrain konnte sech net virstellen, dass des Gesetzer an Accorden tatsächlech géifen esou ee rauen a negative Wand an d’Schoule bréngen. “Dir moolt den Däiwel un d’Mauer!” – “Dir sidd just reaktionär a wiert iech géint all Neies, wat vum MENJE kënnt!” Dës an aner Aussoen vun de Kollegen hunn déi gewerkschaftlech Positioun geschwächt: anstatt sech all zesummen géint des Bestëmmungen ze wieren, huet zousätzlech déi konträr Positioun vum SNE/CGFP (Ënnerschreiwe vum Accord an der Fonction Publique) dozou gefouert, dass net nëmmen d’Gewerkschaften gedeelt waren, mee dass och e Rass duerch d’Unitéit vum Corps Enseignant goung. “Divide et impera!” …an de MENJE hat (an huet) liicht Spill!

10 Joer no der Aféierung an der Ëmsetzung vum Schoulgesetz 2009 sti vill Enseignanten virun de Schierbelen vun hirem Beruff. Et ass derwäert méi an den Detail vu verschiddene vun den Ursaachen ze goen, déi aus engem vun de nobelste Beruffer, déi et ginn, e Beruff gemaach hunn… deen eigentlech kee méi sou richteg wëll maachen. Wéi ass soss –trotz der Sécherheet vun dëser Staatsplaz, trotz der “décker Pai an de ville Vakanzen” (wéi een et andauernd an den héich intellektuellen RTL Commentaire liese kann)- ze verstoen, dass mir eng Penurie am Enseignement hunn? Firwat geheien d’Kollegen no 20 Joer d’Knëppele bei d’Tromm a sichen e Fluchtwee aus dem Klassesall an aus der Schoul?

  1. D’Gesellschaft huet sech staark verännert.

D’Gesellschaft, dat sinn e.a. Schüler, Elteren, Politiker. Mir hunn et mat engem grousse Wandel vun eise gesellschaftleche Wäerter an de leschten 10-15 Joer ze di kritt. Jiddereen denkt un éischter Plaz u sech selwer a wëll di eegen Interessen duerchsetzen, noutfalls och mat (juristescher) Gewalt.

Wann z.B. Elteren hire Kanner bäibréngen, si solle sech an der Schoul nëmme näischt gefale loossen, da gëtt d’Autoritéit vum Enseignant komplett ënnergruewen. Wann d’Elteren d’Schoul haaptsächlech als eng Déngschtleeschtungs-Ariichtung gesinn, an där d’Kanner versuergt a bespaasst ginn, a wou déi Institutioun dach gefällegst soll dofir suergen, dass z.B. all Kand nom 6. Schouljoer an de “Classique” kënnt (well soss huet den Enseignant seng Aarbecht schlecht oder guer net gemaach), da si mir als Enseignanten “d’Eefalte vum Déngscht!” (Zitat vun engem Enseignantskolleg). Da kënne mir och grouss op eis Schoulen “Club Med” schreiwen a lauter Animateuren astellen, déi genee dat maachen, wat hir Clientèle wënscht resp. verlaangt.

De Narzissmus vun de Schüler an hiren Elteren hëlt stänneg zou. Vill Schüler weise keng Leeschtungsbereetschaft méi a sinn och ni un eppes schold. D’Aggressiounen an de Klassen, op de Schoulgäng, de Busarrêten an de Schoulhäff huelen zou, a kee mécht eppes dogéint. Fir verhalensopfälleg Kanner gëtt alles entschëllegt, wat se zum Onwee maachen. Vill berodungsresistent Elteren, déi oft an der Erzéiung vun hire Kanner versot hunn, beschwéiere sech fir all Klengegkeet bei der Direction Régionale, bei de Gemengeverantwortlechen oder direkt beim Schoulminister.

Spéitstens wann bis d’Elteren vu Kanner, déi keng Verhalensopfällechkeeten hunn, sech vehement wiere well bei hirem Kand an der Klass wéinst problematesche Klassekomeroden kee gereegelte Schouloflaf geschweige dann en Apprentissage méiglech ass, eréischt dann gëtt eppes ënnerholl.

Den Enseignant kann dat net eleng an de Grëff kréien, wann hie keng zousätzlech Ënnerstëtzung kritt, mee just nach zousätzlech Drock vu senge “supérieurs hiérarchiques” gemaach, dierf mat kengem iwwert déi Mëssstänn schwätzen (Maulkuerf léisst gréissen!). Ëmmer steet den Enseignant an der “Beweis- oder Handlungspflicht”, a wann de Schüler oder d’Elteren alles ofstreiden oder alles fuerderen, dann huet den Enseignant ee Problem, muss kuschen a maachen an dinn. Vun Autoritéit oder engem “nobelen” Beruff keng Spur. Ass et do verwonnerlech, dass den Enseignant déck d’Flemm huet?

  1. Enfants à besoins spécifiques

Et soll elo net den Androck entstoen, dass nëmmen dierfe Kanner an de Klasse sëtzen, déi einwandfrei funktionéieren.

D’Recht op Bildung gëllt fir all d’Kanner, an ass net nëmme gesetzlech verankert[1], mee muss och eng mënschlech an ethesch Selbstverständlechkeet sinn.

AWER: Et ass eng Tatsaach, dass d’Inclusioun vill ongeléist Problemer an de Schoule schaaft.

D’Enseignanten gi ni gefrot, wéi si sech eng sënnvoll Inclusioun virstellen, wat si vu Moyene bräichten, wat misst strukturell verännert ginn. Si kréien mam Argument “le droit à l’inclusion” Kanner mat deene verschiddensten Zorten vun Trauma, Behënnerung, Verhalensopfällechkeet an hir Klass gesat a mussen am Alldag domat eens ginn a jidderengem gerecht ginn.

All Enseignant otemt ënnerlech op, wann hien keen “enfant à besoins spécifiques” a senger Klass huet. Net, well hien géint Inclusioun ass, mee well hien oft ganz eleng mam Problem do steet éier d’Procédure fir d’Kommissioun d’Inclusioun (CI) uleeft. An éiert no wochelaangem Waarden, bis do eng Äntwert kënnt. Um hierarchesche Niveau iwwert dem Enseignant schuppst een deem aner den Dossier zou, an dat zemools elo, wou et di 8 Kompetenzzentren ginn. Oft passt d’Kand net an ee vun den Zentren, well den Diagnostik net eendeiteg ass. An deem Fall ass et da schwiereg, iwwerhaapt als Enseignant eng Hëllef an d’Klass ze kréien d.h. eng zousätzlech spezialiséiert Persoun, déi sech ganz reegelméisseg em dat Kand an der Klass këmmert a sou eng sënnvoll Inclusioun méiglech mécht. Nee Här Meisch, nëmmen e (guttgemengte) Coaching oder eng (sënnvoll) Weiderbildung ass NET hëllefräich fir seou een Enseignant!

Och hei soll elo net den Androck entstoen, dass d’Kompetenzzentren hir Aarbecht net maachen, AWER: et si net genuch Moyene, Ressourcen, Leit… do fir all déi Kanner ze encadréieren, déi den offizielle “Stempel” vum “enfant à besoins spécifiques” hunn. Et ass also e systemesche Problem, dee muss vun der Bildungspolitik, a net um Réck vum Enseignant geléist ginn! Net ze schwätzen, vun all deene Kanner, déi keen offiziellen Diagnostik hunn, an déi da souwisou net an de Genoss vun enger spezialiséierter Hëllef kënne kommen, mee op den Enseignant ugewise sinn. A guer net ze schwätze vun all deene Kanner, déi wëllen an engem sécheren Ëmfeld eppes an der Schoul bäiléieren. Déi néideg personell a materiell Viraussetzungen fir eng sënnvoll an erfollegräich Inclusioun sinn also net do a mussen geschafe ginn, well et ass kloer, dass een d’Schüler net einfach a Gruppen (an Kompetenzzentren) andeele kann, mee dass all Schüler individuell gekuckt a behandelt muss ginn. Woubäi een och muss soen, dass den Enseignant d’Gefill kritt, dass déi Diagnosen ufänken Iwwerhand ze huelen.

Nieft de ville gesellschaftleche Verännerungen muss den Enseignant also och nach d’Inclusioun locker an der Klass hikréien. An doduerch gëtt d’Inclusioun, wat jo eigentlech eng gutt a selbstverständlech Saach soll sinn, als enorm Zousazbelaaschtung vum Enseignant empfonnt. Den engagéierten Enseignant ass total frustréiert, well hien weder där dote Schülerclientèle ka gerecht ginn, nach där anerer. Allze oft gëtt déi stonneweis “Hëllef vu baussen” dann och als Zousazbelaaschtung empfonnt, well den Enseignant sech permanent muss mat där Persoun ofschwätzen, si iwwert alles muss informéieren (z.B. Ausfluch, Sortie, Visitt), sech reegelméisseg muss mat hir concertéieren, Förderpläng zesumme schreiwen, a vill zousätzlech Reunioune goen…, an einfach souvill méi ze denken an ze organiséieren huet wéi en dat jo schonn a sengem berufflechen Alldag muss maachen. Jo, och dat gehéiert zu sengem Beruff, MEE: et ka net andauernd alles an ëmmer nach méi an d’Tâche vum Enseignant gepaakt ginn.

Et ass deemno en enorme Personalopwand noutwendeg (jo, Här Meisch, dat kascht Geld!), fir alle Schüler gerecht ze ginn, well den Enseignant ass fir des Aufgab weder ausgebilt (soss wier en jo Educateur ginn), nach ass en zäitlech oder organisatoresch an der Lag, op all d’(Léier)-Bedürfnisser vun de Schüler anzegoen.

Schlussendlech geet deen dote System dann zu Laaschte vun alle Schüler: deen Asaz an déi Energie, déi den Enseignant fir een eenzele Schüler (z.B. e verhalensopfällege Schüler) opbréngt, déi Energie an deen Asaz geet fir déi aner 15-20 Kanner, déi jo och nach an der Klass sëtzen, verluer. A sou ginn d’Problemer nach méi grouss. Den Enseignant brennt aus, well hien u sengem héijen eegenen an dem gesellschaftlechen Usproch, ALL de Schüler gerecht ze ginn, scheitert.

Hei kéint e Modell wéi an de Lycéeën den Enseignanten eng grouss Entlaaschtung an de Schüler eng effikass Hëllef bidden: e SEPAS (ancien SPOS) an de Schoulen, jee no Unzuel vun de Schüler pro Schoul mat zueleméisseg vill oder  wéineger, spezialiséiertem (!!!) Personal besat, z.B. Assistant social, Psycholog, Familljentherapeut, Traumaexpert, Ergotherapeut, Psychomotoriker asw. Dat géif bedeiten, dass nach méi Personal misst agestallt an un d’Schoulen affektéiert ginn: Inclusioun funktionéiert ebe net zum Nulltarif.

  1. Bürokratie & Hierarchie

All déi Enseignanten, déi d’Flemm an hirem Beruff hunn, ginn als Grond och ëmmer déi iwwerdriwwen Bürokratie un, déi zu engem groussen Aarbechtsopwand féiert… a vun den Enseignanten als wéineg sënnvoll empfonnt gëtt. Rapporten vu Reuniounen a Concertatiounen (déi och stänneg zouhuelen), Formulairen an Demanden ausfëllen (déi all Spontaneitéit ënnergruewen), Ufroen u CI a Co., stonnelaang Bilanen ausfëllen (déi nach ëmmer wéineg aussoen), a Plenièren iwwert de PDS debattéieren (an een Dokument mat wéineg Impakt um Terrain ausfëllen) asw.

Jidderee weess et: eppes, wat sënnlos ass, a wat een trotzdeem muss stonnelaang maachen… dat hëlt engem vill Kraaft fir sënnvoll a wichteg Saachen, déi ee gäre géif maachen, mee fir déi ee keng Zäit an Energie méi huet. An dat féiert zu Onzefriddenheet, Frust, Ausgebranntheet.

Bei all déi Paperassen koum elo och nach de “Plan Individuel de Travail” dobäi, en Dokument, wou d’ "directions régionales” drop pochen, dass et ausgefëllt gëtt. En Dokument, wat Drock beim Enseignant opbaut, well et ka géint hien verwennt ginn, z.B. an engem individuellen Evaluatiounsgespréich. Och hei ass den Enseignant erëm an der “Beweis- an Handlungspflicht” a wëll et net drop ukomme loossen, schlecht viru sengem “supérieur hiérarchique” do ze stoen. Ëmmer méi ginn d’Direktiounen net als Ënnerstëtzung, mee als Kontrollinstrument empfonnt. Dat, wat gefaart gouf, ass a ville Schoulen agetraff: d’Direktioun halen sech un de Buschtaf vum Gesetz, ouni Récksiicht op lokal Gegebenheet, op schoulspezifisch Besoine, op d’Ambiance an de Schoulen.

Dat Bindeglid, wat d’Direktiounen eigentlech tëschent de Schoulen an dem MENJE solle sinn, muss an Zukunft nach méi gestäerkt de Wee vum BOTTOM-UP funktionéieren. Et ass nach e laange Wee bis zu enger participativer Schoulkultur.

Och d’Comité de Cogestion /d’Ecole, déi mam Schoulgesetz 2009 eng legal Basis kruten, ginn instrumentaliséiert vun den Direktiounen, mussen Direktiven ënnert d’Enseignante bréngen an hëllefen duerfir suergen, dass des Direktiven och ausgefouert ginn. De President vum Comité steet an der ondankbarer Sandwichpositioun tëschent senge Kollegen an der Schoul an der Hierarchie.

D’Schoulkomiteë leeschten eng wäertvoll Aarbecht am Intressi vun all den Enseignanten.

  1. Echappatoires

An domat wiere mir da bei de Méiglechkeeten, déi een als Enseignant huet, wann ee sech muss agestoen: “Ech packe mäi Beruff net méi!”.

Mat Kollegen / der Direktioun iwwert seng Belaaschtung schwätzen!Dëse couragéierte Schratt ass oft kontraproduktiv: den Enseignant gëtt als schwaach duergestallt, belächelt oder net méi fir voll geholl. “Hien gëtt net méi eens!” Den Enseignant selwer gëtt also a sengem negative Gefill nach verstäerkt, zitt sech zréck oder versicht ze maachen, wéi wann hien géif eens ginn.

Wann et finanziell machbar ass, flücht den Enseignant mol an e mi-temps. Vill Enseignanten zécken, fir sech professionell Hëllef ze huelen, oder maachen dat heemlech, fir net negativ jugéiert ze ginn. Oder si schlécken Anti-Dépresseurs, fir hire berufflechen Alldag ze packen. Oder si melle sech eben reegelméisseg krank. Déi wéinegst froen sech e “Congé thérapeutique” un, well dat “Net Méi Eens Ginn” den Diagnostik “Burn-Out” (eng offiziell unerkannte Krankheet) vun engem Spezialist brauch. Doriwwer schwätzen a sech als “Schwächling” outen, wëll keen, well et vum Enseignant selwer als Echec empfonnt gëtt, wann hien seng berufflech Belaaschtung net méi packt. Well hien d’Comptoire-Gespréicher “Wat beklos du dech: sécher Plaz, déck Pai an dauernd Vakanz!” fäert. Well et jo och keng offiziell Etüden zu deem dote Problem am Enseignement gëtt.

Den ISERP-Studium, deen all d’Enseignanten, déi schonn 20 Joer oder méi laang schaffe, gemaach hunn, ass eigentlech eng Sakgaass: et kann ee “just” domadder Schoul halen. A wann dat net méi geet, da geet et mol lass mat Dechargen, déi ee probéiert op iergendeng Manéier ze ergatteren. Firwat net och an eenzele Schoulen doduerch, dass een am Schoulcomité matschafft oder de Posten vum President iwwerhëlt wann een da gewielt gëtt. Säit puer Joer probéiere vill Kollegen e Studium per Fernkurs, oder si ginn zeréck op d’Uni studéieren, an der Hoffnung, dass dësen Diplom (Master) hinnen et erméiglecht aus der Klass ze flüchten an en administrative Posten an enger anerer Carrière ze ergatteren. Oder, fir als “Spezialist” di Ancien Kollegen ze beroden. Oder, fir Formatiounen um IFEN, ze halen. Fir op der Uni.lu an der Studentenausbildung matzemëschen. Fir e Posten an enger “direction régionale” ze kréien.

Kuerz: de verzweifelten Enseignant gëtt selwer a fräiwëlleg zu engem Riedchen an där Maschinn, ënnert där hien schwéier gelidden huet. E gehéiert elo zu genee där Bürokratie, déi hien ëmmer ugeprangert huet. Hien ass elo ee vun deene Satellitten, déi deenen aneren Enseignanten soen, wat si ze maachen hunn a wéi si et solle maachen. Des geflücht Enseignanten ginn déi riets Hand vum Direkter an hëllefen, déi Direktiven ëmzesetzen an déi Formulairen, Dossieren a Pläng anzedreiwen, déi hien selwer fäerdeg gemaach hunn. Si hëllefen, d’Quereinsteiger auszebilden… obschonns si selwer wëssen, dass domat den Enseignantsberuff komplett bradéiert gëtt.

Fir am Schoulsystem ze iwwerliewen ouni mussen Schoul ze halen, beléien si sech selwer, ginn zum Deel vum System an droen dozou bäi, dass aner Kollegen genausou desillusionéiert iergendwann aus de Schoule flüchten, wéi si selwer.

Och hei soll net den Androck entstoen, des verzweiwelt Enseignanten wiere elo déi, di hir Kollege verroden. Et sinn der och wierklech vill, déi dëse Sprong eraus aus dem Klassesall an eng aner Carrière aus echtem Idealismus (mat enger gewësser Portioun Naivitéit) maachen. Et sollen der souguer ginn, déi sech voll engagéieren, fir eppes an eise Schoulen an am System ze verbesseren. Mam Risiko, iergendwann erëm genau dee Saz ze soen, dee si an dës Carrière gedriwwen huet: “Ech packe mäi Beruff net méi!”. Wéi krank ass eise System, dass en engagéiert Leit an esou eng Spiral dreift?

  1. Léisungsorientéiert Usätz
  • D’Situatioun an eisem Schoulsystem, a besonnesch an der Grondschoul, ass total verfuer. Dorun änneren och Initiativen à la “Beweegte Schoul”, déi als enorm Trouvaille héich mediatiséiert ginn, näischt. Et geet also drëms, den Enseignant ze stäerken an him a sengem schwieregen Beruffsalldag d’Loscht an d’Kraaft fir säin Job ze ginn.
  • All Enseignant soll sech an enger Gewerkschaft affiliéieren a sou mathëllefen, fir besser Aarbechtskonditiounen ze kämpfen. Wann een zu vill ass, da gëtt op ee gelauschtert. Hei gehéiert Zivilcourage an Engagement dozou. D’Knoutere bei der Kopiesmaschinn, d’Motzen an der Konferenz bréngt näischt. Wann d’Politiker sou wéineg fir den Enseignant, dee Schoul hält, maachen, da mussen d’Enseignanten sech ënnerteneen organiséieren a sech Gehéier verschafen.
  • All Enseignant, deen an de soziale Netzwierker ënnerwee ass, soll net nëmmen Selfien a Kazevideoen posten, mee och op Mëssstänn am Enseignement opmierksam maachen. A wien Angscht huet, sech ze outen, kann dat jo och anonym maachen.
  • All Enseignant soll säi frustranten Eenzelkämpfer opginn a soll sech Kollege sichen, déi ähnlech denken an ticken. Am Team, als Ekipp, als “Corps Enseignant” zesummenhalen a –schaffen. Dat mécht den Enseignement am Ganzen an den Enseignant als Eenzelen erëm staark.
  • All déi Kollegen, déi soen “et huet jo dach kee Wäert”, deene weisen d’Enseignanten mol di rout Kaart verdäitlechen, dass iwwerhaapt näischt besser oder anescht gëtt, wa mir selwer net de Courage hunn, fir eppes ze änneren, oder wa mir eis zum Deel vum System maachen.
  • D’Enseignanten sollen domat ophalen, hir Zäit (an Energie) a sënnlosem an iwwerdriwwenen Plenièren, Reuniouns de Service, obligatoresche Formatiounen, Concertatiounen, … ze verplemperen. Firwat dauernd nolauschteren oder diskutéieren iwwer Saachen, déi jo dach net vun der Hierarchie geännert ginn. Einfach Diskussiounen a Reuniounen aus dem Wee goen, déi näischt bréngen. An déi Zäit notzen, fir sech mat Gläichgesënnten konstruktiv fir Verännerungen anzesetzen.
  • Firwat net mol erëm selwer eng Initiative op d’Been setzen, ouni de Seegen vun der Direktioun. Well de Sproch “Wee näischt mécht, mécht och näischt verkéiert”, dee mécht sécherlech net méi glécklech. D’Enseignanten brauche erëm dat “Wir-Gefühl”, an dat installéiert sech oft informell, unhand vu fräiwëllegen Initiativen um Niveau Schoul … a wann et nëmmen de Staminee um Freiden ass, de Kuch an der Paus oder de Keelenowend um Trimesterschluss.

Eng apokalyptesch Stëmmung an eise Schoulen hëlleft kengem virun. An dach muss di aktuell Situatioun (vill erfueren, ausgebrannten Enseignanten) eescht geholl ginn, wa mir dat pädagogescht Feld net komplett de Manager, Entrepreneuren a Quereinsteiger wëllen iwwerloossen.

Mir brauche motivéiert, engagéiert an zolidd ausgebilt Enseignanten, mat enger staarker an authentescher Enseignantsperséinlechkeet. Dat ass en echte Qualitéitssprong fir eis Schoulen, well et ass den Enseignant, deen all Dag an der Klass mat de Schüler schafft an do säi Mann / seng Fra stellt, deen den Ënnerscheed mécht!

[1] 13.12.2006 : d’Generalversammlung vun de Vereente Natiounen beschléisst « Übereinkommen über die Rechte von Menschen mit Behinderungen »

Artikel 24 : Mënsche mat Behënnerung sollen zur echter Partizipatioun an enger fräier Gesellschaft befähegt ginn, solle gläichberechtegt mat aneren an der Gemeinschaft, an däer si liewen, Accès zu engem integrativen, héichwertigen an onentgeldlechen Enseignement a Grondschoulen a weiderféierende Schoulen hunn.

2008 : d’Inclusiouns-Gesetz trëtt a Kraaft

2009 : d’EU ratifizéiert dëst Gesetz

 
Artikel vum Nadine Elcheroth