Schoulentwécklung

Schoulentwécklung ass wichteg an ouni Alternativ fir de Schoulsystem op d’Erausfuerderungen vun enger Gesellschaft an engem séiere a stännege Wandel un ze passen. Schoulentwécklung muss an engem internationalen Kontext op engem wëssenschaftleche Niveau stattfannen. D’Enseignante vum Terrain mussen dobäi an de Prozess mat agebonne ginn.
Definitioun vun der Schoulentwécklung
Schoulentwécklung kann op 3 Niveaue gesi ginn:
- Duerch eng permanent Evaluatioun gëtt de Schoulsystem weider entwéckelt. Wichteg an dem Kontext, datt kloer Ziler formuléiert ginn, déi transparent sinn an eng gesellschaftlech Akzeptanz hunn.
- Déi eenzel Schoulgebaier ginn sech e Plang fir sech an eng spezifesch Richtung ze entwéckelen. D’Schoullandschaft spléckt sech op, d’Schoule riichten sech un speziell Schülerprofiler, d’Ziler si net méi déiselwecht.
- Den Enseignant selwer ass an der Flicht sech am Laf vu senger Carrière permanent weider ze entwéckelen. Hie passt säi Schoulhalen un déi spezifesch Besoinen vun de Kanner un an hält sech um leschte Stand vun de pädagogeschen Innovatiounen. Hie brauch eng gutt Basisformatioun, déi et him erlaabt fir bei kuerzliewegen pädagogesche Stréimungen, kritesch ze bleiwen.
Objektiver vun der Schoulentwécklung
Schoulentwécklung ass e wichtegt Instrument fir de Schoulsystem ze steieren. Duerfir mussen am Virfeld d’Objektiver vum Schoulsystem op alle Niveaue kloer definéiert ginn. D’Ziler mussen fir all d’Acteure transparent sinn, dann eréischt kënne Strategien developpéiert ginn.
Fir d’Kohesioun vun der Gesellschaft an e minimum vu Chancëgerechtegkeet fir all Kanner ze garantéieren muss d’Ziler op nationalem Niveau déiselwecht sinn. Mat den «Epreuves standardisées» am Cycle 4 am Kontext vun der Orientatioun fir an de Secondaire sinn se dat an der Realitéit jo och. Et ass sozial ongerecht wann d’Ziler lokal, dat heescht jo no sozio-ekonomesche Kriterien vun der lokaler Bevëlkerung verschidden interpretéiert oder definéiert ginn. Déi Ongerechtegkeet reduzéiert op eng considerabel Aart a Weis d’Chance vu ville Kanner aus sozial defavoriséierte soziale Milieuen.
Et ass inakzeptabel, datt a Schoule mat Schüler aus sougenannte «bildungsfernen» Schichten et net emol probéiert soll ginn fir d’Kanner op dee Niveau ze bréngen, déi de Schoulsystem sech selwer definéiert huet. Duerch d’Reduzéieren vun vu den Ufuerderungen sinn d’Kanner nëmme scheinbar net an enger Situatioun d’Echec, a Wierklechkeet hunn se vun Ufank un keng Chance op e sozialen Opstig duerch Schoulbildung. D’Ziler vum Schoulsystem limitéieren sech net drop fir Statistiken ze verbesseren.
Um nationale Plang ass Schoulentwécklung de Prozess vum upasse vun den Ziler un déi gesellschaftlech Realitéit an och un d’Ufuerderung vum Aarbechtsmarché. Pädagogesch Methoden a Strategien ginn no neiste wëssenschaftlechen Erkenntnisser an enger Zesummenaarbecht mat den Acteure um Terrain developpéiert.
Eng Spezialisatioun vun de Schoulen a Gebaier ass e geféierlecht Spill. Wann d’Schoulen hir Offer diversifizéieren, wéi et esou schéin heescht, da muss dem Schüler, dem «Client» de Choix gelooss ginn, wat fir eng Offer him am meeschten zouseet. Den nächste logesche Schrëtt besteet doranner, datt och am Fondamental d’Elteren sech d’Schoul fir hir Kanner fräi aussiche kënnen an dat och an anere Gemengen. Dat zielt natierlech nëmme fir Elteren, déi de Schoulsystem genuch kennen fir ze evaluéieren wou hir d’Kanner déi beschte Chancen hunn an och den Transport kënnen organiséieren. D’Schoule kommen a Konkurrenz a wäerten séier eng Offer proposéieren fir déi «beschten «Schüler unzezéien . Den Trend besteet schonn am Secondaire a verschiddene Lycéeën. Schoulen an defavoriséierte Milieuen verléieren hir «staark» Schüler et kënnt zu enger Ghettoiséierung vun der Schoullandschaft. Do wou fréier d’Aarbechterkanner zesumme mam Notaire senge Kanner geléiert hunn an esou d’Kohesioun vun der Gesellschaft zumindest an der Primaireschoul e bësse fonctionnéiert huet, trenne sech an Zukunft d’Schüler no soziale Kriterien.
D’Responsabilitéit vum Choix vun der Schoul läit bei den Elteren. Fir hire Kanner an der Course op Diplomer e Virsprong ze ginn, dat ass déi nächst Konsequenz, datt d’Elteren hir Kanner an eng Privatschoul aschreiwen. Hei treffen sech nëmmen Kanner aus sozial favoriséierten Schichten, déi sech d’Fraisen vun der Schoul kënne leeschten.
D’Privatiséierung vum Schoulsystem ass längst am gaangen. An enger éischter Phase gi Privatschoulen an d’ëffentlech Schoul integréiert (englesch Klassen am LML, privat Offer fir Precoce), wou de Staat d’Infrastrukturen an d’Enseignanten bezuelt, mee et kann ee sécher sinn, datt et net laang dauert bis déi Systemer payant ginn wann se bis beim Public akzeptéiert ginn.
PRS/PDS sinn also net nëmmen administrativ Onsënnegkeeten, mee och eng enorm Gefor fir de Schoulsystem. An enger Zäit wou rietsextrem Tendenzen séier zouhuelen, ass et politesch inakzeptabel fir d’Gesellschaft nach méi ausenaner driften ze loossen a ville Kanner vu virun d’Chance op e sozialen Opstig duerch Bildung ze verbauen.
D’Objektiv vun engem lokalen Entwécklungsplang ka just eng Definitioun sinn vun eventuellen Differenzéierungsmoosnamen fir de Kanner d’Chance ze ginn déi national definéiert Ziler ze erreechen. An der Praxis heescht dat, dat d’Schoulen d’Moyen definéieren déi si brauchen fir hir Kanner optimal ze encadréieren.
Wann allerdéngs duerch de Contingent keng Moyen zur Verfügung stinn (oder just symbolesch e puer Stonnen verdeelt ginn), dann ass dee ganzen Exercice reng Aawëscherei an et geet der Politik just drëms fir d’Responsabilitéit vun hirer aktueller Personalpolitik un d’Enseignanten ofzeginn.
Perséinlech Entwécklung leeft iwwert Formatioun continue. Déi ass awer nëmme sënnvoll wann den Enseignante se kann senge perséinleche Besoinen upassen. Den aktuelle System ouni Concertatioun mat e Leit vum Terrain aus de Klassen, wou d’Enseignante Formatiounen ofsëtze mussen fir op eng bestëmmten Stonnenzuel ze kommen ass absolut kontraproduktiv.
D’Responsabilitéit vun der Schoulentwécklung
D’Politik ass an der Flicht fir d’Ziler ze definéieren an an der Flicht fir d’Moyenen bereet ze stellen, fir dat déi erreecht ginn.
Duerfir läit d’Responsabilitéit integral bei der Politik. Iwwert de Contingent d’Stonnenzuel vun de Schoule kierzen an d’Enseignanten da selwer responsabiliséieren fir d’Ziler ze erreechen ass zynesch.
Wann d’Politik déi néideg Ressourcen bereet stellt, dann ass et sënnvoll, datt d’Schoulen sech lokal organiséieren an d’Responsabilitéit iwwerhuelen. Am Kontext vun nationalen Ziler an der Disponibilitéit vun de néidege Mëttelen.
Haaptzil ass fir pragmatesch Mesuren an d’Praxis ëmzesetzen, déi sënnvoll fir d’Kanner sinn.
Fir déi perséinlech Entwécklung ass den Enseignant selwer responsabel. Hie muss kënne seng Besoinen artikuléieren an optimal Konditiounen fannen fir sech am Laf vun senger Carrière weider ze entwéckelen.
D’Roll vun der Uni
Déi spezifesch Sproochesituatioun vu Lëtzebuerg ass am internationale Kontext eenzegaarteg an och den Haaptdefi vun eisem Schoulsystem.
D’Schoulentwécklung kann sech nëmmen drëm dréinen wéi eis Schoul méiglechst optimal op déi sproochlech Heterogénéitéit vun de Kanner reagéiert an dobäi souwuel d’Kohäsioun vun der Gesellschaft, d’Integratioun vun auslännesche Kanner an d’Exigence vum Aarbechtsmarché respektéiert.
D’Fuerschung vun der Uni.lu kann also nëmmen an déi Richtung goen. Konzepter déi an der Theorie vun der Uni ausgeschafft ginn, mussen zesummen mat de Leit aus der Praxis um Terrain ëmgesat ginn.
Leider ass op der Uni.lu an déi Richtung nach näischt geschitt. Hie kënnt sech d’Uni.lu och international eng Renommée maachen.
Wichteg ass awer dobäi den Austausch mat den aktiven Enseignanten um Terrain, deen an déi zwou Richtunge muss goen.
D’Fuerderunge vum SEW/OGBL
Schoulentwécklung muss um nationale Niveau an Zesummenaarbecht mat der Fuerschung geschéien. Um lokale Plang an de Schoulen reduzéiert sech d’Schoulentwécklung op eng Differenzéierung fir Ziler ze erreechen, déi fir all d’Schoulen identesch sinn. Wichteg ass, datt et net zu enger Ghettoiséierung vun de Schoule kënnt.
Den Enseignant muss an d’Schoulentwécklung agebonnen, mee seng Haaptaufgab ass d’Schoulhalen. Duerfir ass den iwwerdriwwen scho karrikaturalen administrativen Opwand wéi fir den aktuellen PRS/PDS op e Minimum ze reduzéieren. Den Enseignant muss seng Zäit a seng Energie op säi Schoulhalen konzentréier kënnen.
D’Ressource vun der Schoul si natierlech begrenzt. E Maximum vun de Moyenen muss an der Klass bei de Kanner agesat ginn.
Duerfir ass et inakzeptabel, datt gutt ausgebilten Enseignanten dechargéiert ginn fir administrativ Aarbechten am Kontext vun PDS ze leeschten an hir Dechargen dann duerch wéineg qualifizéiert Chargéë iwwerholl ginn.
Schoulentwécklung ass keen Instrument fir Enseignanten ze evaluéieren. Wann et dozou mëssbraucht gëtt, da verléiert se hiren ursprénglechen Zweck an pervertéiert zu engem Dokument mat dem Schoulen an Enseignanten sech selwer duerstellen wëllen oder mussen.
D’Fro stellt sech wéi wäit een Elteren a politesch Responsabel vun de Gemengen un der Schoulentwécklung bedeelege soll. Wann Schoulentwécklung op nationalem Niveau stattfënnt, dann ass et un der Politik se virun den Elteren ze veräntwerten. An der aktueller Form ass et eng Pseudodiskussioun, déi net op enger wëssenschaftlecher Basis ka gefouert ginn. Ass et net éischter esou, datt Elterevertrieder a Schoulkommissioun solle beschäftegt ginn, fir datt se sech net solle mat dem reelle Problem, dat heescht mat dem Kierze vun der Zuel vun de Schoulstonne befaassen.
DE PRS/PDS a senger aktueller Form ass iwwerflësseg a kontraproduktiv. E sollt direkt of geschaf ginn, d’Ressourcen de Schoulen erëm zur Verfügung gestallt ginn fir d’Aarbecht mat de Kanner an de Ministère sollt sech esou opstellen, datt si déi néideg Kompetenzen hunn fir eng reell Schoulentwécklung, an dat an Zesummenaarbecht mat der Uni.lu an den Enseignanten, ze maachen.