Conférence de presse :Rentrée scolaire 2017/18: Intervention de Patrick Arendt

13.09.2017

Mir wëllen eis haut haaptsächlech op 2 wichteg Sujete limitéieren.

  • de wichtegste Sujet ass d’Privatisatioun vun der ëffentlecher Schoul, ob déi de Jules Barthel vum Secondaire am Detail wäert agoen.

Ech wëll awer virausschécken, datt seng Kritiken a Conclusiounen och

  • fir de Fondamental gëllen, wou z.B. mat Arcus, am Beräich vun de Maison Relais an dem Precoce, privat Entreprisë mat grousser Ënnerstëtzung vum Educatiounsministère eng parallel Offer op Käschte vun der ëffentlecher Schoul maachen
  • an der international School, déi als privat Entreprise vum Minister Meisch an der ëffentlecher Schoul etabléiert gouf
  • an och de Fondamentalsklasse vun der englescher Privatschoul ënnert där hirer Lizenz déi englesch Filièren am Lycée Michel Lucius och fir de Fondamental ugebuede ginn.

Dës fundamental Ännerungen si vum Minister Meisch, an der Responsabilitéit vun enger LSAP, déi Gréng an DP Regierung virgeholl ginn, ouni ëffentlechen Debat, an et muss een sech oh froen, ob et iwwerhaapt en koalitiounsinternen Debat doriwwer gouf.

Fir den OGBL an den SEW kann nëmmen eng staark ëffentlech Schoul eng gewësse Bildungsgerechtegkeet fir all Kanner garantéieren. Nëmmen d’ëffentlech Schoul kann d’ enger Kohäsioun vun der Gesellschaft garantéieren. Vu privaten Entreprisen, déi forcement profitorientéiert sinn, ass dat net ze erwaarden.

Den Outsourcing un d’Privatschoulen, well de Ministère offensichtlech kee valabelt Konzept fir de Problem vun der spezifescher Lëtzebuerger Sproochesituatioun fënnt, ass keng Léisung fir d’Sproocheproblemer, wäert awer mëttel- a laangfristeg grave Konsequenze fir eis Gesellschaft mat sech brengen.

De Jules Barthel geet am Detail dorobber an a mir wäerte weisen, datt et sech net nëmme just ëm eng ideologesch Kritik handelt, mee datt d’Schwächung vun der ëffentlecher Schoul fir de Wee opzemaache fir d’Privatiséierung vun der Educatioun, grouss Gefore mat sech bréngt.

Fir op de Fondamental am spezifeschen anzegoen: hei koum et zu grousse Strukturreformen.

Ech wëll nach eng Kéier drun erënneren, datt bei dëse Reformen de Minister sech op en Accord baséiert, deen d’CGFP aus Grënn, déi fir eis schwéier no ze vollzéie sinn, mam Minister ënnerschriwwen huet. Den Accord, gëtt vun enger grousser Majoritéit vun den Enseignanten net gedroen. Et ass méi wéi bedauerlech, datt d’Enseignante do net gefrot goufen.

Vu datt mir als SEW ganz kritesch vis-à-vis vun dëse Reforme waren, refuséiert den Här Meisch, all Verhandlung mam SEW. Mir ginn entretemps iwwert nei Gesetzesprojete via Press informéiert, ech brauch also net extra ze betounen, datt keen Dialog méi vum Minister mat den Enseignantë vum Terrain besteet. D’Enseignantë gi viru Fait Accompli gestallt. D’Schoulpolitik vum Här Meisch fënnt an de Schoule kaum nach Zoustëmmung an dat wierkt sech leider negativ op d’Motivatioun an den Engagement vun den Enseignanten aus, déi sech net méi mat der aktueller Politik identifizéiere kënnen. Dat ass sécher eng Ursaach duerfir,datt probéiert gëtt fir d’Enseignanten aus de Klasse monddout ze maachen, si ginn zum deel massiv ageschüchtert, trauen sech net sech ëffentlech ze äusseren an et héiert een tatsächlech d’Stëmm vun den Enseignante kaum nach. Den Här Meisch huet et mat senger Informatiounspolitik fäerdeg bruecht, datt hie quasi de Monopol vun der Kommunikatioun an d’Ëffentlechkeet huet. Zumindest do ass hie ganz effikass.

D’Enseignantë verléiere vill vun hirer Autonomie a gesinn sech degradéiert als rengen Exekutant.  D’administrativ Tâchen huelen ëmmer méi Iwwerhand. Den Enseignant muss sech virun allem no allen Säiten ofsécheren, fir kee Feeler ze maachen. Aus de Kanner ginn Dossieren, an d’Responsabilitéite gi vun deem engen op den anere weiderginn. Jidderee an der Schoul probéiert mol sech selwer ofzesécheren. Duerch e Bewäertungssystem, dee just den Enseignant a senger Assiduitéit a Verwaltungstâchë consideréiert, well et net méiglech ass d’Schoulhalen objektiv ze bewäerten, an duerch eng Hierarchiséierung vun de Carrièren, erkennen d’Enseignanten ëmmer méi, datt et zielt fir sech haaptsächlech ëm sech selwer a seng perséinlech Carrière ze këmmeren, amplaz sech ausschliisslech op d’Schoulhalen an ob d’Besoine vun de Kanner ze konzentréieren, wéi dat bis elo de Fall war.

Leider ass de Prinzip vun der Cogestioun, deen eis am SEW immens wichteg ass, fir dee mir eis immens agesat hunn an deen och politesch beim  neie Schoulgesetz 2009 vill diskutéiert ginn ass, an dee leschte Joer ausgehielegt ginn an duerch déi nei regional Direktioune quasi ofgeschaaft ginn. Et gëtt nach just probéiert fir d’Presidente vun de Schoulcomité als laangen Aarm vun der Hierarchie anzesetzen a fir administrativ Tâchen ze erleedegen.

An obwuel de Ministère zimlech retizent ass fir konkret Zuele bekannt ze ginn, ass et an der Tëschenzäit allgemeng bekannt, datt mir op eng nei Penurie vun diploméierten Enseignanten am Fondamental zou steieren.

Wou bis elo am Concours fir an d’Fonctioun vun der Léierin a vum Schoulmeeschter ëmmer vill méi Kandidate ware wéi Plazen a vill jonk Kolleginnen a Kollegen de Concours hunn missten e puer mol probéieren, ass et dëst Joer bemol anescht.

Et hunn sech net genuch Kandidate gemellt fir déi oppe Plazen all ze besetzen. Vun deenen 200 Plaze konnten der 80 net besat ginn an dat obwuel de Ministère esou guer Enseignanten, déi hiren Diplom hunn, sech awer aus verschiddene Grënn net wollten an de Stage mellen, per Telefon encouragéiert huet fir sech an de Concours  ze mellen.

Dat ass d’Konsequenz vun dem Stage vun 3 Joer, deen agefouert gouf, wou déi Jonk bis zum Schluss schwéier ënnert Drock stinn an enger prekärer Situatioun sinn. No engem Studium vu 4 Joer, dee just mat engem Bachelor sanktionéiert gëtt kënnt also nach en 3 järege Stage dobäi, mat schwierege Bedingunge wou de Stagiaire bis zum Schluss kann eliminéiert ginn. Den SEW huet zesumme mat de Studenten a Stagiaire sech agesat, datt de Stage soll nei gestallt ginn. Mam Objektiv fir déi jonk Kolleginnen a Kollegen ze ënnerstëtze wann se ufänke Schoul ze hale  bei engem verstännegen Aarbechtsopwand fir de Stage ouni datt se musse fäerten an Examen ecartéiert ze ginn.

Leider sinn eis Fuerderungen nach net berécksiichtegt ginn an et koum just zu e puer kosmetesche Verbesserungen. Ech mengen awer, datt wann ee gesäit wéi d’Situatioun sech entwéckelt, kënnt de Ministère net dolaanscht fir dat ze redresséieren, a wa vun Ufank un e bëssen op eis gelauschtert gi wier, dann hätt een sech déi Problemer mam Rekrutement, déi sech elo stellen, erspuere kënnen.

De Stage huet zimlech séier dozou gefouert, datt vill Studenten hire Studium ofgebrach hunn, respektiv, datt se direkt sech weider op e Master orientéieren an net méi wëlles hunn fir Schoul ze halen. Eisen Informatiounen no sinn och ganz vill manner Kandidaten, déi den Opnam Examen op d’Uni Lëtzebuerg gemaach hunn.

Eng weider Ursaach niewent dem Stage  aus do sécher och, datt vill Enseignanten dobaussen um Terrain mierken, datt duerch déi strukturell Reformen, duerch d’Kierze vun der Zuel vun de Schoulstonnen an de Schoulen duerch de Contingent, deen eréischt 2019 ofgeschloss gëtt, et ëmmer méi schwiereg gëtt fir de Besoine vun de Kanner gerecht ze ginn.

Vill diploméiert Enseignanten hale keng Schoul méi. Eng Rei diploméiert Enseignante sinn hunn eng Plaz kritt fir de Schoulen ze hëllefen den neie sougenannte  Schoulentwécklungsplang PDS ze schreiwen.

De PDS ass allerdéngs just en Alibi, deen an der Praxis soll verstoppen, datt de Ministère keng Léisungen a keng Konzepter fir d’Problemer an de Schoulen huet, an de PDS bedeit haaptsächlech immens vill administrativen Opwand, deen d’Enseignantë vill Zäit an Energie kascht ouni an der Praxis konkret vill Verbesserungen ze bréngen. Opwand a Notze stinn a kengem Verhältnis.

Den SEW verlaangt scho säit laangem datt datt de PDS soll a senger jëtzeger Form ofgeschaaft ginn an d’Schoulentwécklung soll op nationalem Plang gemaach ginn.

Eng Spezialisatioun vun de Schoulen a Gebaier ass e geféierlecht Spill. Wann d’Schoulen hir Offer diversifizéieren, wéi et esou schéin heescht, da muss dem Schüler, dem «Client» de Choix gelooss ginn, wat fir eng Offer him am meeschten zouseet. Den nächste logesche Schrëtt besteet doranner, datt och am Fondamental d’Elteren sech d’Schoul fir hir Kanner fräi aussiche kënnen an dat och an anere Gemengen. Dat zielt natierlech nëmme fir Elteren, déi de Schoulsystem gutt genuch kenne fir ze evaluéiere wou hir Kanner déi beschte Chancen hunn an och den Transport kënnen organiséieren. D’Schoule kommen a Konkurrenz a wäerte séier eng Offer proposéiere fir déi «beschten «Schüler unzezéien . Den Trend besteet schonn am Secondaire a verschiddene Lycéeën. Schoulen an defavoriséierte Milieue verléieren hir «staark» Schüler et kënnt zu enger Ghettoiséierung vun der Schoullandschaft. Do wou fréier d’Aarbechterkanner zesumme mam Notaire senge Kanner geléiert hunn an esou d’Kohesioun vun der Gesellschaft zumindest an der Primaireschoul e bësse fonctionnéiert huet, trennen sech an Zukunft d’Schüler no soziale Critèren.

Et gëtt och elo an de Schoulen nach fir deejéinegen, deen de PDS zu Pabeier bréngt eng zousätzlech Decharge vun 2 Stonnen. Wou se also manner Schoul halen.

Dozou kommen nach déi Spezialisten, déi sech sollen ëm déi Kanner an de Schoule këmmeren, déi besonnesch betreit musse ginn. Dat sinn och natierlech erëm diploméiert Enseignanten, déi net méi virun de Klasse stinn. Mir sinn do immens skeptesch, datt dat eng reell Hëllef an de Klasse gëtt.

Déi Spezialiste sinn un déi nei regional Direktiounen affektéiert a wäerten déi meeschten Zaït domadder verbrénge fir Dossier vun de betraffene Kanner unzeleeën an ze geréieren, respektiv sëtzen se am Auto fir vu Schoul zu Schoul ze fueren oder wat nach méi wahrscheinlech ass, si wäerten op Grond vun der grousser Demande aus de Schoulen sech drop beschränke mussen d’Enseignanten ze encadréieren, mat Rotschléi oder Formatiounen. Den SEW huet verlaangt fir déi Stonnen de Schoule méi am Contingent ze ginn, d’Comité d’école kënnen dann an hirer Gemeng déi zousätzlech Stonne méi effikass an ouni groussen administrativen Opwand direkt bei de Kanner asetzen.

Dat leeft och elo schon direkt bei der Rentrée un a bis elo sinn deene Kolleginnen a Kollegen hir Missiounen och nach guer net kloer definéiert.

Doniewent ginn natierlech elo all Joer ëmmer méi Conseiller pédagogique gebrauch fir d’Stagiairen ze encadréieren, déi duerfir och eng Decharge kréien.

Vu datt déi Gesetzer nach net gestëmmt ware wéi de Recrutementsplang vun dësem Joer ausgeschafft goufen, sinn déi Besoinen u zousätzlechen diploméierten Enseignanten och just virsiichteg berécksiichtegt ginn.

Et mussen also mussen also erëm vill zousätzlech Charge de Cours rekrutéiert gi fir Schoul ze halen, fir déi diploméiert Enseignanten ze ersetzen déi  administrativ Tâchen erfëllen a well sech manner Kandidate fir de Stage gemellt hunn.

Vergiesse mir och net, datt  de Ministère schonn eng ronn 1000 Chargé de Cours mat festem Kontrakt a senge Planunge mat agerechent huet.

Op der enger Säit gëtt also vun den diploméierten Enseignanten eng quasi 7 järeg Ausbildung verlaangt an op der aner Säit muss de Ministère op Chargé de Cours zréck gräife fir Schoul ze halen, dee just eng minimal Ausbildung hunn.

D’Charge de Cours sinn, wéi mir et ëmmer méi aus der Privatwirtschaft kennen, d’ »Leiharbeiter » vun der Educatioun. Si maachen déiselwecht Aarbecht wéi déi diploméiert Enseignanten, verdénge manner, hu manner Rechter a méi eng héich Tâche.

Et waren haaptsächlech Charge de Cours, déi hir Plazen op de Gemenge verluer hunn wann duerch de Contingent Poste reduzéiert goufen. Si sinn och déi Lescht wann an de Schoule selwer d’Tâche vergi ginn.

Et spille quasi déiselwecht Mechanismen an der Schoul wéi a Betriber mat Interimairen, déi net fest engagéiert sinn.

D’Chargé de Cours halen also net nëmme Schoul fir manner Pai, mee spillen och fir de Ministère eng Zort Puffer par Rapport zu deenen diploméiert Enseignanten.

Wann déi Entwécklung do net direkt gestoppt gëtt, de Beruff an d’Formatioun erëm méi attraktiv gëtt, da wäert d’Zuel vun de Chargé de Cours an deenen nächste Joer nach weider an d’Luucht goen. Et gi manner diploméiert Enseignanten an de Klassen.Mir schwätzen also schonn net méi vun dem Objektiv fir eng Kéier nëmmen nach diploméiert Enseignanten ze hunn.

Zesumme mat dem Bashing vun den Enseignanten, deen och vun der Politik mat bedriwwe gëtt, erkennt hei eng systematesch Devalorisatioun, en Imageverloscht vun der ëffentlecher Schoul. An et mussen en sech d’Fro stellen, ob net den Objektiv dohannert steet fir de Privatschoulen eng Dir grouss op ze maachen andeems d’ëffentlech Schoul esou geschwächt gëtt, dat d’Elteren sech quasi gezwonge gesi fir no Alternativen ëm ze kucken.

 

Den SEW fuerdert de Minister Meisch op :

  • Eng Politik fir d’ëffentlech Schoul fir all Kanner ze maachen
  • Am Virfeld en Debat iwwert seng grondleeënd Reformen ze féieren
  • Den Dialog mat den Enseignanten um Terrain erëm opzehuelen
  • De Stage vun den neien Enseignanten am Fondamental esou ze gestalten, datt en eng reell Hëllef ass fir déi Jonk, datt se gestäerkt a selbstbewosst de Wee an hir Funktioun fannen
  • den administrative Waasserkapp erëm opzeléisen an déi Mëttel, déi doduerch erëm zur Verfügung stinn an de Schoulen anzesetzen
  • d’Formatioun en Cours d’Emploi déi vun der Uni fir d’Chargé de Cours ugebuede gëtt muss nei organiséiert a strukturéiert gi fir deene Leit déi motivéiert sinn och wierklech d’Méiglechkeet ze ginn déi Formatioun ze maachen.
  • de Prinzip vun der Cogestioun, vun de Comité d’école ze respektéieren an ze stäerken
  • de Schoule méi Schoulstonnen ze ginn, déi si selwer no de Bedürfnisser vun de Kanner geréiere kënnen
  • de Ministère soll sech net nëmmen ëm strukturell Reforme këmmeren, mee seng ëmmer méi grouss personell Ressource huele fir zesumme mat der Uni an de leit aus de Schoulen, pedagogesch Konzepter auszeschaffe fir der spezifescher Sproochesituatioun vu Lëtzebuerg gerecht ze ginn

Den SEW ass selbstverständlech zu all Moment zu enger Zesummenaarbecht op dëse Punkte bereet !


Patrick Arendt