SEW/OGBLPressekonferenz zurSchoulrentrée 2017/18 (suite)

13.09.2017

Am Secondaire gi mir haaptsächlech op déi schläichend Privatiséierungs-tendenzen an eisem Schoulsystem an, a weisen iech d’Konsequenzen, déi dat mat sech brénge kann. An deem Kader wäerte mir uschwätzen :

 d’Autonomie vun de Schoulen,
 d’engleschsproocheg Schoul am Lycée Michel Lucius an aner ähnlech Tendenzen a weidere Gebaier,
 d’Zertifizéierung vun de Sproochekenntnisser.

Donieft wäerte mir och nach e puer aner Punkten méi kuerz uschwätzen, an zwar :

 dat ongläicht Behandele vun eise Schüler je nom Régime wou se ageschriwwe sinn,  d’Reformen an der Beruffsausbildung.

Zum éischte Punkt, déi gréisser Autonomie, déi de Minister Meisch de Schoulen accordéiert. Eng vun de Konsequenzen vun dëser verstäerkter Autonomie wäert eng ëmmer méi staark Tendenz zur Spezialisatioun vun eise Schoulen sinn. Des Tendenz gëtt natierlech positiv vum Minister Meisch verkaf als eng Adaptatioun vun eise Schoulen un déi differenzéiert Besoinen vun eiser heterogener Schülerpopulatioun. 

Dat ass gutt gemengt, gëtt prinzipiell jo och vun eis ënnerstëtzt, me wann des Autonomie an d’Spezialisatioun vun de Lycée’en déi dat matsechbrengt, net korrekt encadréiert gëtt, da kann dat och eng ganz Réi negativ Konsequenzen hunn.

carricature_1_dossier_rentree_scolaire.pngÉischtens wäert e richtegt Konkurrenzdenken zwëschen eenzele Schoulen entstoen. Och wann de Minister dat wäert verneinen, ass des Evolutioun kloer esou gewollt vum Ministère. Mir dierfen a solle net vergiessen, dass den Här Meisch Member an enger liberaler Partei ass an dass, ënnert anerem, des Parteien europa- a weltwäit, schonns säit iwwer 20 Joer probéieren, den ëffentleche Schoulsystem ze privatiséieren an d’Educatioun zu engem „bien de consommation“ verkommen ze loossen : D‘Spill vun der Offer an der Demande um Niveau vun der Schoul. An an esou engem System wäerte sech ganz schnell, sou wéi deels schon am Ausland ze gesinn, eng ganz Réi Privatacteuren breet maachen an de Bildungsmaart lues a lues, an ëmmer méi intensiv, matgestalten.

E Risiko ass och, dass sech, lues a lues, Eliteschoulen wäerte bilden, wou dann, mat der Zäit, de Choix vun den Eltere net méi wäert geholl ginn unhand vun der eng oder anerer Spezialisatioun déi d’Schoul offréiert, mee vum sozialen Hannergrond vun de Schüler an deenen eenzelen Schoulen. Déi sozial Ongläichheeten an eisem Schoulsystem wäerten esou, an deenen nächste Joren, weider ausgebaut ginn, au contraire vun deem wat de Minister Meisch ëmmer erëm probéiert den Eltere weis ze maachen.

Vir den SEW muss d‘Schoul awer weider stoen vir Integratioun a sozialen Zesummenhalt. Dat ass en Atout vun eiser ëffentlecher Schoul deen net dierf verluer goen. Eis Schoul muss weider eis Jonker vereenegen a net eis Gesellschaft schonns am fréien Alter spalten, esou wéi dat elo riskéiert, lues a lues, ze passéieren.

Mir pochen hei ëmmer erëm op d‘Expressioun „lues a lues“. Dat huet och säi Gronn. Dat “lues a luest” zitt sech wéi e roude Fuedem duerch déi ganz Politik vum Minister Meisch. Näischt gëtt iwwerstierzt agefouert, kee gëtt brüskéiert, mee lues a lues gëtt e ganz néie System en place gesat.

carricature_2_dossier_rentree_scolaire.pngWat hu mir esou déi leschte Joren misse konstatéieren ?

Op där enger Säit fält d’Wëssensvermëttelung ëmmer méi minimalistesch aus, Stéchwuert „socles communs“ am „cycle inférieur“. Wëssensvermëttelung ënnerläit och ëmmer méi dem Prinzip vum Utilitarismus, Stéchwuert „Mindestkompetenzen“ déi déi Jonk brauchen, fir um Aarbechtsmaart agesat kënnen ze ginn.

Op der anerer Säit gëtt d‘Allgemengwëssen ëmmer méi vernoléissegt, well dat net produktiv ass. An alles dat, wat eis ëmmer méi minimalistesch an utilitaristesch ëffentlech Schoul an Zukunft net méi wäert ubidden, gëtt vum Privatsecteur, géint deiert Geld, iwwerholl. Dat do wäert déi Zukunft sinn, op déi mir zousteieren : eng gratis ëffentlech Schoul, déi sech beschränkt op eng minimalistesch an utilitaristesch Formatioun fir se alleguerten, de ganze Recht vum Bildungsangebot a Privathand, deier ze bezuelen a limitéiert fir eng sozial Elite.

carricature_3_dossier_rentree_scolaire.jpgE weidert Beispill dofir, wéi ëmmer méi grouss Deeler vun eisem Unterrechtssystem privatiséiert ginn, respektiv outgesourct ginn, sinn déi ëmmer méi heefeg Engleschklassen an neierdéngs och Däitschklassen, déi rechts a lénks aus dem Buedem schéissen – Déifferdeng, Michel Lucius, Jonglënster, Klierf, asw. Esou ginn z.B. déi komplett Programmer vun der International School Michel Lucius an England akaf. Déi schrëftlech, genau sou wéi déi mëndlech Examen, ginn integral an England verbessert. Och an der International School vun Déifferdeng ginn d’Programmer am Ausland akaf. Mirhun esou als Lëtzebuerg absolut keen Afloss méi op d’Schoulprogrammer an deene Schoulen. Hei kréien eis Schüler en internationalen Eenheetsbräi servéiert, deen absolut net méi op d’Besoinen an op Spezifizitéiten vun eiser Schülerpopulatioun ageet.

Komme mer nach eng Kéier zeréck op de Michel Lucius. Eng ëffentlech, gratis, engleschsproocheg Schoul ass hei initial obgemeht gi fir Jonker, déi provisoresch hei zu Lëtzebuerg mat hirer Famill installéiert sinn, respektiv fir Flüchtlingskanner an aner Schüler , déi net déi néideg Kenntnisser am Däitschen an/oder am Franséischen hunn fir am klassesche lëtzebuerger Schoulsystem weiderzekommen. Esou ergëtt déi Schoul och eventuell Sënn, als Alternativ zu den deieren internationalen Privatschoulen. Am Michel Lucius sinn awer aktuell méi wéi een Drëttel vun den ageschriwwene Schüler Jonker, déi de komplette Fondamental zu Lëtzebuerg duerchgemaach hun. Dat ass net normal. Hei muss sech d’Fro gestallt ginn, firwat dat esou ass? Dofir muss ee wëssen, dass an dësem englesche Schoulsystem de Niveau vum Däitsch- a vum Franséischunterrecht vill méi niddreg ass wéi am normale lëtzebuerger Schoulsystem. Dat ass da natierlech immens interessant vir all déi Schüler, déi z.B. ganz vill Problemer am Franséischen hun.

D’Schüler mat dësem internationalen engleschen Diplom hunn natierlech ganz gutt a vill Méiglechkeeten, op engleschsproochegen Unien weider ze studéieren. Et wäert hinnen awer praktesch net méiglech sinn, op enger franséisch- oder däitschsproocheger Uni ze studéieren, wéinst hirem Manktem u sproochleche Kenntnisser. A, ganz besonnesch fir déi Jonk, déi net weider studéiere ginn, kéint dëse Manktem un Däitsch-a Franséisch-Kenntnisser dramatesch Konsequenzen fir si hun beim Accès zum lëtzebuerger Aarbechtsmaart. Z.B. wäerten d‘Schüler mat dem Ofschloss vun der International School Michel Lucius net déi geréngste Chance am Concours fir de lëtzebuerger Staatsexamen hunn. Och wann dat natierlech net Ziel soll sinn vun alle Schüler hei am Land, sinn sech vill Elteren dëser Situatioun ganz secher net bewosst.

Aus eiser Siicht gëtt mat deene villen Englesch-an Däitschklassen déi elo eise Jonken offréiert ginn, eisen internationale Virdeel vun der Méisproochegkeet alt nach erëm eng Kéier opgeweecht.

Mir soen hei ganz kloer de Schüler an hiren Elteren : Iwwerleet iech et gutt, ier der op all déi néi Offeren vum Unterrechtsministère agitt. Et ass net alles Gold wat blénkt. De Minister Meisch street den Jonken an hiren Elteren vill Sand an d’Aen.

carricature_4_dossier_rentree_scolaire.jpgD‘Fuederung vum SEW ass déi, dass d‘ëffentlech Schoul all eis Schüler soll optimal preparéieren op weiderbildend Studien respektiv op den Aarbechtsmaart, an dat am Kader vun engem harmoniséierte Schoulsystem, deen de Schoulen zwar eng gewësse Flexibilitéit erlaabe soll, Flexibilitéit, déi awer kloer definéiert muss sinn. Den SEW setzt sech dofir an, dass d’Schüler an deene Sproochen wou se méi schwaach sinn, gefördert solle ginn, amplaz hinnen auslännesch Systemer virrun d’Nues ze setzen, wou se hir sproochlech Schwächten kënne verstoppen an deementspriechend och net kënnen ofbauen. Eisen ëffentleche Schoulsystem muss esou funktionéieren, dass all Schüler déi 3 Sproochen Franséisch, Däitsch an Englesch korrekt beherrsche kann, wann en d’Schoul verléisst. Dat ass e Mehrwäert vun eiser Schoul a vir eis Schüler, an deen dierfe mir net opginn.

Den SEW ass géint eng Schouloffer mat 100 verschiddene Systemer, wou keen sech méi erëmfënnt, a schonns guer net déi sozial méi schwaach Famillen. Natierlech muss och déi ëffentlech Schoul sech adaptéieren un déi néi Gegebenheeten vun eiser Gesellschaft, mee d’Schoul soll eppes Ganzes bleiwen. Mir wëllen keng weider Zersplitterung vun eiser Schoullandschaft. Wa mir esou virun fueren, dann dauert et net méi laang an eis Schüler verdeelen sech op engleschsproocheg Schoulen, portugiseschsproocheg Schoulen, Schoulen vir franséischsproocheg Kanner, vir Musulmanen, vir Katholiken, asw. Fir mat dem Punkt vun der latenter Privatiséierung vun eiser Schoullandschaft ofzeschléissen, just ee lescht Beispill, dat och gutt weist, dass des Privatiséierungstendenzen sech lues a lues duerchsetzen, leider ouni gréisser Wellen ze schloen.

Mir schwätzen hei konkret d’Zertifizéierung vun de Sproochekenntnisser vun eise Schüler un. D’Zertifikatioun um lëtzebuerger Première- oder Treizièmesdiplom z.B. gëtt néierens méi am Ausland unerkannt. Wann eng Uni hautdesdaags Sproochekenntnisser verlaangt vum carricature_5_dossier_rentree_scolaire.jpgeuropäesche Sproochenniveau B2 oder C1, da kann eise Ministère nach esou oft soe wéi e wëll, dass eis Schüler dëse Niveau hunn. Dat nëtzt alles näischt. Eng offiziell unerkannten Zertifizéierung gëtt et nëmmen iwwert speziell unerkannten Instituter, wéi z.B. an Däitschland de Goetheinstitut oder hei zu Lëtzebuerg de Centre de langues. A vir déi Zertifikatioun ze kréien, muss een alt erëm deier bezuelen.

Mir alphabetiséieren eis Kanner op Däitsch, mir léieren mat eise Schüler 14 Joer laang Däitsch, mee fir e Pabeier ze kréien, dass se och Däitsch kënnen, musse si en Test ofleeë bei engem privaten Institut an och nach deier dofir bezuelen. Ass dat normal ? Wat vir e Stellewäert huet eis Schoul nach, wat vir e Stellewäert hunn eis Diplomer nach, wann de Jonken duerno muss Concoursen an deier Tester maachen, vir seng Kompetenzen unerkannt ze kréien ? A wéi geet et elo weider, wann an Zukunft nëmme nach eng eenzeg vun eisen dräi Sproochen am Exame gepréift gëtt ? Wat sinn dann eisen Diplom an eis Sproochen nach wäert ?

carricature_6_dossier_rentree_scolaire.jpgMir kommen dann awer och nach kuerz op en aneren Thema ze schwätzen. Den SEW ass absolut net domadder averstaan, dass de Minister Meisch no baussen ëmmer erëm erkläert, wéi wichteg et him ass, dass all Schüler gläich behandelt gëtt ajiddereen déi gläich Chancen offréiert kritt. An der Realitéit gesäit dat leider oft ganz anescht aus. Et geet definitiv net duer, eng 13ième elo 1ière ze nennen, vir ze behaapten, jiddereen géif gläich behandelt ginn.

 Hei e puer Beispiller, wéi ënnerschiddlech mat de Schüler ëmgaange gëtt, je nom Régime wou se ageschriwwe sinn :

 Dëst Schouljoer ginn d’Ofschlossschüler aus dem ES ganz kloer bevirdeelegt par rapport zu de Schüler aus dem EST. Do wou d’Schüler aus dem ES just nach 6 schrëftlech Examen hunn, mussen d’Schüler aus dem EST 7, 8 an esouguer 9 Examen schreiwen. Den SEW huet do gemeinsam mat der Studentebeweegung UNEL beim Unterrechtsministère intervenéiert, ouni bis elo eng kloer Äntwert kritt ze hunn. An dësem Dossier ass mat Sécherheet dat leschte Wuert nach net geschwat. D’UNEL an den SEW wäerten dësen Dossier nach net esou schnell ad acta lee‘en.

 Am Examen vun de Premièren an den Treizièmen ass ëmmer eng “journée de repêchage” virgesinn fir all déi Schüler, déi een Dag vum Examen krank sinn. Dës “journée de rattrapage” ass ëmmer direkt no dem leschten offiziellen Examensdagan erlaabt et de Schüler, hiren Examen an de normalen Délaiën ofzeschléissen. An der Beruffsausbildung awer, wann e Schüler och nëmmen während engem hallwen Dag vu sengem PIF krank ass, dann ass et direkt Oktober vir den Technicien an esouguer Februar dat Joer drop vir den DAPiste. An deen Technicien an DAPiste muss dann och säin gesamte PIF frësch maachen, a net nëmmen deen Deel, wou e krank war. Den SEW verlaangt, iwwerall do wou et an der Beruffsausbildung méiglech ass, dass och fir déi Schüler eng „journée de rattrapage“ agefouert gëtt.

 Den Accès zur Héichschoul geschidd automatesch vir all d’Schüler aus dem ES an dem EST. Dësen Accès ass immens limitéiert vir Technikerschüler aus der Beruffsausbildung. Do geet et z.B. duer, dass e Schüler een eenzegen vun 8 Modules préparatoires op 12e oder 13e net gepackt huet, a schonns kann hien d’Héichschoul vergiessen. Hie kritt zwar säin 13e-Diplom, d’Modules préparatoires sinn jo consideréiert als „modules facultatifs“ a sinn net relevant fir den Ofschlossdiplom ze kréien, mais well et jo och keng Noexame méi gëtt an der Beruffsausbildung, muss de Schüler säi net gepackte Module préparatoire dat Joer drop nohuelen. Hien muss also e komplett Joer waarden, fir eventuell den Zertifikat ze kréien, deem et him erlaabt, weider ze studéieren, just well hien ee Module préparatoire net ganz gepackt huet. den SEW verlaangt hei, dass an der Beruffsausbildung de ganzen Accès zur Héichschoul an de ganze System vun de „modules préparatoires“ erëm néi muss diskutéiert ginn.

Wa mir schonns bei der Beruffsausbildung sinn, nach en allerlescht Wuert zu den aktuellen Reformdiskussiounen an deem Beräich. Am Laaf vum leschte Joer sinn hei Diskussiounen ënnert dem Gil Belling ganz konstruktiv verlaf. Villes bleift awer nach ze reegelen, ënnert anerem d’Organisatioun vum PIF, den Accès zur Héichschoul a nach vill aner Detailer. Mir kënnen nëmmen hoffen, dass de Successeur vum Här Belling do virun fiert, wou den Här Belling opgehal huet. Sollt dat net de Fall sinn, wäerte mir als SEW erëm vill méi aggressiv an dësem Secteur optrieden.