De President vum SEW war e Méindeg de Moien Invité vun der RTL Redaktioun.

"D’Situatioun an eise Schoulen ass schlecht." Dat war eng kloer Ausso vum Patrick Arendt um Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

De President vun der Enseignantsgewerkschaft SEW stäipt déi Ausso op d’Resultater vun engem Sondage ënnert dem Léierpersonal. Do koum eraus, datt et eng grouss Onzefriddenheet gëtt, d'Enseignante fille sech iwwerfuerdert. Den Drock op d'Gesondheet huet zougeholl. Vill packe keng ganz Tâche méi, sti kuerz virum Burnout. Eng grouss Majoritéit géif de Beruff net méi wielen, och bei de Stagiairen net, déi mol nach keng zwee Joer derbäi sinn. ¾ géifen de Beruff kengem recommandéieren. Ëmmerhi soten awer 98 %, datt se gäre Schoul halen.

D’Enseignante géifen unanime soen, datt den administrativen Opwand ze grouss wier, an datt se net méi dat kéinte maachen, fir wat se u sech do sinn, nämlech Schoul halen.

Derbäi kéim, datt et ëmmer méi verhalensopfälleg Kanner géif ginn. D'Maison Relaisen, vu moies bis owes betreit an deels animéiert ginn, verstäerken de Problem. Och verbréngen d'Kanner ze vill Zäit virun den Ecranen, also Handy, Tablett a Co., ginn ze vill passiv a sinn dacks net méi bereet Efforten ze maachen.

Den SEW hofft, datt de Problem Eescht geholl gëtt an datt den Dialog mam Minister nees besser funktionéiert. Vill Leit wären zum Beispill mat de Regionaldirektioune vum Terrain ofgezu ginn, déi sollen nees direkt zréck an d'Schoulen.

https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/1350129.html