dem Monique Adam seng mëndlech Interventioun op der Versammlung vum 19. Oktober

19.10.2017

Mëndlech Interventioun vum Monique Adam haut op der Versammlung vum Educatiounsminister mat de regionalen Direktiounen an de PresidentInne vun de Schoulcomitéen fir d'Schoulrentrée 2017/18 zu Walfer.

Wéi ëmmer fënnt d'Monique déi richteg Wierder fir d'Situatioun an de Schoulen ze beschreiwen.

Liesenswäert!

Här Minister,

Dir Dammen an Hären aus den Direktiounen,

Léif Kolleginnen a Kollegen,

No all deenen Top-down Kommunikatiounen, well ech et nach eng leschte Kéier probéieren e Message vum Terrain no uewen ze senden, well an de Schoule fänkt d’Loft un eis auszegoen.

Mir sinn elo am 8. Joer vum Kontingent an déi allermeeschte Schoule stelle fest, dass sie ëmmer manner Enseignantë fir hir Schüler hun. Fir d’éischt goufen d’Cours d’Appui ofgeschaaft, duerno koume Regruppementer vun 20 – 24 Schüler während verschiddene Coursen, an och wann verschiddener dëst Joer dann eng I_Ebs wéi mech kruten sou kann dat net doriwwer ewechtäuschen dass fir d’éischt emol 5 Poste verluer goungen. Ech schaffen zwar gären, mee d’Aarbecht déi fréier vu 4 Leit gemaach gouf, packen ech awer net.

Géingt dee Kontingent, deen eis am Ufank als eng Mesure beschriwwe gouf fir d’Moyen méi gerecht ze verdeelen, sech awer séier erausgestallt huet, dass et eng Mesure wier fir Stonnen um Terrain anzespueren, hunn mir schon vill protestéiert bei Ärer Virgängerin an duerno och bei Iech, mee leider goufe mir nie gehéiert.

photo_Monique_mendlech_Interventioun_dossier_ens_fondamental.jpgLo hutt Dir et awer fäerdeg bruecht nach eng dropzesetzen andeems eng Rëtsch vu Schoule mol net all déi Stonne kruten déi se eigentlech laut Kontingent zegutt gehat hätten. Ech denke mir hunn hei eng Rëtsch Presidente vu Comités d’école sëtzen, déi iech doriwwer e Liddche kënne sangen.

An esouguer déi Schoulen déi nach d’Chance haten all Poste besat ze kréie mussen elo fäerten dass bei deem éischte Congé de Maternité, bei där éischter Grippewell de Betrib zesummenzebriechen drot. Elo schonns begéingen ech Kollegen déi sech trotz Krankheet an d’Schoul schleefen, well se fäerten dass hir Klass soss muss opgedeelt ginn an dass déi ganz Aarbechtsdisziplin déi se mat hire Schüler opgebaut hun zesummefält. Op ville Plazen ass et net einfach e gutt Léierklima ze schafen. Dat kascht en deckt Stéck Aarbecht an et huet een nëmmen Erfolleg wann een dëst ganz konsequent opbaut.

Ons Schüler brauchen hautzedaags ëmmer méi Zouwendung. Sie lechzen duerno vun engem Erwuessene wouer geholl ze ginn. Sie brauchen des Opmierksamkeet fir hir Perséinlechkeet an hiert Selbstwäertgefill opzebauen. Sie sichen déi ëmmer méi an der Schoul well se hinnen op villen anere Plaze feelt. Hir Elteren hun oft schwéier geschafft a kommen Owes heem a si midd. Leider menge sie dann oft, sie missten sech och nach em hir Facebookfrënn oder aner sozial Reseaue këmmeren a schenken hire Kanner net déi néideg Opmierksamkeet. Dat soll lo net wéi e Virworf klengen, well ech weess wéi midd sie Owes sinn an dann ass et méi einfach um Computer oder um Handy ze klimpere wéi de Kanner e wierklecht opmierksamt Ouer ze schenken an sech mat hire froen an Ängschten éierlech ausernaner ze setzen.

An ons Schoule kommen also vill Kanner mat engem Opmierksamkeetsdefizit. Mir gesinn dat oft als en Defizit deen déi Kanner hunn fir sech op schoulesch Inhalter kënnen ze konzentréieren, mee ganz oft ass dat och den Defizit un Opmierksamkeet deen hinnen net geschenkt gouf an deen hinnen et net erlaabt huet ee positiivt Selbstbild ze kréie wat et hinne géif erlaben hir Kompetenze selbstänneg opzebauen. Mir schwätzen haut vill vum autonome Lerner dee mer ons all erbäiwënschen, mee där mer ëmmer manner do setzen hun.

Heiriwwer kënnt een nach vill méi zielen, mee déi Zäit well ech iech elo net klauen. Ech wollt dat just erwäne fir ze erklären dass dat Wichtegst wat mer onse Kanner kënnen an der Schoul ginn, déi Opmierksamkeet ass, déi et hinnen erlaabt un sech selwer ze gleewen an hiren Erfahrungsberäich z’erweideren. Wann mir awer zu ëmmer manner Enseignanten an der Schoul sinn, a grad an der Musek oder am Sport grouss Gruppe vun 20 bis 24 Schüler betreien, da mierke mir oft net wat deen een oder deen aneren sech zoutraut oder och net zoutraut. Wou bleift dann do d’Zäit fir e perséinlecht Wuert, wat net just en Zurechtweisen ass ? Ëmmer méi Kanner houlen sech d’Opmierksamkeet dann am negative Sënn andeems se ausrasten, anerer schloen, fortlafen oder just den Unterrecht stéiere well se jo wëssen, dass mer ons da mussen em sie këmmeren.

Nieft all deenen opgezielte Schwieregkeete kënnt awer elo nach derbäi dass déi nei Direktiounen ons och nach wëlle beschäftegen. Wéi wann mer net schonns genuch beschäftegt wieren an heiansdo am Hamsterriedche géingen dréien, brauchen och sie elo nach ons Opmierksamkeet.

Ech muss soen, mir haten ons dat jo schon geduecht : All Kéiers wann ee Posten an der Hierarchie schaaft, heescht dat, dass déi ënnen um Terrain méi Aarbecht kréien. Dat gouf schon eng Kéier ganz gutt mat der Geschicht vun der fläisseger Seechomes illustréiert, déi de Prinzip vum New Public Management illustréiert huet. Dofir hate mir schon virun all deenen Entwécklunge gewarnt. Et gouf just net op ons gelauschtert.

Elo reent et Notes de service a Formulairen op ons erof, a verschidde Leit mengen och nach allen Eeschtes mir hätten Zäit déi ze liesen, an dann och nach auszefëllen.

Ech kann do nëmme soen : à l’impossible nul n’est tenu !

Hun déi Leit ganz vergiess, dass mir eng pedagogesch a keng administrativ Tâche hun. Wann mir Schoul halen, da liese mir keng Mailen a keng Notes de service, da fëlle mir keng Formulairen aus a mir fixéiere keng Datumer. No der Schoul verbessere mir nach Hefter, iwwerleeë wéi eng Schüler wat nach net verstanen hunn a bereeden ons op deen nächste Schouldag fir. Oft si mir duerno zimlech midd obwuel mer nach allméiglech Reunioune mussen ofhalen a Formations continues musse besichen. De Courrier (deen elektroneschen an deen um Pobeier) probéiert een dann sou tëschenduerch ze maachen. Do kann ee schon mol eppes iwwersinn, do wëllt een oft op eppes äntweren an et misst een och äntweren, mee dann ass d’Mëttespaus schon ëm, oder d’Aen falen engem zou. Da muss dat alt op muer verschiibt ginn. Mee deen anere Muergen huet ee schon erëm nei Mailen déi ee misst beäntwerten.

 

2009 : dat ass nach net esou laang hier. Do gouf ons Tâche akribesch analyséiert a festgeluecht. Deemools sinn am Einvernehme mat onse Gewerkschaften 18 Stonnen d’Joer, dat ass ongeféier eng hallef Stonn pro Schoulwoch, fir administrativ Aarbechte festgeluecht ginn. Deemools huet dat ganz verstänneg geklongen, well een ausser dem Regëster an dem Journal just verschidde Kommunikatiounen un d’Elteren hat, respektiv soss Korrespondenz fir am Musée, am Theater oder soss eppes ze reservéieren. Haut gesäit dat leider ganz anescht aus.

D’Administratioun hëlt Iwwerhand a klaut ville Leit d’Zäit vir hir Virbereedungen. Sie trëtt an en direkte Konkurrenzkampf mat de Kanner wou et em d’Opmierksamkeet vum Enseignant geet.

Wéi géifen déi Stengeforter an déi Walfer soen : Looss mer ons net vun onsem Kärgeschäft oflenke loossen ! Onst Kärgeschäft ass net d’Administratioun, dat ass dat wat mer de Schüler mat op de Wee ginn.

Hei erwaarde mer elo vun den Direktiounen a vum Ministère e grousst Ëmdenken ! Entweder sie loossen sech Mesuren afale wéi sie eis bei eiser Aarbecht kënnen hëllefen : Keng zousätzlech Formations continues, keng zousätzlech Reuniounen, mee e konkret mat Upaken um Terrain, do wou et schwiereg Situatioune gëtt. Keng zousätzlech Rapporten déi vum Titulaire mussen ausgefëllt ginn, mee zousätzlech Leit um Terrain fir deene Kanner mat Léierschwieregkeete weiderhëllefen. Wann se bis e pur Stonne mam Kand geschafft hunn wëssen se ganz schnell wou de Problem läit ; da kënnt et dorops un ob se genuch Ausdauer a Gedold hunn fir d’Kand wierklech weiderzebréngen. Dir kënnt natierlech och elo nach refuséieren nozelauschteren. Da wonnert iech awer net wann a kuerzer Zäit de ganze Betrib zesummebrécht. Dir braucht da keen deieren Audit fir erauszefanne wou de Problem entstanen ass.

An deem Sënn hoffen ech ëmmer nach en oppent Ouer ze fannen.

Ech soen iech Merci fir d’Nolauschteren.