Rentrée 2017: Pénurie vun Enseignanten am Norden vum Land. E President vun engem Schoulkomitee an eng Enseignante erzielen…

07.11.2017

Wéi hues du als President vum Schoulkomitee dës Schoulrentrée a puncto Schoulorganisatioun erlieft?


D’Schoulorganisatioun war ganz normal. Et huet een op säi Contingent gewaart, et huet ee sech gefreet, datt de Contingent fir eis Schoul esouguer opgebessert ginn ass. Mir hunn eng Schoulorganisatioun gemaach a mir haten Enn Juli och dee ganze Stonneplang stoen, well mir och d’Leit alleguer hate bis op ee Remplacement vun enger Kollegin (congé de maternité / parental, ganz Tâche).

Enn Juli ass vum Bureau Régional gesot ginn, si hätte nach kee fonnt fir dat Remplacement, an de Bureau giff den 31. Juli zoumaachen a si giffen erëm vum 28. August u weidersichen.

Et war also den 31. Juli scho ganz kloer, datt do e Remplacement am September misst gemaach ginn, an datt nach keen Ersatz fonnt wier.

An datt wäit e breet keen Ersatz méi ze fanne wier, well de Bureau schonn iwwerall gesicht hat.

Am September ass de Bureau erëm opgaang, mee et huet kee sech bei eis gemellt bis dee Moment, wou ech den 11. September um Bureau ugeruff hunn fir nozefroen, ob dann elo ee Remplaçant fir eis do wier. Du krut ech gesot: “Neen”. Den Directeur Régional giff sech bei eis mellen.

Mëttlerweil hat ech héieren, datt aner Schoulen den 8. September kontaktéiert gi waren, fir datt si d’Stonnen nei opdeelen, mat Iwwerstonnen asw. Mee mir waren net informéiert ginn. Op Nofro beim Bureau krute mir gesot, mir giffen den 12. September kontaktéiert ginn. Fir deen Dag hu mir du séier eng Versammlung vum Schoulkomitee ageruff, a mir hunn alles organiséiert.

Wa mir net nogefrot hätten, da wiere mir vläit dënschdes (12. September) kontaktéiert ginn… a freides (15. September) ass d’Schoul ugaang! Souguer wa mir di Woch virdru kontaktéiert gi wieren, da wier et vill ze spéit gewiescht, wann et esou kloer ass, datt keen Ersatz do ass. An aner Schoulen an deemselwechte Secteur konnte 94 Stonne net besat ginn.

Wat sinn deng Erklärungen zu den Ursaache vun dëse Schwieregkeeten?


De System ass immens komplizéiert: net nëmmen hunn immens vill Leit gefeelt fir Stonnen ze besetzen fir d’Rentrée, mee d’Bureaux Régionaux hunn och gewiesselt an d’Secteure guffen nei opgedeelt. Et guffe Büroen, déi kruten eréischt am Laf vun der 2. Schoulwoch en Telefon an eng Kopiesmaschinn installéiert. Dobäi war dach scho laang geplangt, datt déi Strukturännerung giff gemaach ginn.
 
D’Fro déi ech mir stellen ass: A wéifern gouf et iwwerhaapt eng Transitioun vum ale Bureau respektiv vum Inspektorat un deen neie Bureau an d’Direction Régionale?

Do si vill Konflikter an organisatorische Chaos entstanen, och um Niveau vun der CIS, wou d’Dossieren net weidergungen resp. mat deenen di nei CISen näischt ufänke konnten.

Schonn am November 2016 war an der Réunioun tëschent de Presidenten vun de Schoulkomiteeën an dem Minister d’Fro gestallt ginn, ob iwwerhaapt genuch Leit do wieren, fir di nei Strukturen all ofzedecken. An am Januar 2017 koum d’Bestätigung, datt et net esou wier. Du wousst de Minister schonn, datt et net giff klappen, datt et Engpäss giff ginn, datt séier misste Leit fonnt gi fir d’Besoinen ofzedecken. 
MEE: et si keng qualifizéiert Leit do! De Ministère hat deemno ze héich gepokert.

Wéi hutt dir als Schoulkomitee gehandelt, fir dës Rentrée ze meeschteren?

Mir hunn direkt d’Stonnepläng esou geännert, datt elo Iwwerstonne gemaach ginn, a vill aner Stonne sinn einfach fort. Dat sinn d’ ”Assistance en Classe” Stonnen an een Deel vun den Appui-Stonnen.

Eis Kollege waren natierlech “not amused”, besonnesch well mir als Schoul decidéiert haten, grouss Klassen ze maachen mat vill Appui respektiv Assistance en Classe fir déi verhalensopfälleg Kanner.

D’Kollegen an ech, als Schoulpresident, sprangen elo och vill an, fir krank Kollegen ze ersetzen, well net ëmmer een Ersatz do ass. Bis elo hu mir nach keng Klasse missen opdeelen, well mir eis intern mam Ersetzen arrangéiert hunn. Da musse mir eben Iwwerstonne maachen.

Dat Ganzt funktionnéiert nëmmen dank dem gudde Wëllen an dem enormen Engagement vun de Kollegen, déi elo Iwwerstonnen hunn, déi si natierlech net wollten hunn.

Virdrun hat bei eis kaum een Iwwerstonnen, ausser en Deel vum Appui, deen an “Enseignement Direct” convertéiert war fir Appuistonnen ze regruppéieren a fir ee Projet kënnen ze notzen.

Wat mech immens rose mécht ass, wann de Minister sech dann dohinner stellt a seet: “Et si keng Stonne verluer gaang. Et ass net wéi an Däitschland.” An ech weess ganz genau, datt et net wouer ass.

Mir hunn eis dunn als Presidenten aus dem Norden séier zesummegesat fir ze kucken, wéivill Stonne dann tatsächlich giffen insgesamt fir d’Rentrée feelen: mir sinn op 397 Stonne komm! 275 dovunner waren de 15. September net besat. A genau fir déi ass du probéiert ginn, se mat onfräiwëllegen Iwwerstonnen ofzedecken, fir datt de Buttik leeft. Et ass esou, datt elo zu all Ament ee bei de Kanner ass, mee Appui-, Assistance- a Projetstonnen, wou een zu zwee mat enger Klass hätt kënne schaffen, déi sinn einfach net besat ginn a verluer gaang. Mir hunn also net déi Stonnen, dli mir iwwer de Contingent zougedeelt kruten.

Am Moment ginn et och grouss administrativ Problemer mat den Avenants, well d’Leit all mat de Stonne vun hirem ursprüngleche Kontrakt am Scolaria stinn, an dat wäert elo erëm eng Eiwechkeet daueren, bis dat geännert gëtt an och klappt. Mir haten nämlech d’Chance, datt mir nach Chargéen hunn, déi per Avenant hir Tâche konnten eropgesat kréien, an déi bereet waren, dat ze maachen.

Mir haten nach d’Chance, datt mir déi Leit, wou mir woussten, datt si giffen an de Congé de Maternité goen, net als Titulairen op d’Klasse gesat haten. Mir hunn also keng nei Titulaire misse sichen. Mee mir mussen een Deel vun eisem Appui am Liesen a Rechtschreiwe fale loossen, well mir keen Enseignant méi hunn, dee deen hale kann. Mir brauchen d’Enseignanten, déi mir elo hunn, all, fir datt d’Klasse funktionnéieren. Eis Prioritéit war ganz kloer, datt d’Klassen all besat wieren. Ech ginn zB och elo mat an d’Schwämm an halen och d’Turnen, well keen Enseignant méi dofir do ass. Dat sinn Iwwerstonnen, déi ech virdrun net hat.

D’Leit halen also ganz oft hir Surnuméraire-Stonnen als Iwwerstonnen selwer. Dobäi kënnt och, datt net all Enseignant den Diplom huet fir am Cycle 1 ze schaffen, wou och Stonnen net besat sinn. An deem Fall muss stonneplangtechnesch nach méi ëmgekrempelt ginn. Bei eis an der Schoul ass de Sproochenappui am Cycle 1 em d’Halschent gekierzt ginn. Fir d’Kanner heescht dat, datt si vill manner oft dru kommen an do kloer benodeelegt ginn. Och d’Assistance en Classe ass am Cycle 1 bei eis ganz ewechgefall. D’Enseignanten an d’Kanner mussen elo einfach elleng eens ginn, och wa Kanner aus der Rei danzen an een dat als Enseignant elleng an der Klass net geréiert kritt.

D’Enseignanten si vill méi belaascht, an d’Kanner mussen zréckstiechen a leiden dorënner.

Datselwecht gëllt och fir di aner Cyclen. All eis pädagogesch Konzepter, déi mir ausgeschafft haten z.B. a puncto verhalensopfälleg Kanner, sinn op d’Kopp gehäit ginn. Dobäi kënnt, datt déi wéineg Assistenz oder Appuistonnen, déi nach kënne gehal ginn, oft ausfalen, well deen Enseignant da muss fir een oder zwee Deeg intern ersetzen.

• An d’Moral an der Schoul?

Als Schoulpresident sinn ech och vill méi belaascht. Während mengen Dechargestonnen ersetzen ech di krank Kollegen oder hale meng Iwwerstonnen. Zur Zäit sinn ech mam ganze Pobeierkrom hannendran, dee jo och immens zougeholl huet. D’Prioritéit war an dësen éischte Schoulwochen d’Kommunikatioun, d’Ersetzen an datt de Betrib leeft.

Et gi jo och nach e puer Remplaçanten, an et huet och ee vun eisen Educateuren aus der Maison Relais sech gemellt, fir an Zukunft kënne bei eis ze ersetzen. Ech muss och soen, datt di aktuell Ënnerstëtzung vun eisem Bureau Régional exzellent ass, an datt do och emol de gesonde Mënscheverstand spillt, ouni datt um leschte Buschtaf geridde gëtt. Einfach fir datt et funktionnéiert. Deemnächst steet lo nach e Congé un, a mir wäerten deen ersat kréien… well soss gëtt et lustig!

D’Moral um Terrain fänkt u schlecht ze ginn, well d’Leit iwwerbelaascht sinn. An eiser Schoul seet keen: “Ech maache net méi, wéi ech muss.” Ganz vill Leit maache vill méi a loosse keen hänken a suergen esou dofir, datt de Betrieb rullt. Mee ech giff soen, bis Dezember maache si dat nach mat, an da si si Well ech mierken elo schonn, dass si un der Limite si vun deem, wat si packen.

Et gëtt eng immens Diskrepanz tëschent Zuelen a Realitéit, an den Appui Converti ass jo ee gutt Beispill dofir.

D’Elteren hu bis elo näischt vun eise Schwieregkeete matkritt, well jo keen Titulaire de Classe ersat guff. Ausser den Elterevertrieder, déi krute bësse mat, datt de Wand gedréit huet.

Fir d’Stëmmung ass et einfach immens schlecht. Wann’s du als Enseignant matkriss, datt däin ieweschte Patron um Radio “alternativ Fakten” verbreet, dat ass eng voll an d’Gesiicht. Ech war entsat.

An alles, wat duerno vum Ministère kënnt, huelen ech lo anescht op: alt nach dobäi, alt ërem an di dote Kerb. Ech weess net, wéi et deenen aneren Enseignante geet, mee mir huet dat guer net gutt gedoen. Fir mäi Verhältnis zu mengem Patron war dat do net fërderlech. Op mäi Schoulhalen huet et keen Afloss, well ech dat nach ëmmer gäer maachen, a meng Schüler wäerten dat och net mierken. Mee ech maache kee Surplus méi.

Amplaz sech als Minister drop ze versteiwen “Mirhunn alles am Grëff” kinnt de Minister och einfach dozou stoen a soen: “Mir hunn net alles am Grëff. Meegottseidank hu mir kompetent Leit an eise Schoulen, déi de Match fir eis maachen. An déi sech elo wierklech immens Méih ginn hunn, datt d’Saach um Lafe bleift. A mir sinn immens frou doriwwer, a mirënnerstëtzen d’Leit um Terrain wou mir kënnen…”. Mee au contraire gëtt dann elo net d’Wourecht gesot, an et ass keng Wertschätzung do fir déi enorm Aarbecht, déi elo an de Schoule geleescht gëtt.

Et giff him jo keen Zack aus der Kroun briechen fir dat ze soen. An en plus giff den Här Meisch vill vill besser do stoen. Op d’mannst bei den Enseignanten. Vläicht an der Ëffentlechkeet net. Jidderee ka sech verschätzen. Mee da stéi dach dozou! A so: “D’Leit um Terrain retten de Buttik!”

Wat sinn är Erklärungen, firwat esou vill Leit elo um Terrain -an zemools am Norden- feelen?


Ee vun de Faktoren ass ganz kloer de Stage vun der  Fonction Publique, deen elo agefouert ginn ass. Engersäits schreckt et vill Leit of, di ganz Formatioun
ze maachen a sech fir dee Beruff ze decidéieren. Vill Studenten hunn hir Formatioun ofgebrach a maachen elo eppes anescht. Oder si packen de Concours an hänken direkt e Master drun. Si hu jo och vill manner Studenten an de BScE erakritt. Anerersäits ginn et vill Stagiairen, déi am Norde wunnen, an déi verléieren immens Zäit fir hir Formatioune während dem Stage op der Uni um Belval ze maachen. Dofir melle sech net vill Stagiairen op Plazen an de Norden.

All Stagiaire kritt eng Decharge vun 2 Stonnen, déi muss vun engem aneren Enseignant gehale ginn. An enger Schoul fällt dat net an d’Gewiicht, mee landeswäit mëcht dat en zolitte Pak. Dobäi kënnt 1 Stonn pro Student fir de Conseiller Pédagogique. Vill Leit guffen aus de Schoule rausgezunn als IEBS, als Adjoint vun der Direktioun,…

D’Ursaache si multikausal. All di dote Saache ware virauszegesinn an ze berechnen.

De Schoulmeeschterberuff huet ganz kloer un Attraktivitéit verluer! Duerch de Stage, deen en “double emploi” ass, well mir an eiser Formatioun scho ganz vill Stage gemaach hunn a pädagogesch ausgebilt sinn. Dobäi kënnt d’Problematik vum Conseiller Pédagogique, deen net dofir ausgebilt ass, fir déi Funktioun, an deen an engem Dilemma ass par rapport zu sengem Stagiaire: begleeden a bewerten, also Conseiller an Evaluateur. Och manner attraktiv doduerch, datt d’Leit ëmmer méi matkréien, datt “Enseignant sinn” net onbedéngt heescht: locker Schaff, vill Vakanz, gutt Pei a sécher Plaz. Mee datt mir z.B. bei schwierege Kanner elleng gelooss ginn an nëmme minimal ënnerstëtzt ginn, fir net ze soen guer net.
 
Mir hunn am Moment keng Hëllef um Terrain, och wann den Här Meisch ëmmer ërem seet, do wieren esou vill Posten dobäikomm. De Norden huet ganz genee 2 IEBS a 4 “auxiliaires éducatifs”… fir 10 Schoulen.

Et hate sech net genuch Leit fir d’IEBS Poste gemellt: 80 där Poste feele landeswäit. A bei den “auxiliaires éducatifs” weess keen esou genee, firwat déi kompetent sinn a firwat een déi kann asetzen.

Hutt dir d’Impressioun, et giff aktuell u Léisunge geschafft ginn fir d’Pénurie an de Grëff ze kréien?


Jo, um Niveau vun der Direktioun: Massiv. Déi Leit sëtze jo mat eis um Terrain mat am Boot. Si gi sech all Méih, well och si hate sech dës Rentrée ganz anescht virgestallt. Si waren och bei eis an eng Plénière komm, a si sinn och debordéiert duerch dat Ganzt. An anere Schoulen ass de Frust vun den Enseignanten awer esou grouss, datt d’Direktioune do e schwéiere Stand hunn. D’Enseignante sichen e Responsabele fir dee Chaos.

Den SEW/OGBL seet dësen zwee engagéierte Kollegen e grousse MERCI fir hir ganz perséinlech Analyse zu dem Enseignantsmangel am Norden, fir hir Zäit, déi si sech fir dëst éierlecht a sympathescht Gespréich geholl hunn.



Nadine Elcheroth