Den SEW/OGBL begréisst d'Annonce vum Educatiounsministère fir dem Lëtzebuergeschen den ONL-Status ze ginn

11.03.2026

Den SEW/OGBL begréisst déi rezent Annoncë vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, dee wärend engem Besuch an der Europäescher Schoul um Kierchbierg den 2. Mäerz ugedeit huet, datt hien de Status vum Lëtzebuergeschen an de ëffentlechen europäesche Schoulen ännere wëll, fir et als ONL (Other National Language) unzeerkennen. Dës Unerkennung entsprécht enger Fuerderung vum SEW/OGBL.

Momentan sinn d’Lëtzebuergeschcoursen an den ëffentlechen europäesche Schoule problematesch. Laut enger Ëmfro, déi den SEW am Hierscht 2025 duerchgefouert huet an un där bal 50 % vun de Beamten, déi Lëtzebuergesch ënnerriichten, deelgeholl hunn, sinn 88,9 % vun de Befroten der Meenung, datt den uviséierte Sproochniveau ënnert den aktuellen Konditiounen net kann erreecht ginn.

Ënnert de genannte Schwieregkeete sinn de Mangel u Motivatioun bei de Schüler an de grousse Grad un Heterogenitéit an de Klassen, wou Mammesproochler an Ufänger deemno wéi zesumme sinn. Dobäi kënnt, datt d'Note am Lëtzebuergeschen aktuell net fir de Succès vum Schouljoer berücksichtegt gëtt, wat och de Mangel u Motivatioun bei e puer Schüler erkläre kann.

D'Aféierung vum ONL-Status géif e Bäitrag dozou leeschten, fir dës Situatioun ze verbesseren. D'Lëtzebuergesch géif domat zu engem voll unerkannten Fach am Léierplang ginn, mat Léierziler an enger Bewäertung, déi fir d’Réussite vum Schouljoer berücksichtegt gëtt. Dëse Changement sollt d'Schüler dozou motivéieren, fir d’Lëtzebuergescht méi eescht ze huelen.

Et ass awer wesentlech, Récksprooch mat deene betraffenen Enseignanten ze huelen. Eng Reform vun dëser Envergure kann nëmmen duerch e seriéisen a konstruktive Dialog mat de Lëtzebuergeschproffen an hire Gewerkschaftsvertrieder erfollegräich ëmgesat ginn.

Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL (SEW/OGBL),

den 11. Mäerz 2026