Question élargie/Question avec débat n°9 - Sujet : Introduction du futur cours unique d'éducation aux valeurs

10.11.2015


Monsieur le Président,

Par la présente et conformément à notre règlement interne, je me permets de poser une question élargie en relation avec l'introduction du futur cours unique d'éducation aux valeurs, baptisé «Vie et Société», à Monsieur Claude Meisch, Ministre de l'Éducation nationale et Ministre de l'Enseignement supérieur.

Début octobre. Monsieur le Ministre avait annoncé que les travaux de préparation pour le futur cours unique d'éducation aux valeurs, baptisé «Vie et Société», continuaient comme prévu et que le concept pédagogique serait probablement présenté à la fin du mois d'octobre. Monsieur le Ministre avait par ailleurs reconfirmé qu'au niveau fondamental le cours ne serait pleinement mis en place qu'à la rentrée 2017, mais que des projets pilotes débuteraient déjà en septembre 2016. Quant aux lycées, le Ministre envisage la possibilité d'y instaurer le cours dès la rentrée 2016. Enfin, un accord aurait été trouvé entre le Ministère de l'Éducation nationale et l'Université en vue de préparer la formation, respectivement la réorientation professionnelle de certains titulaires du cours de religion catholique actuel.

Dans ce contexte, je voudrais avoir les précisions suivantes de la part de Monsieur le Ministre ;

1. Quel est l'état d'avancement des préparations à la mise en place effective des nouveaux cours de « Vie et Société» dans l'enseignement fondamental et dans l'enseignement secondaire ? Est-ce que les parties intéressées sont informées régulièrement de l'avancement des discussions?

2. Quelles sont les dispositions de l'accord avec l'Université?
Concerne-t-il uniquement le cas des détenteurs d'un Bachelor en pédagogie religieuse attribué depuis septembre 2011 par l'Institut luxembourgeois de Pédagogie religieuse, c'est-à-dire l'ancien Institut Catéchétique de l'Archevêché ?
Combien de personnes sont concernées ?

3. Qu'en est-rl des titulaires du cours de religion actuel qui n'ont pas les qualifications requises pour enseigner le cours unique ou un autre cours du programme scolaire ? Comment ces personnes seront-elles réorientées ?







Question élargie n° 9 de M. Claude Adam sur l’introduction du futur cours unique d’éducation aux valeurs, baptisé «Vie et société»

 

  1. Claude Adam (déi gréng).-

Merci, Här President. Ech mengen, et ass keng Woch, wou net iergendeng Noriicht zirkuléiert iwwert de Wäerteunterrecht zu Lëtzebuerg. An ech géif am Fong geholl gäre profitéieren, oder ech hoffen, datt mer deen Débat hei oder déi kuerz Zäit hei kënnen notzen, fir e bësse Kloerheet ze kréien a vläicht e Résumé ze maachen, wou déi aktuell Diskussioun drun ass. Ech hunn och ganz opmierksam de leschte Samschdeg déi Radiosemissioun gelauschtert, wou eng Table ronde war, wou den Éducatiounsminister mat anere Vertrieder vun interesséierte Gruppéierungen iwwert dee Wäerteunterrecht diskutéiert hat. De Résumé, deen de Radio selwer mécht, seet, datt den Éducatiounsminister bereet wier, fir punktuell Ännerungen am Kaderléierplang vum geplangte Wäerteunterrecht virzehuelen. Dat gëtt mech eigentlech net wonner: Wann en Dokument an der Ausaarbechtung ass, ginn ech jo och dovun aus, datt een do bereet ass, nach drun ze schaffen an ze änneren. De Résumé - dat ass awer och e bësse symptomatesch fir déi Diskussioun: Fir d’Monique Adam vum Verband vun de laizisteschen Associatioune géif den Humanismus ze kuerz kommen, an de Schoulreferent, de Jean-Louis Zeien, vum Bistum sot, d’Relioune géife marginaliséiert ginn, géifen ze kuerz kommen. Also jiddweree kënnt ze kuerz. Dat ass e bëssen esou, wéi mer den Débat am Moment hunn. Mech géif...

Une voix.-

Dann ass en équilibréiert!

  1. Claude Adam (déi gréng).-

Dann ass en équilibréiert. Gutt! Mech géif interesséieren, Här Minister, wa mer e Bléck no vir werfen: Wie wäert dann an Zukunft dat neit Fach ënnerriichten? Mir hu jo am Moment d’Situatioun, datt mer engersäits Moral- a Sozialunterrecht hunn. Do hu mer motivéiert Léierpersonal mat Erfahrung. An der Primärschoul ass et jo esou, datt prinzipiell d’Schoulmeeschteren an d’Léierinnen all Fach ginn. Dat misst jo dann och fir dëst Fach esou gëllen. Ech hunn nach näischt anescht... Oh dach, ech hunn och schonn aner Saachen héieren! Duerfir ass et ëmmer derwäert, dat och nach eng Kéier kloerzestellen. A wann een net genuch Schoulmeeschteren a Léierinnen huet, da gräife mer eben op Chargés de cours zréck, wéi dat leider Gottes... Ech mengen domat, ech viséieren net d’Leit, mä trotzdeem schaffe mer jo drun, datt mer just brevetéiert Leit hunn an eise Schoulen. D’Personal, wat bis elo de Reliounsunterrecht ginn huet, dat wäerte mer iergendwann eng Kéier net méi brauchen. Iwwert den Zäitpunkt komme mer och nach gären eng Kéier kuerz drop zréck, fir dat nach eng Kéier kloer ze soen. Et ass gewosst: 40 bleiwen der bei der Kierch. Et ass awer nach net gewosst, wéi eng 40 datt dat sinn. An et ass och gewosst, datt et fir déi Leit, déi eng Première hunn, d’Méiglechkeet gëtt, an de Pool des remplaçants ze kommen. Ech hunn och an der Zeitung gelies, datt et en Accord mat der Uni géif ginn. Do géif et mech natierlech och e bëssen interesséieren, wat an deem Accord mat der Uni steet. Mir hunn d’Erfahrung gemaach viru Joren eng Kéier, wéi mer d’Uni opgemaach hu fir déi Leit, déi Chargé waren, déi konnten dunn an engem drëtte Joer de Brevet nohuelen. Ass hei un eng selwecht Léisung geduecht? Ech ginn dervun aus, mä do wier ech och interesséiert ze wëssen, wat do ausgehandelt ginn ass. An ech mengen, ech sinn net deen Eenzegen, an och net just d’Politiker sinn interesséiert, mä och déi concernéiert Leit selwer. Ech kréien oft gesot, datt leider Gottes den Informatiounsfloss net esou optimal wier, wéi si sech dat géife wënschen. Natierlech, wa mer en neit Fach aféieren, da musse mer och déi Leit, déi dat wäerten halen, drop kënne virbereeden. De Ministère huet d’Méiglechkeet, d’Formation continue virzeschreiwen, wann en eng Neierung aféiert. Duerfir ass meng Fro: Wéi gesäit dat aus mat der Formation continue fir déi Leit, déi am Moment Schoul halen? Eng aner Fro ass: Wéi ass et mat den Examensconcours fir Leit, déi Morale chrétienne ginn oder déi Formation morale et sociale ginn? Ginn där Examens-concours och nach 2016 ugebueden oder ass dat en Auslafmodell? A selbstverständlech brauch dat neit Fach e Rahmenlehrplan. Deen ass an der Ausaarbechtung. Deemno wiem een nolauschtert, geet et net schnell genuch virun, anere geet et heiansdo ze séier.

(…)

Wéini wëlle mer starten? Et gëtt gesot, an der Grondschoul wier 2017/2018 ugepeilt. An der Sekundarschoul schéngt neierdéngs den Datum vun 2016/2017 ugepeilt ze sinn. Ech wëll kloer soen, datt ech als gréng Fraktioun net wëll de méiglechen Datum no hannen drécken, mä ech mengen awer och, datt et am Intérêt vun eis alleguerten ass, datt dat Fach esou preparéiert gëtt, wéi et misst sinn. Här Minister, Dir hutt selwer alt emol gesot, d’Aarbechte wieren net esou séier virukomm, wéi Der Iech dat eigentlech virgestallt hutt. Duerfir och nach meng lescht Fro: Wéi ass et mat den Terminer? Kann dat eent 2016/2017 oder 2017/2018 lassgoen? Ech soen Iech Merci an ech freeë mech op Är Äntwerten.

  1. Mars Di Bartolomeo, Président.-

Merci dem Här Adam. An d’Wuert huet elo direkt den Här Erzéiungsminister, de Claude Meisch.

  1. Claude Meisch, Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.-

Merci, Här President. Dir Dammen an Dir Hären, Merci och un den honorabelen Deputéierten Här Claude Adam fir d’Geleeënheet, hei kuerz kënnen op déi Froen do ze äntwerten. Et stelle vill Froe sech ronderëm en neit Schoulfach „Vie et société“, wéi mer et wëllen nennen an, jo, ganz ënnerschiddleche Voleten. Op där enger Säit: Wat ass den Inhalt vun deem Fach? Wat wëlle mer vermëttelen? Wat wëlle mer de Schüler, de Kanner, de Jugendleche mat op de Wee ginn? Op wat fir eng Manéier wëlle mer dat maachen? Wien hält also dat Fach? Mat wat fir enge Léiermaterialien? Mat wat fir enge Bicher soll et gehale ginn? Da stelle sech awer ganz aner Froen nach, déi technescher, administrativer a juristescher Natur sinn, wéi d’Reprise vun deem jëtzege Personal, dat virun allem jo nach net beim Stat ass, dat de Reliounsunterrecht am Optrag vum Bistum momentan hält. Wat fir eng Perspektive kënne mer deem bidden? Dat sinn all déi Froen, déi sech do momentan ronderëm dréinen a wou mer musse kucken, eng kohärent Äntwert ze ginn. Well wann een eng Äntwert an deem enge Volet gëtt, dann heescht dat eigentlech och schonn, datt een an deem anere Volet dat muss mat iwwerdenken. Dir hutt an Ärer Fro eigentlech all déi Voleten do kuerz ugeschnidden, duerfir wéilt ech eng Kéier do derduerchgoen. Bei der Reprise hu mer vun Ufank u gesot, mir wéilten dat Personal iwwerhuelen, wat haut fir de Bistum de Reliounsunterrecht am Enseignement fondamental assuréiert. Mir wëllen deenen eng berufflech Zukunft bidden - wat ech nëmmen normal fannen, datt, wann duerch eng politesch Décisioun wéi déi heiten op eemol Plazen a Gefor kommen, déi concernéiert Leit, déi sech op dee System do verlooss hunn, déi hir berufflech Perspektiven drop opgebaut hunn, datt déi net déi Leidtragend solle sinn! Duerfir musse mer en fonction vun deem Parcours, dee se bis elo gemaach hunn, vun hirer Grondausbildung, vun hirer Beruffserfahrung, vläicht och vun hiren Interessegebidder, vun hirem Wëllen, fir sech weider kënnen ze forméieren, deementspriechend Perspektiven och opmaachen a konkret Propositioune maachen, allerdéngs ëmmer a Beräicher, wou déiselwecht Konditiounen da mussen erfëllt ginn, wéi all déi aner Intervenantë se och an der Éducatioun oder an engem aneren Domän beim Stat mussen erfëllen, fir do kënnen ze intervenéieren. Et ass esou, datt e gudden Deel vun deem Personal, wat mer wëllen iwwerhuelen, en Ofschloss um Niveau vum Bac huet. Déi hunn also domadder den Zougang an d’Réserve des suppléants am Enseignement fondamental. Mir wäerten deenen och recommandéieren, datt se dee Wee solle goen, datt se nach eng Formatioun maache vun 120 Stonnen, déi och déi aner gemaach hunn, fir an d’Réserve des suppléants ze kommen. Mir wëllen deenen awer och doriwwer eraus nach Méiglechkeeten a Perspektive ginn, mä dann ass et hir Décisioun herno, ob se dee Wee wëlle weidergoen oder net. An duerfir hu mer mat der Uni Lëtzebuerg ofgemaach, eben eng zousätzlech Formatioun unzebidde fir déi, déi de Bac hunn, fir déi, déi déi 120 Stonne Formatioun hunn, näämlech nach zwee Joer beruffsbegleedend eng Formatioun um universitären Niveau op der Uni Lëtzebuerg ze maachen, fir de Bachelor ze kréien, deen engem dann erlaabt, herno als Enseignant am Fondamental kënnen ze intervenéieren. Wuelverstanen och do erëm eng Kéier zu deeneselwechte Konditiounen, awer da musse se de Concours maachen an de Stage maachen, wa se an d’Enseignantscarrière wëllen erakommen. Ech wëll och do nach eng Klammer opmaachen, datt mer déi Propos vu Formatioun op der Uni net nëmme wäerten a Richtung vun den heitege Reliounsenseignantë maachen, mä selbstverständlech och opmaache fir all déi aner Chargé-de-coursen, déi schonn eng Rei vu Joren am Enseignement fondamental geschafft hunn, hir Beruffserfahrung do accumuléiert hunn an déi elo och vun deem dote Wee kënne profitéieren, fir sech an eng aner Carrière kënnen eropzeschaffen. Ech denken, datt dat och e groussen Effort ass, dee mer do géife maachen, wat d’Qualitéit vum Enseignement nach weider ubelaangt. Zousätzlech Formatiounen heescht jo awer och zousätzlech Qualitéit. Déi aner vun deene ronn 220 insgesamt, déi betraff si fir d’Reprise am Fondamental, do wäerte mer méi individuell nach musse kucken, wat d’Propose sinn. Mir wëssen, datt mer an der Schoul eigentlech manner Geleeënheet hunn, Personal ze engagéieren an ze beschäftegen, dat net de Bac huet. Mir fannen awer am ganze Rayon vun eisem Ministère, vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, sécherlech och do ganz interessant Perspektive fir déi Leit. Mä dat heescht awer, datt et fir jiddwereen eigentlech individuell herno gekuckt gëtt. Duerfir hu mer elo virun enger Rei vu Wochen all déi Concernéiert ugeschriwwen, si sollen eis hir Informatiounen eraschécken, hiren Dossier complétéieren, fir datt mer wëssen, wat de Parcours ass, dee se bis elo gemaach hunn. A mir wäerten ab Februar och individuell Gespréicher féieren, fir eng Rei vu Proposen ze ënnerbreeden, ze kucken, wat sinn d’Virstellungen, an a Fonctioun vun deene Virstellungen ze kucken, e méiglechst breede Konsens ze fannen. Ech denken, dat do, jo, dat hätt een e puer Méint éischter kënne maachen. Ech mengen awer, et ass schwéier hei ze soen, den Informatiounsfloss hätt kënne besser sinn, well et wierklech herno individuell Informatioune sinn a Gespréicher sinn, déi hei mussen individuell zu enger Léisung hiféieren. Eng Informatioun, déi eis momentan feelt, dat ass och: Wie sinn déi 40 Équivalent-temps-pleinen, déi laut Konventioun beim Bistum wäerte bleiwen, déi do da fir de Bistum herno solle Reliounsunterrecht halen an de Kierchen oder soss anzwousch an déi awer och wäerten auslafen? An enger Iwwergangszäit wäerte mer déi jo nach matfinanzéieren. An de Profill vun deenen interesséiert eis natierlech och, well wann dat der 40 vun där enger Kategorie sinn oder vun där anerer Kategorie, musse mer eis natierlech hannendrun och deementspriechend erëm opstellen an eis Proposen änneren. Wien däerf dat Fach halen? Do war et och ëmmer ganz kloer, datt mer hei net derogéieren zum allgemenge Prinzip. Am Fondamental ass et esou, datt mer jo - ënner Guillemeten - „de Generalist“ hunn als Enseignant; den Titulaire de classe décidéiert, ob en dat Fach wëllt halen oder net. Wann en et selwer net wëllt halen, dann ass et e Remplaçant, deen dann do wäert intervenéieren. Et ass also esou, datt herno jiddwereen, deen autoriséiert ass, am Enseignement fondamental Schoul ze halen, dat Fach och kann halen. An et läit un him, ob en et selwer assuréiert oder éischter dann ofgëtt. Dat heescht awer och, datt jiddwereen eiser Meenung no muss eng Weiderbildung maachen. Et ass en neit Fach. Et hat keen dat Fach begéint a senger Grondausbildung. Et schéngt mer nëmmen normal ze sinn, datt, wann dat Fach och soll esou gehale ginn, wéi et konzipéiert ass, wéi et ugeduecht ass, wéi et am Léierplang och wäert stoen, et dann och eng Weiderbildung noutwendeg mécht fir all déi Intervenanten, déi et potenziell kënnen halen. A mir wëllen déi eigentlech och op jiddwereen do ausweiden, net nëmmen op déi, déi soen: „Jo okay, ech halen et selwer”, well soss herno ass et vläicht éischter de Kritär, ob ech d’Formatioun schonn hunn oder iwwerhaapt wëll maachen, ob ech dat Fach halen oder net. An dat dierft eigentlech do net matspillen, dat misst eigentlech do kee Kritär sinn. Am Secondaire ass d’Situatioun noutgedrongen aneschters. Do hu mer net de Generalist, do hu mer de Fachenseignant. A mir hunn d’Fachenseignanten, déi haut déi zwee Fächer assuréieren, déi mer ofschafen: de Reliounsunterrecht an de Moral- a Sozialunterrecht. An der éischter Phas schéngt et mer normal ze sinn, datt, och no enger Weiderbildung vun deenen zwou Kategorië vun Enseignanten, déi dat neit Fach kënnen assuréieren an datt mer duerno fir nei Rekrutementer mer dann och en neie Concours musse maachen, deen da spezifesch ausgeriicht ass op dat neit Fach. An do kënnt déi Iwwerleeung, déi mer amgaange sinn ze féieren, fir iwwerhaapt de Concours de recrutement fir de Secondaire ze reforméieren, mat eran, well mer do amgaange sinn, d’Kritäre fir den Zougang zum Concours méi breet ze maachen, datt mer also méi Kandidaten zouloossen, mat verschiddene Profiller an och hei herno erëm mat verschiddene Studiegäng, mat verschiddene Masteren, déi awer natierlech alleguerten am Rayon vun deem Fach musse leien. An et ass den Examenconcours, deen dann décidéiert, ob een de fachleche Bagage huet, fir dat Fach kënnen ze enseignéieren oder net. A mir sinn elo exactement nach eng Kéier amgaangen, elo nach ze rekrutéieren no deem ale Prinzip, well mer net wollten e Lach herno do entstoe loossen. Dat ass eng Décisioun. D’lescht Joer hu mer et ee Joer ausgesat. Dëst Joer hu mer et nach ee Joer gemaach. Mä ech ginn awer fest dovunner aus, datt dat elo dee leschte Concours wäert si fir d’Relioun a fir d’Moral no deem Bild, wéi mer et haut wäerten hunn. Wéini dat Fach do start, do hunn ech ëmmer kloer gesot: „Et kann net den Timing sinn, deen d’Qualitéit herno bestëmmt. Et muss d’Qualitéit sinn, déi den Timing bestëmmt.“ Dat ass och nach ëmmer esou. Mir gesinn eng ganz kloer Perspektiv, datt et méiglech ass, fir am Secondaire éischter unzefänken, well eng Rei vu Froe sech net stellen, zum Beispill d’Reprise vum Personal sech do net stellt. Duerfir wäerte mer an deenen nächste Wochen e Projet de loi déposéieren, dee sech dann eleng mat der Introduktioun vum neie Fach „Vie et société“ am Secondaire wäert befaassen an dat wäert erméiglechen. Duerfir kënne mer dann och, wann d’Aarbechten an der Chamber esou weiderginn, dat Fach starte loossen de 15. September 2016, also bei der nächster Rentrée am Secondaire. Dat erlaabt eis et och sécherlech, do Erfahrungen ze sammelen. Et erlaabt eis et och, do eng ganz Rei vu Ressourcë vun Enseignanten, déi elo schonn dat eent oder anert Fach assuréiert hunn, mat anzesetzen oder ze libéréiere fir matanzesetzen an de Prozess fir am Fondamental, wou nach ganz vill Aarbecht noutwendeg ass, fir souwuel de ganze Léierplang auszeschaffe wéi awer och herno d’Léiermaterialien auszeschaffe wéi och Inhalt wierklech an dat Fach eranzekréien. Mir hu jo elo e Kader, e pädagogesche Kaderléierplang definéiert, mä do muss nach ganz vill Aarbecht dru geleescht ginn. A well mer déi Aarbecht nach ze maachen hunn, plus d’Reprise vum Personal nach ze maachen hunn, wäert dann do en zweete Projet de loi awer och am Laf vum Joer 2016 an d’Chamber kommen, fir dann herno kënnen ze erméiglechen, datt mer bei der Rentrée 2017 och am Fondamental dat Fach ufänke loossen. Wuelverstanen: all Kéiers komplett ufänke loossen! Net an den ënneschte Klassen ufänken, fir da lues a lues Joer fir Joer mat eropzewuessen, mä e komplette Switch wäerte mer maachen an all de Klassen, souwuel am Fondamental wéi och am Secondaire. Eng aner Fro, déi sech jo och gestallt huet, dat ass déi wierklech vum Contenu. An do si mer jo an engem participative Prozess. Mir sinn an engem transparente Prozess. An duerfir ass et esou, wéi de Claude Adam gesot huet, et vergeet bal keng Woch, datt net driwwer geschwat gëtt. Jo, dat ass eigentlech gewollt, och vun eis, datt mer dat net hanner zouenen Dieren am Minstère maachen an dann iergendwann eng Kéier bei der Rentrée, wa mer et ufänken, erauskommen domadder a soen: „Hei ass et, hei sinn d’Léiermaterialien, hei ass de Programm!”, mä datt mer och en Débat doriwwer kréien. Et ass e Fach, dat heescht „Vie et société“, also d’Liewe vun deem Eenzelnen an d’Liewen an der Gesellschaft soll et thematiséieren. An et gëtt eigentlech näischt méi Wichteges, wat mer deene Jonke kënne mat op de Wee ginn, wéi dat, wat mer iwwert dat dote Fach hinne wëlle mat op de Wee ginn. An datt et duerfir eng gesellschaftlech Debatt bedéngt hei am Land, dat fannen ech och eigentlech nëmmen normal. An datt déi och kontrovers gefouert gëtt, dat schéngt mer och evident ze sinn. Duerfir freeën ech mech op all déi Bäiträg, déi do kommen, déi mer och ganz eescht wäerten huelen, déi mat an deen Aarbechtsgrupp wäerten eragoen, deen dee bisherege Kaderprogramm matausgeschafft huet, wou sécherlech net jiddwereen herno wäert Satisfaktioun kréien, mä se musse ganz konkret gekuckt ginn an et muss jo och jiddwereen eng Äntwert dorobber kréien. A mir wäerten och nach an deenen nächste Méint esou eng Phas eng Kéier maachen, wou mer d’Aarbechte wäerten opmaachen, fir ze consultéieren an nach eng Kéier e breeden Echo kënne mat an d’Aarbechten erafléissen ze loossen. Fir awer och bei deem Timing do ze bleiwen, och bei där participativer Approche...

(…)

Mir wäerten, fir deen Timing ze halen an awer och weiderhin an engem participative Prozess kënnen ze bleiwen, och nach eng Kéier musse méi Ressourcen zur Verfügung stellen, fir déi Aarbechten do kënnen ze schëlleren, souwuel fir de Secondaire fir 2016 wéi awer och de Fondamental fir 2017 kënnen unzefänken. Dat ass eigentlech elo déi Léier, déi mer aus deene leschte Méint och gezunn hunn. An do si mer awer drop an drun, fir kënnen ze reagéieren.