Mir si mam Stage net averstanen!

01.11.2014

Stage fir Beruffsufänger an der Grondschoul – NEE MERCI!

D’Studente si mam geplangte Stage an der Grondschoul net averstanen!


- well déi geplangten Déchargestonne, Coursen, Examen an dem Mémoire eis vun eiser Haaptaufgab, dem Schoulhalen oflenkt a schlussendlech d’Schüler dorënner leiden. Si wäerten hiren Enseignant als ee gestresste Mënsch erliewen, dee keng Zäit huet, fir sech op hiert Léieren ze konzentréieren, mee dee sech muss drëms beméien, säi Stage mat all sengen Hürden ze packen a wäerten dowéinst ënner méi schlechte Léierconditioune schaffe mussen.


- well mir an eiser Formatioun, onofhängeg dovu wou mir studéiert hunn, all Semester Stage haten, an deem mir hu misse vis-à-vis vun de Leit vum Terrain an de qualifizéierten Tuteuren aus eiser Formatioun beweisen, dass mir Schoul hale kënnen.

- well dee Mémoire, deen am “Avant-Projet de loi” virgesinn ass, “double emploi” ass. D’Studente, déi sech mat hirem Diplom dem Concours stellen duerfen, hunn alleguerten um Enn vun hirem Studium ee Mémoire iwwert en Thema, wat mam Enseignement ze dinn huet, geschriwwen. Dësen ënnerscheed sech fundamental vun der Aarbecht, déi d’Proffen an hirem Studium schreiwen, well en sech thematesch mam Enseignement, an net mat engem Thema, wat näischt mat der Schoul ze dinn huet, beschäftegt.

- well d’Coursen an der “Pédagogie générale” an d’Examen dozou “double emploi” sinn. D’Studente, déi sech mat hirem Diplom dem Concours stellen duerfen, hu während hirem Studium näischt anescht gemaach. Course fir Beruffsufänger si fir eis just vertrietbar, wann se eis am Sënn vun enger Formation continue eppes Neies bréngen.
- well d’Evaluatioun fir eis kee Sënn gëtt. Mir sollen am geplangte Stage vun där Persoun bewäert ginn, déi eis gläichzäiteg betreien a berode soll. Dëst ass eng Duebelroll, där kee gerecht ka ginn. Allgemeng si mir der Meenung, dass mir während 4 Joer an eiser Formatioun genuch getest an evaluéiert gi sinn. Een Détenteur vun engem Diplom, deen ee komplette Pädagogikstudium zertifizéiert, beherrscht seng “Pédagogie générale” an huet an de sëlleche Stagë formativ a sommativ Evaluatiounsgespréicher mat de Leit vum Terrain a mat den Tuteure aus eiser Formatioun bestanen.
- well d’Ecartéieren nom 2. Versuch bei den Examen am Stage fir eis keng Léisung duerstellt. Firwat muss ee Kandidat, just well um Enn vum geplangten 1. Stagejoer een Exame bei der 2. Kéier net bestanen huet, nach eemol de Concours, deen hien ee Joer virdru scho gepackt huet, an eventuell eng Partie vum prakteschen Deel vum Stage, an deem hie ganz gutt ka gewiescht sinn, nach eemol maachen? Dat ass eng Logik vu Redoublement, déi d’Politik an der Grondschoul jo ofgeschaf huet an am Lycée och net méi gär praktizéiert, well se de wëssenschaftleche Quellen, déi beweisen, dass Redoublement kee Sënn mëscht, vertraut. Déi permanent Onsécherheet, déi d’Méiglechkeet vum Ecartement mat sech bréngt, rifft bei eis Studenten existenziell Ängscht ervir: Banke wäerten eis als jonk Mënsche mat private Projete manner gären oder net méi an eiser onsécherer Situatioun ënnerstëtzen.
- well d’Déchargestonnen, déi am Moment fir ee Stagiaire virgesi sinn, riskéieren, net u säi reellen Aarbechtspensum ugepasst ze sinn. Et ka net sinn, dass ee Stagiaire méi laang wéi während de virgesinnenen Déchargestonnen fir aner Aufgaben, wéi déi vum Schoulhalen an der Préparatioun vun de Schoulstonnen, schafft. Méi Déchargen géingen op der anerer Säit awer rëm mat sech bréngen, dass ee kee gudde Bezuch zu senger Klass opgebaut kritt an op eemol net méi als Haaptenseignant ugesi gëtt, well een e groussen Deel vun de Schoulstonnen net an der Klass ass.
- well d’80/80/90 Gehälterformule eis no eisem laange Studium an eng ongënschteg Situatioun setzt fir eis een eegent Liewen opzebauen. Een, dee manner verdéngt, kritt zum Beispill och net esou vill Sue vun enger Bank geléint fir seng privat Projeten. Jonk Beruffsufänger, déi vill Käschten a Méi am Studium op sech geholl hunn, brauchen eng hirem Diplom entspriechend Pei fir kënnen een eegen- a selbstännegt Liewen unzefänken.


Wat wëlle mir? De STATUS QUO!


De Stage soll bleiwe wéi e bis lo ëmmer war!
Mir wëllen:
- eng Begleedung a Berodung vum Instituteur-Ressources an/oder vum Inspekter als Hëllef fir déi éischt Zäit am Beruff.
- keng weider Hindernisser wéi Mémoire, Coursen an Examen.
- eng Formation continue, déi ee Mehrwert fir de Beruffsufänger huet an déi sech am wesentlechen net vun de Coursen, déi deenen aner Enseignanten ugebuede ginn, ënnerscheed.
- weiderhin 100 %, also ouni Déchargestonne schaffen.
- weiderhin déi voll Pei, well mir jo och vollzäit schaffe wëllen.

Matgedeelt vu Studenten vu Walfer, Baaschtnesch, Virton, Léck, Bréissel a Fribourg a vun de Chargés de cours vu Lëtzebuerg

 



D'Petitioun ënnerschreiwen