Ëmfro: Mobbing an der Schoul

Maach mat bei eiser Ëmfro!
Mobbing op der Aarbechtsplaz ass eppes, wat ee muss eescht huelen – an dat gëllt och fir d’Schoulen. Als SEW/OGBL gesi mir et als eis Verantwortung, net nëmme betraffe Kolleeginnen a Kolleegen ze begleeden an ze ënnerstëtzen, mee och aktiv Präventiounsaarbecht ze leeschten. Dëst ass eng wichteg Viraussetzung, fir Mobbing effektiv entgéintzewierken.
Dofir hu mir eng Ëmfro lafen, déi eis hëllefe soll, e realistescht Bild vun der Situatioun an de Schoulen ze kréien: Wéi oft gëtt Mobbing erlieft? Wéi gëtt et wouer geholl? Vu wiem geet Mobbing aus?
Huelt Iech wgl. e puer Minutten Zäit a maacht mat bei eiser Ëmfro! All Äntwert ass wichteg – och wann Dir Iech net direkt betraff fillt. Nëmmen zesumme kënne mir géint Mobbing an eise Schoulen virgoen.
Klick hei fir bei der Ëmfro matzemaachen