Conférence de presse: SEW et SNE

05.03.2015

aff_chantiers_web.jpg

Dir Dammen an dir Hären,

ech dierf Iech ganz häerzlech am Numm vum SNE a vum SEW op eiser gemeinsamer Pressekonferenz begréissen, déi mir ënnert dem Slogan zesumme faasse kéinten :

Déi wierklech Problemer upaken, keng onnéideg Chantiere schafen!

Déi 2 Gewerkschaften SEW an SNE wëllen hei mat Nodrock drop hiweisen, datt mir an der ëffentlecher Schoul aktuell vill Problemer hunn, déi dréngend musse geléist ginn. D’Léisung vun de bestehende Problemer muss Prioritéit hunn.

Déi nei Chantieren, dat heescht déi Sujeten, déi den Här Meisch nei an d’Diskussioun bruecht huet, droe sécher net zu enger Verbesserung vun der aktueller Situatioun bäi, mee au Contraire, si riskéiere fir nach méi Onrou an Onzefriddenheeten an eise Schoulen ze schafen.

Dat hei ass also en dréngend Opruff un den Här Minister net mat neie Chantiere vun de reell bestoende Problemer an der Schoul ofzelenken, mee fir zesumme mat de Leit vum Terrain an hire Gewerkschaften no Léisungen ze sichen an domat dozou bäizedroen, datt endlech erëm eng gewësse Serenitéit an eis Schoule kënnt, dat och endlech d’Enseignanten an och d’Elteren d’Gefill hunn, datt am Unterrechtsministère d’Besoine vun de Kanner iewescht Prioritéit hunn a et net nëmmen drëm geet fir Austeritéitsmoossnamen ëmzesetzen.

Erlaabt mir ze betounen, datt mir eis d’Aarbecht bei der Pressekonferenz opgedeelt hunn, an all Aussoe selbstverständlech jeeweils vu béide Gewerkschafte gedroe ginn.

Et ass bekannt, dat mir eis net op allen aktuellen Dossieren eens sinn, mir sinn eis awer bewosst, dass et wichteg ass, dass mir op dëse Sujeten, wou eis Positiounen a Fuerderungen identesch sinn, zesummen ze schaffen

Mir wëlle fir d’éischt rappeléieren :

Déi 2 Gewerkschaften si géint d’Aféierung vun engem neie Stonneplang.

Den aktuelle Stonneplang ass bis elo vu kenger Säit a Fro gestallt ginn.

D’Schoulen zesumme mat de Gemengen, hunn d’Méiglechkeet fir hire Stonneplang, d’Ufankszäite vum Unterrecht an  d’Organisatioun vun de Stonnen un déi spezifesch lokal Situatioun, un déi bestehend Infrastrukturen,ob dat elo eng Zentralschoul oder verschidde kleng Gebaier sinn un d’Contrainte vum Transport, d’Dauer vun de Schoulweeër etc, unzepassen.

Den aktuelle Stonneplang definéiert e flexibele Kader, dee souwuel de pädagogeschen Uspréch wéi och de Contrainte vun den Infrastrukture gerecht gëtt.

De Stonneplang ass a ville Schoulen anescht, an dach gëtt et e Konsens iwwert déi verschidde Modeller, fir et einfach ze soen : jidderee ass mat der aktueller Situatioun zefridden.

Kee Wonner, datt all d’Schoulpartner iwwerrascht waren, dat de Minister op Emol landeswäit en identesche Stonneplang aféiere wëllt. An a ville Schoule waren a sinn d’Kolleginnen a Kollege rosen, well se mat enger iwwerflësseger Diskussioun konfrontéiert goufen an domadder vun hire wierkleche Problemer ofgelenkt gouf.

D’Gewerkschaften an och aner Akteure vun der Schoul haten direkt drop higewisen, dass de Stonneplang nëmmen Nodeeler fir d’Kanner bréngt.

A jiddereen huet entretemps och verstanen, datt et dem Här Meisch virun allem drëm geet fir iwwert dee Wee vun der Reorganisatioun vum Stonneplang d’Tache vun den Enseignanten erop ze setzen an zousätzlech Geld a Posten a bei der Betreiung vun de Kanner an de Maison Relais ze spueren.

Mir fuerderen den Här Meisch op, dee Projet falen ze loossen an sech deene wichtegen Defie vum Fondamental ze stellen.

An dem Kontext sinn d’Gewerkschaften och géint eng Reorganisatioun oder eng nei Definitioun vum  Appui pedagogique.

Dat soll esou e bëssen en passant bei dem neie Stonneplang geschéien; et ass eis awer wichteg extra op dee Sujet hinzeweisen.

Nom Schoulgesetz vun 2009 mussen d’Enseignantë pro Joer 54 Stonnen Appui pedagogique leeschten. Wéi déi Stonnen agesat gi gëtt an all Cycle an der Equipe pedagogique decidéiert. De Coordinateur de Cycle ass responsabel, dass déi Stonnen esou efficace wéi méiglech genotzt ginn.

Aktuell gëtt den Appui pedagogique an der Regel gebraucht fir eenzelne Kanner oder engem klenge Grupp vu Kanner eng gezielt, individualiséiert an differenzéiert  schoulesch Hëllef ze ginn. Dat kënne Kanner aus der eegener Klass sinn oder dacks sinn et och Kanner aus enger Klass aus dem selwechte Cycle. An den Enseignant kennt deene Kanner hir Schwieregkeeten a Besoine jo och duerch d’Zesummenaarbecht vun den Equipes pédagogiques .

Duerchkennt den Ofbau vu praktesch allen Appuisstonnen, an dozou zielen och d’Centre d’apprentissage, dh. Wou een dacks spezialiséierten Enseignant sech just ëm déi méi schwaach Schüler gekëmmert huet, an duerch d’Eropsetze vun de Effektiver vun de Klassen, bedéngt duerch d’Aféierung vun dem berüchtegte Kontingent vu Schoulstonnen, ass den Appui pedagogique quasi déi eenzeg Mesure, déi de Schoulen nach bleift fir deene Kanner ze hëllefen, déi eis Hëllef am néidegsten hunn.

A mir erënneren drun, datt, am Kader vum Kontingent, dass de Prozess vu Reduktioun vun der Zuel vun de Stonnen, déi d'Schoule fir hir Organisatioun accordéiert kréien, nach net fäerdeg sinn. Et ass am Gesetz virgesinn, dat eréischt no 2019 d'Schoulen op hirem definitive Koeffizient sinn. Déi allermeescht Schoule wäerten also nach weider all Joer Stonne gestrach kréien. Dobäi fält et ville Schoulen elo scho schwéier eng Schoulorganisatioun ze maachen, déi de Besoine vun alle Kanner ka gerecht ginn.

Eng flexibel Organisatioun vum Appui pedagogique erlaabt verschiddene Schoule fir interessant a sënnvoll pedagogesch Projeten ze initiéieren oder bäizebehalen. An dat ass besonnesch wichteg, well entretemps ganz vill vun de innovative Projeten, déi soss esou gäre vum Unterrechtsministère an d’Vitrinne gestalt goufen, dem Kontingent zum Opfer gefall sinn.

Den SEW an den SNE verlaangen och d’Bäibehalen an d’Stäerke vum Modell vun der Cogestioun am Fondamental.

De Modell vun der Cogestioun mat de Comités de cogestion an de Comités d’école krut mam Schoulgesetz vun 2009 endlech eng legal Basis.

Domat sinn d'Comités d’école, déi schonn ouni gesetzlech Grondlag virun der Reform bestoungen, an déi an hire Schoulen zesumme mat de Gemengen eng gutt a wichteg Aarbecht gemaach hunn, unerkannt a konfirméiert ginn.

Deemools, an dat dierf ee net vergiessen, wor e vun den Argumenter fir d’Schafe vun engem Comité, dat d’Responsabilitéit vun der Gestioun vun de Schoulen net vun enger Persoun alleng gedroe konnt a wollt ginn. Vill Schoulen hunn deemools schonn erkannt, datt d’Initiative mussen aus de Schoule kommen, dass méiglechst vill Kolleginnen a Kollege responsabiliséiert musse ginn, fir dat d’Initiativen, d’Projeten an d'pedagogesch Organisatioun vun der Schoul och vun alle gedroe ginn. Duerch méi Responsabilitéit kënnt et zu engem verstäerkten Engagement vun den Enseignanten.

Wichteg ass dobäi de Prinzip vum Bottom-up, deen en den Akteuren um Terrain erlaabt mat hiren Iddiën, Projeten an Erfahrungen, an d’Gestioun vun de Schoulen anzebréngen. An dat am Contraire zu dem traditionellen Top-Down Modell, wou am Prinzip alles vun uewen aus der Hierarchie octroyéiert gëtt an den Enseignant zu engem Exekutant degradéiert gëtt.

De Modell hat sech also scho virun 2009 bewährt, ass dunn legaliséiert a generaliséiert ginn an d’Comitéën hunn eng gutt Aarbecht gemaacht. Dat gëtt och vu kengem kontestéiert.

Et ass allgemeng unerkannt, an d’Praxis zu Lëtzebuerg am Fondamental huet et net zu Lescht bewisen, dass d’Enseignanten sech méi responsabel fille wann Aktiounen an Initiativen aus den eegene Reie kommen, wéi wann se  vun enger Hierarchie, vum Ministère iwwert d’Inspekteren un d’Schoulen eragedroe ginn.

D’Cogestioun ass duerfir e wichtege Faktor vun der Qualitéit vun de Schoulen.

De Modell vun de Cogestioun ass, wann een déi international Schoullandschaft kuckt, zimlech eenzegaarteg. Dat erklärt villäicht och, dat nach ëmmer d’Gespenst vum Schouldirekter ëmgeet, an d’Diskussiounen doriwwer erëm soll lass goen. Bal schéngt et, wéi wa verschidde Leit enttäuscht wieren, dass de Modell e Succès ass, déi Leit hate wuel just drop gewaart, datt de Modell net sollt funktionéieren.

De Prinzip  wou e Schouldirekter, als verlängerten Aarm vum Inspekter Direktiven aus dem Ministère vun uewen erof an d’Schoulen dréit an dann ordonéiert, dass alles genausou exekutéiert gëtt, ass a kann net esou efficace si wéi den aktuelle Modell vun der Cogestioun.

Versti mir eis net falsch, et handelt sech net ëm Anarchie oder d’Verhënnere vu sënnvolle Moossnahmen. Esou wäit ginn d’Kompetenze vun de Comitéen och net. Et geet just ëm e Cogestiounsmodell, wou an engem gesetzlech fixéierte Kader d’Schoulen eng gewëssen Autonomie hunn, wou d'Enseignante sech kënnen abréngen. An déi musse mir behalen.

De Modell vun de Comité de cogestion, de Comité d’école mat engem Président du comité d’école (a net wéi de Ministère esou gäre seet Président d’école !) ass ee vun de positive Punkte vun der Reform vun 2009.

Duerfir verlaange mir: d’Fangeren ewech vun der Cogestioun, un dem Modell brauch an dierf näischt geännert ginn.

Mir sinn och net dofir, datt d’Kompetenze vun de Presidente vun de Comitéë sollen erweidert ginn.

 
Den SNE an den SEW refuséieren och kategoresch all Augmentatioun vun der Tache vun den Enseignanten.


Eis Tache ass 2009 schonn erhéicht gi mat dem neie Schoulgesetz.

D’Schoulreform huet vill nei zousätzlech Missioune bruecht, d’Aufgabe vum Enseignant si méi komplex ginn an d’Ufuerderungen un den Enseignant ginn ëmmer méi grouss. Eis Aarbecht an de Schoule gëtt och ëmmer méi usprochsvoll a mir warne ganz Ausdrécklech virun engem Eropsetze vun der Tache, och einfach well vill Enseignanten an eisen onheemlech usprochsvolle Job, mat enger och nervlech an emotional héijer Belaaschtung un hir Grenze kommen.

An duerfir sinn SEW an SNE och géint all Ofbau oder Ofschafe vun den Altersdechargen. Besonnesch vill eeler Kolleginnen a Kollegen hunn elo scho mat enger exzessiver Aarbechtsbelaaschtung ze kämpfen.

Sollten esou Mesuren envisagéiert ginn, da wäerte mir eis mat alle syndikalistesche Mëttelen dogéint wieren.

 
Fir schnell Solutiounen zu den existente Chantieren ze fannen, fuerdern SEW an SNE schnell Negociatioune mam Educatiounsminister zu folgende Sujeten :

 

  • De Contingent: Dat ass e vun de Punkten, den de Leit an de Schoulen matt am meechte Suerge mécht fir d’Schoulorganisation ze plangen an d’Organisatioun vum Schoulbetrieb ëmmer méi schwiereg mécht.

 

De Berechnungsmodus vum Kontingent  muss geännertt ginn.

Datt d’Stonnen, déi un nationale Plang zur Verfügung stinn gerecht verdeelt ginn an datt je no socialem Background verschidde Schoule méi Stonne kréien, matt dem Prinzip ass jidfereen averstanen.

An der Realitéit ass et awer esou, datt an deenen 10 Joer eng 4000 Wochestonnen bei de Kanner ofgebaut gi sinn.

Et kënnt also net nëmmen zu enger Ëmverdeelung, mee virun allem zu enger Kierzung vun den Unterrichtstonnen.

D’grouss Majoritéit vun de Gemengen verléiert Joer fir Joer Unterrechtstonnen.

Dës Stonnen feelen fir den Enseignement de base performant an efficace ze organiseieren.

D’Autonomie vun de Schoulen reduzéiert sech an dem Fall hei op d’Verwaltung vum Mangel.

Wann een déi ambitiounéiert Zieler  vun der Reform vu 2009 kuckt, ass dat net de richtege Wee an einfach inakzeptabel. 

Mir wëlle méi differenzéieren, d’Kanner, esou gutt wéi et geet, individuell betreien a förderen.

Dat ass net ze realiséieren wa mir gläichzäiteg d’Effektiver vun de Klassen héijhen an d’Appuisstonnen an de Schoulen kierzen oder esouguer am Endeffekt wéi an enger Rei Schoulen ewelll de Fall,  ganz ofschafen.

Déi wichtegst an verantwortungvollst Aarbecht am ganzen Unterrechtswiesen gëtt ëmmer nach an der Klass matt de Kanner geleescht.

SEW an SNE acceptéieren op kee Fall eng weider Verschlechterung vun der aktueller Situatioun, mee fuerderen eng Verbesserung  duerch eng Upassung vum Effectif moyen a vum Indice social.

Den Taux d’encadrement de base muss op 1,85 erhéicht ginn an den Indice social muss op 25% fixéiert ginn

A gläizäiteg brauche mir am Contingent eng gewësse Flexibilitéit, déi et besonnesch méi klenge Schoulen erlaabt eng sënnvoll a verstänneg Schoulorganisatioun opzestellen.

An d’Méiglechkeet muss bestoe bleiwen, datt an enger spezieller Situatioun, wou et villäicht méi schwiereg Kanner an enger Klass gëtt, an déi Situatioune gin ëmmer méi heefeg, datt an dem Fall zousätzlech Stonnen zur Verfügung gestallt ginn.

Natierlech dierf et da net zu Willkür ausarten wou dann erëm verschidde Gemenge beviirdeelegt ginn.

 

  • EQMP : D’Hëllef vun de multiprofessionnelen Equipë mus méi schnell a méi onkomplizéiert bei de Kanner ukommen

SEW an SNE sinn sech eens datt eng spezialiséiert Ennerstetzung vun den élèves à besoins spécifiques vu grousser Wichtegkeet ass.

Dofir verlangen déi 2 syndicater dass d’ennerstetzung vun den EQMP so schnell an efficace wie meiglech an de Schoulen ukennt fir eng effizient Prise en charge vun dëse Kanner ze garantéieren

Realiteit beweist eis awer dass EQMP a villen Arrondissementer schlecht  funktionneieren.

Leider sinn hir Effektiver esou reduzéiert an d’EQMP esou organiséiert, datt si guer net oder net genuch an de Schoul präsent si, fir kënne matt de Kanner ze schaffen.

Zousätzlech sinn déi administrativ Hürden esou grouss, datt et, nodeems e Kand gemellt gouf,  méintelaang dauere kann, bis iwwerhaapt mol an de Commissiounen iwwert seng Problemer geschwat gëtt.

D’Hëllefstellung vun der EQMO beschränkt sech duerno dann dacks op d’Erstelle vun engem Diagnostic an dem Erstellen vun engem Hëllefsplang, dee wuel gutt gemaach ass mä den de Pabeier net wäert ass, well ët kee oder nëmmen onzoulänglechen Suivi um Terrain gëtt an den Enseignant erëm alleng gelooss gëtt

Eng konkret Hëllef kënnt an ganz ville Fäll net zustan.

Duerfir fuerdere mir net nëmmen eng Opstockung vum Personal vun den EQMP, mee och hir Präsenz an eise Schoulen, eng vill méi Engk Zesummenaarbecht matt den Enseignante um Terrain an eng Reduzéierung vum dem gewaltegen administrativen Opwand, den eigentlech elo just verhënnert, datt deene Kanner, déi op déi Hëllef ugewise sinn, an de Schoulen séier an efficace ka gehollef ginn.

D’Organisatioun vun den EQMP muss am Fong iwwerduecht ginn, fir datt déi Spezialisten an de Schoule séier, efficace a méiglechst onbureaukratesch kënnen intervenéieren.

 

  • Eng iwwerdriwwen Administratioun an exzessiv Bureaukratie

Vill vun de Stonnen dei duerch de Contingent agespuert gi sinn, si geholl ginn  fir  den administrative Waasserkapp opzeblosen an  Experten ze engagéieren, déi net um Terrain matt de Kanner schaffen.

Dëse waaserkapp kann reduzéiert ginn ouni dass et zu engerqualitéitsverschlechterung an onse Schoule kennt.

Et wir dringend notwendeg dës Ressourcen, déi dann nees fräi sinn, an d’Aarbecht mat de Kanner ze integréieren.

Desweidweren hu mir Impression , wéi wann déi eigentlech alldeeglech Aarbecht vum Schoulmeeschter, nämlech d’Schoulhalen, an den domat verbonnenen Opwand – denke mir nëmmen un d’Virbereeden, un d‘Nobereede an un d’Reflexioun – vun de Verantwortlechen um MENJE staark ennerschätzt ginn ass an nach emmer gëtt.

Endlech mussen déi richteg Conclusiounen gezu ginn :

  • D’Léieren mat de Kanner an der Klass muss nees Prioritéit kréien.
  • Et muss opgehale ginn, déi Aarbechte rondrëm d’Schoul mat allméigleche Rapporten a Redaktioun vu Pläng vollzestoppen.
  • A virun allen dem Enseignant nees Zäit zréck ginn fir dat hien all seng Energie erem op d’Schoul hale an op d’Schaffen mat de Kanner a senger Klass verwende kann.