OGBL: JO zum Awunnerwahlrecht

01.05.2015

1439808273610.jpg(...)

Mir hunn eist d’Land ökonomesch fir d’ganz Welt opgemaach, mir hunn eis d’Land fir eng Immigratioun opgemaach, déi siewe mol méi héich ass wéi am Rescht vun Europa.

Zënter méi wéi engem Joerhonnert ass d’Immigratioun e wesentleche Pilier vun eisem wirtschaftlechen a soziale Fortschrëtt a Räichtum.

A mir wëssen alleguerten, datt et muer och nët anescht kann a wäert sinn.

Mir wëssen och, datt d’Intentitéit vu Lëtzebuerg, vu senger Gesellschaft a vu senger Kultur maassgeblech duerch all déi Generatioune vu Mënsche geprägt ginn ass, déi op Lëtzebuerg immigréiert sinn.

Dat méi wéi an irgendengem anere Land.

Dat huet Lëtzebuerg net geschued, dat huet et staark gemaach an dat huet et zu deem gemaach wat et haut ass.

D’Fro iwwert Walrecht déi de 7. Juni am Referendum gestallt gëtt, ass dofir keng Nationalitéitefro, et ass eng Bierger- an Awunnerfro.
D’Fro vum Referendum iwwert d’Walrecht ass d’Fro op een e Land wëll sinn, dat sech zu all senge Bierger an Awunner bekennt oder op een dat nët wëll sinn.

Et geet em méi demokratesch Gläichberechtegung, et geet awer och em eng méi staark gesellschaftlech a politesch Responsabiliséierung vun den auslännesche Bierger.

Et geet em d’Stäerkung vun eiser politischer Demokratie.

Wee vill Bierger vun engem Land vum Walrecht ausschléisst, dee schwächt d’Legitimatioun vun den Décisiounen vu sengem Parlament a vun der Aktioun vu senger Regierung. An dat souwuel um nationale wéi um internationale Plang. An dat ass nët gutt fir Lëtzebuerg.

Mir solle keng Angscht hu fir d’Dir zur Demokratie weider opzemaachen.

Mir sollen et als eng Opportunitéit gesinn, fir eist Land op alle Pläng weider ze stäerken an et méi stabil ze maachen.

Fir den OGBL, deen d’gewerkschaftlech Organisatioun vun alle Salariéen ass, onofhängeg vun hirer Nationalitéit, dee wirtschaftlech a sozial Interesse vun alle Salariéen ze vertrieden huet, onhofhängeg vun hirer Nationalitéit an dee weess, datt e vill vu senger gewerkschaftlecher Stäerkt dem gewerkschaftlechen Asaz vun immigréierte Kolleginnen a Kollegen ze verdanken huet, als Militanten an de Betriber, als gewielte Personaldelegéiert, als Mandatsträger an de Strukturen vum OGBL an als gewielte Memberen vun der Chambre des Salariés, respektiv an den Sozialversecherunge, kann et fir de 7. Juni just een Opruff ginn: an dat ass de massive JO fir d’Auslännerwalrecht.

(...)