Info Chargé de cours

D’Isabelle Bichler vum Landesverband an de Patrick Arendt vum SEW haten Dënschdes den 13. Juni 2017 eng Entrevue um Educatiounsministère mat den Häre Reding a Brachmond vum MENJE an den Häre Busana a Reef vun der Uni.lu. Um Ordre du jour stoung d’Formation en cours d’emploi (BScE Track 2) fir d’Chargé de Cours a Reliounsenseignantë vum Fondamental.
D’Vertrieder vum Ministère deelen d’Suerge vun de Gewerkschaften, datt net genuch Kolleginnen a
Kollegen den Examen-Concours d’Admissioun fir dës Studie packen.
Duerfir gouf eis Propositioun zeréckgehalen, datt de Ministère eng Informatiounsversammlung fir d’Chargé de Cours a Reliounsenseignanten organiséiert, wou wichteg Detailer iwwert den Examen d’Admissioun fir den Track 2, deen den 11. Juli 2017 stattfënnt matgedeelt ginn. D’Uni.lu soll duerfir déi Concernéiert kontaktéieren an invitéieren sech beim Ministère ze mellen.
De Ministère deelt och de Souci vun deenen zwou Gewerkschaften, datt net méi Leit sech fir den zweete Bildungswee (Track 2) op der Uni.lu interesséieren. D’Uni.lu krut den Optrag fir Propositiounen ze maache fir d’Organisatioun vun dem Studium méi kompatibel mat der Realitéit vun de Chargé de Cours ze maachen.
Verschidde Pistë goufen diskutéiert.