SEW/OGBL Pressekonferenz zur Schoulrentrée 2016/2017 (1)

13.09.2016

13. September 2016

SEW/OGBL Pressekonferenz zur Schoulrentrée 2016/2017


Hei fannt dir d’Transkriptioun vun eiser traditioneller Pressekonferenz fir d’Rentrée 

(…)

1434807686492.jpgDen SEW/OGBL huet fir d’Schoulrentrée e bësse Recul geholl fir e Bléck op d’Entwécklung vun eisem Schoulsystem ze geheien. Iert den Educatiounsminister fir d’Rentrée sécherlech eng ganz Rei méi oder manner spektakulär Mesuren ukënnegt – duerfir wollte mir eis Pressekonferenz virdru maachen - wëlle mir seng Schoulpolitik och unhand vu spezifesche Problemer analyséieren, kuerz- a laangfristeg Konsequenzen a Geforen opweisen an natierlech och Perspektiven an Alternative presentéieren.

(…)

Zwou grouss Charakteristike vun der aktueller Schoulpolitik ginn ëmmer méi däitlech:

1. De Minister a seng Mataarbechter lauschteren net op d’Basis. cp_03.jpgDen Dialog tëschent den Enseignanten um Terrain an dem Ministère ass vu Säite vum Minister ofgebrach ginn. Et gëtt net méi op e Feedback aus de Klassesäll gelauschtert. Dem Minister säi Schäindialog, mat Visite a Schoulen a Reunioune mat ausgewielten Enseignanten ass just eng PR Campagne et kritt een d’Impressioun e wier an engem permanente Wahlkampf.. All Mesurë ginn am Ministère ausgeschafft, duerno an der Regel fir d’éischt der Press, dann den Enseignantë virgestallt. D’Kollege vum Terrain, déi an de Klasse mat de Kanner schaffen, ginn am Virfeld net consultéiert an hir Avise ginn nëmme ganz wéineg, wann iwwerhaapt, consideréiert.

De Minister investéiert immens vill Energie doranner fir d’Gewerkschaften aus den Diskussiounen erauszehalen, se géint eneen auszespillen.

cp_04.jpgDe Präis vun der Politik ass héich: d’Autoritéit vun den Enseignantë leit dorënner, si mierken, datt trotz hiren ëmmer méi groussem Asaz an der Aarbecht mat de Kanner a Jugendlechen d’schoulesch Resultater sech net verbesseren, an dat d’Ënnerscheeder bei de Kanner, wat de Succès an der Schoul ubelaangt ëmmer méi grouss ginn, an dat an ganz héijer Korrelatioun mat hirer sozialer Situatioun. Duerfir gëtt et fir vill Enseignanten ëmmer méi schwéier sech mat hirer Aarbecht, mat dem wat se zenséiert sinn ze maachen, ze identifizéieren.

2. gëtt et ëmmer méi däitlech, datt déi Responsabel iwwerhaapt keng Äntwert hunn, fir op déi cp_05.jpgpädagogesch Erausfuerderungen an der Educatioun, bedéngt duerch en ëmmer méi komplexe Sproochenhannergrond vun de Kanner an déi affektiv, sozial a kognitiv Verännerunge bei de Kanner, bedéngt duerch Medien, Verännerungen an de Familljestrukturen, an eiser Liewensweis etc, ze reagéieren.

Eisen „hyperaktive“ Minister beschränkt sech drop, fir regelméisseg a Pressekonferenzen nei Mesuren, wéi zum Beispill an der Sproocheförderung, unzekënnegen, déi awer net duerchduecht sinn an sech meeschtens an der Praxis géingen als irrealisabel erausstellen an duerfir meeschtens och no e puer Wochen erëm vergiess sinn.

cp_06.jpgDem Minister Meisch seng neoliberal Schoulpolitik bréngt awer fundamental strukturell Verännerunge mat sech, déi mëttel- a laangfristeg eng grouss Gefor duerstelle fir d’ëffentlech Schoul, a fir d’Kohesioun vun der Gesellschaft.

Déi neoliberal Politik charakteriséiert sech duerch dat d’Prinzipie vun enger liberaler Wirtschaftspolitik och an d’Schoul transferéiert ginn:

Individualismus an Egoismus gi gefërdert: all Kand muss kucke fir an der Konkurrenz mat senge Matschüler an der Course no den cp_07.jpgDiplomer méiglechst vir ze sinn a séier weiderzekommen. De schéine Slogan: „Mir huelen all Kand do of wou et steet“, verstoppt, dat mir kee gemeinsame Projet méi hunn an eiser Schoul fir all d’Kanner. Mir akzeptéiere vu vir eran, datt verschidde Kanner op der Streck bleiwen.

D’Konsequenzen dovunner sinn elo schonns ze erkennen, mee et gëtt probéiert fir se ze verstoppen:
Redoublement am Fondamental heescht „allongement de cycle“ an ass limitéiert. Duerch de nei Bilane realiséiere Elteren, haaptsächlech aus sougenannte bildungsferne Schichten, dacks net, wou hir Kanner stinn. Problemer gi camoufléiert.

cp_08.jpgDen SEW/OGBL verlaangt duerfir chiffréiert Bilanen. Déi aktuell Bilanen am Fondamental, och wann se vereinfacht goufen, sinn einfach net kloer an hirer Ausso. Mir mussen all den Elteren eng Chance ginn d’Bilanen ze verstoen. Et gëtt festgestallt, datt vill Elteren net méi onbedéngt matkréien, wat hir Kanner brauchen, respektiv wou hir Kanner stinn.

Ënner méi Kanner ginn an de Modulaire orientéiert. D’Reform vun der Orientatiounsprozedur vum Fondamental an de Secondaire huet als Objektiv, datt méi Kanner sollen an de Secondaire classique orientéiert ginn. D’Prozedur ass nämlech esou definéiert ginn, datt d’Elteren zwar net onbedéngt méi Matsproocherecht kréie – am Endeffekt ass et nach ëmmer den Educatiounssystem deen decidéiert – mee si kënnen esou vill Drock op den Titulaire maachen, datt ze fäerten ass, datt Enseignantë mengen sech dem Drock net ze entzéien an dann éischter de Wënsch vun den Elteren noginn, d’Kanner an de Classique orientéieren, obwuel den Technique de bessere Choix wier. De schouleschen Niveau geet zwar net erop, mee d’Statistike gi verbessert.

Et gëtt just un der Fassad verbessert.

Dat weist sech och erëm am Fondamental , wou grouss ugekënnegt, 150 Plaze geschaaft gi fir an de Schoulen deene Kanner ze hëllefen, déi speziell Hëllef brauchen. Woubäi mir fäerten, datt déi Leit vill, vill ze vill vun hirer Zäit mat administrativer Aarbecht verbrénge wäerten. Mee dës 150 Plazen entspriechen der Zuel vu Posten, déi an deene nächste Joer nach wieder ofgebaut ginn. Dat ass kee Fortschrëtt!cp_09.jpg

Erënnere mir drun, datt den SEW/OGBL verlaangt, dës Posten an de Schoulen net ofzebauen, fir de Schoulen d’Méiglechkeet ze ginn sech selwer hire Besoinen no ze organiséieren.

Dëse Modell geet op Käschte vu Kanner aus bildungsferne Milieuen, déi sech am Schoulsystem net esou gutt auskennen. Eis Schoul als Ascenseur cp_10.jpgsocial, wann deen da jeemools richteg fonctionnéiert hätt, gëtt definitiv blockéiert.

Dee neoliberale Modell zielt och fir d’Schoulen: et gëtt vill geschwat vun Autonomie vun de Schoulen, mee duerch den Ofbau vu Posten am Fondamental, kënnen d’Schoulen net méi all Kand déi Hëllef ginn, déi et brauch. An di finanziell Mëttelen dozou sinn do. Si gi just agesat fir iwwerflësseg administrativ Posten oder sougenannten Experten, déi d’Enseignante sollen ënnerstëtzen. Den SEW/OGBL verlaangt, datt Poste geschaaft respektiv mol erhale bleiwe fir d’Kanner ze ënnerstëtzen.cp_11.jpg

Schoule ginn och a Konkurrenz gesat. Fir d’Statistike vun de schoulesche Resultater ze verbesseren, ass et am efficaceste fir an déi gutt Schüler ze investéieren. Dat sinn d’Enseignanten am gaangen ze léieren an dat wäert d’Schoul an der Zukunft nach méi sozial ongerecht maachen.

Hei hu mir d’Ursaach vum Malaise bei villen Enseignanten. D’Joffer an de Schoulmeeschter si beméit sech ëm all d’Kanner ze këmmeren, si wëlle jiddereen ënnerstëtzen a jidderengem hëllefen sech schoulesch a sozial ze entwéckelen. Déi offiziell Messagen a Slogane ginn och nach an déi Richtung, mee an der Realitéit ass längst kloer, datt mir am gaange si vill Kanner zeréck ze loossen. Den Enseignant mierkt, dat him ëmmer méi d’Moyen geholl fir efficace all de Kanner ze hëllefen. Zousätzlech bréngt d’Politik et fäerdeg op eng zimlech perfid Aart a Weis den Enseignanten d’Responsabilitéit fir déi Situatioun duerch Evaluatioun an Instrumenter wéi PRS, ze ginn. D’Schoule léieren sech an der Ëffentlechkeet duerzestelle mat spektakulären Aktiounen, déi de Wee and’Press fannen.

cp_12.jpgDen SEW/OGBL verlaangt, datt de Fokus erëm méi op d’schoulesch Aarbecht mat de Kanner, deene méi schwaache Kanner, Kanner mat spezifesche Besoinen, Kanner mat enger Friemsprooch als Mammesprooch geluecht gëtt. Déi Aarbecht ass dacks onspektakulär, fir d’Ëffentlechkeet quasi onsiichtbar, an de Statistike vun de Resultater vun der Schoul ouni groussen Effet, an trotzdem immens wichteg.

Joerzéngtelaang hunn d’Léierin an de Schoulmeeschter hir ganz Karriär am Schoulsall bei de Kanner verbruecht. Si konnten sech ausschliisslech op hiert Schoulhale konzentréieren. Jiddereen huet déi selwecht Karriär gemaach.

Duerch déi rezent Reforme koum et zu engem Paradigmewiessel: den Enseignant muss sech elo ëm seng Karriär këmmeren.

Dat geet bei de Stagiairen un. All Enseignant kann sech erënnere wéi haart déi éischt Joer waren: sech mat der Aarbecht an der Klass mat de Kanner erëmfannenan d’Preparatioune vun de Coursen. Datass intensiv. Et wier also sécher ubruecht gewiescht deenen nei Kolleginnen a Kollegen eng Hëllef am Stage ze bidden.

Dat ass awer net de Fall. Bei de Stagiaire geet et an éischter Linn drëm fir de Stage ze packen. Et gëtt op de schoulfräien Nomëtteger Formatiounen, Coursen, Aarbechten ze schreiwen, Reuniounen, etc an dat zousätzlech zu der Aarbecht an der Klass. Vu datt se kënnen am Stage ecartéiert ginn, sinn se gutt beroden sech mol haaptsächlech ëm hire Stage ze këmmeren.

D’Aarbecht mat de Kanner geréit noutgedrongen an den Hannergrond. cp_13.jpgEng méi wéi onglécklech Aart a Weis fir an dee schwierege Beruff eranzekommen.

Mee net nëmmen d’Stagiaire, mee all Enseignant muss sech ëm seng Karriär këmmeren. Eng ganz Rei vun „Expertsplazen“ sinn ze ergatteren, dacks mat Dechargen, also ouni oder manner Aarbecht mat de Kanner an dacks och nach belount mat méi an der Paitut. D’Aarbecht mat de Kanner, déi wichtegst Aarbecht am Enseignement, ass ganz ënnen an der Hierarchie also am mannste Wäert. A wien sech nach weider bewosst fir d’Schoulhalen entscheet, riskéiert eng Kéier gefrot ze ginn, ob e net genuch motivéiert ass.

Déi Plaze mat Dechargë sinn immens gefrot. Fir den SEW/OGBL dacks en Zeechen, datt et fir vill Kolleginnen a Kollegen ëmmer méi schwéier gëtt sech mat eisem Schoulsystem ze identifizéieren. 

D’Ambiance an de Schoule riskéiert och dorënner ze leiden. Op den Equipegeescht, ee vun de positive Punkte vun der Reform vun 2009 nach laang behale kënnen, woen ech ze bezweifelen.

cp_14.jpgMir kréie leider vill Echoen aus Schoulen, datt d’Schoulklima sech degradéiert, an dat mécht eis immens Suergen.

Fir kuerz op d’Sproocheproblematik ze kommen. Déi Mesuren, déi de Minister Meisch do quasi aus dem Näischt ugekënnegt huet weisen, datt et um Ministère keng seriö Iwwerleeungen zu dësem wichteg Punkt gëtt. Bei klenge Kanner sinn d’Experten sech eens datt d’Kanner bilingue gi wann se Bezugspersounen hunn, déi jiddereen an enger anere Sprooch mat hinne konsequent schwätzt. Wann déi Situatioun kënstlech ass, eng Persoun also ëmmer oder zäitweis an enger anerer Sprooch mat de Kanner schwätzt, da fonctionnéiert et net. Wéi an de Crèche de Personalschlëssel soll esou gestalt ginn, dat et passt, déi Fro schéngt keen sech gestallt ze hunn. A wann an der Spillschoul d’Joffer ofwiesselnd lëtzebuergesch a franséisch mat de Kanner schwätzt, da ginn déi héchstens veronséchert, mee et ass net ze erwaarden, dat se franséisch léieren. Dat wier als e bëssen einfach.cp_15.jpg

Fir den SEW/OGBL ass et mol positiv, datt elo probéiert gëtt fir all d’Kanner an der Spillschoul solle lëtzebuergesch léieren, an dat ass schonn net esou einfach. Den SEW/OGBL verlaangt, datt d’Sproocheproblematik an de Virdergrond geréckelt gëtt an no sënnvolle Propositioune gesicht gëtt.

D’ëffentlech Schoul steet virun enger geféierlecher Entwécklung. De Risiko besteet, dat dat déi neoliberal Entwécklung vun der Schoul, wou d’Weichen haut geluecht ginn, (...) grad wéi an der Wirtschaft nëmme méi ganz schwéier ze kontrolléieren an an de Grëff ze kréien ass. 

Dobäi brauche mir grad haut, an Zäite wou d’Gesellschaft sozial zerspläitert, Kanner a Jugendlecher, déi eng gutt Bildung hunn, net nëmmen eng Elite, mee alleguer. A net nëmmen eng Formatioun an eng Sammlung vun Diplomer fir sech um Aarbechtsmarché ze behaapten.

Den Defi ass fir d’Kanner, déi vill duerch d’Medie sozialiséiert goufen ze motivéiere fir sech ze bilden an sech mat der komplexer Gesellschaft an hirer Liewenssituatioun kritesch ausenaner ze setzen. Et geet sécher net duer wa mir se zu Konsumenten .D’Äntwerten op den Defi fanne mir net a cp_16.jpgstrukturelle Reformen, mee déi musse mir op pedagogeschem Plang fannen.

Den SEW/OGBL gesäit also der Orientatioun, déi d’Schoulpolitik, an dat net nëmmen zu Lëtzebuerg, kritt huet immens kritesch. Et ass eng geféierlech Entwécklung. Fir den SEW/OGBL huet an der Schoul Individualismus, Konkurrenzdenken an Ieleboumentalitéit keng Plaz. Et soll de Kanner net vermëttelt ginn a vun den Enseignanten och net virgelieft musse ginn. Eise Schoulsystem muss d’Prinzipie vu Solidaritéit an eng humanistesch Bildung héichhalen. Et geet net duer déi Jonk zu cp_17.jpgKonkurrenten um Aarbechtsmarché an zu Konsumenten ze forméieren. Et ass net naiv fir Alternativen ze sichen an et gëtt Alternativen. 

An (...) just nach eng kleng Klammer, och am Kontext vun de Kanner als Konsumenten. Et gëtt vill Geld investéiert fir déi digital Medien an d’Schoulen ze bréngen. Fir déi grouss Firme geet et ëm Marchéen a nei Clienten. Hei schéngt et dréngend, datt den Asaz vu Computer, Internet an digitale Medien an der Schoul mol méi kritesch hannerfrot gëtt. Mee dat ass e vaste Sujet op dee mir dann eng aner kéier méi spezifesch aginn.


Patrick Arendt