Conférence de presse Rentrée 2014

22.09.2014

Den SEW/OGBL ass net ob all Aussoe vum Minister Meisch agaangen. A senger Pressekonferenz, an och an der Versammlung mat de Presidentinnen a Presidente vun de Schoulcomitén, huet hien sech ob Intentiounen an Iwwerleeunge beschränkt, ouni konkret Virschléi ze maachen, wéi déi éischter vague Iddiën an der Praxis sollten ëmgesat ginn.

Den SEW/OGBL huet nodréiglech ob déi 3 Sujete reagéiert, déi an der Vakanz e bëssen ënnergaange sinn:

  • de Projet de loi vum Institut de Formation vun der Education nationale
  • d’Resultater vun der Orientéierung vum de Schüler aus dem Fondamental an de Secondaire
  • den héijen Taux d’échecs am Concours d’admis- sion à la fonction vun de neien Enseignanten am Fondamental

Mir hunn déi Sujeten an de Kontext vun der aktueller Schoulpolitik gesat.


  1. Den Apprentissage vun de Sproochen

D’Léiere vun de Sproochen ass a bleift de groussen Defi vun eisem Schoulsystem an eiser Gesellschaft.

Den SEW/OGBL verlaangt, datt e gesellschaftlechen Debat gefouert gëtt iwwert d’Funktioun an de Stellewäert vun de Sproochen an eiser Gesellschaft an an eiser Schoul. Deen Debat gëtt net einfach a verlaangt politesche Courage.

Et muss definéiert gi wat fir eng Importenz mir deenen 3 administrative Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch) an och dem Engleschen an der Schoul wëlle ginn.

Eréischt wann e gesellschaftleche Konsens iwwert d’Objektiver besteet, kann de Schoulsystem defi- néieren, wéi déi Objektiver kënnen erreecht ginn a wéi de Sproochenunterricht an der Kontinuitéit vum Fondamental bis an de Secondaire organiséiert ka ginn.

Leider ginn am Fondamental duerch d’Aféiere vum Contingent nach ëmmer (a nach bis 2019!) vill Stonne verluer. Et wier immens wichteg am Ufank de Kanner, a besonnesch den ausländesche Kanner massiv ënnert d’Äerm ze gräife fir datt si all eng gutt Basis kréie fir d’Sproochen ze léieren.

All d’Schoulen, och déi kleng, mussen op eng onbüro- kratesch Aart a Weis, déi néideg Mëttelen a Stonne kréie fir d’Primo Arrivants beschtméiglechst ze enca- dréieren.

Dem SEW/OGBL ass et wichteg, a mir hunn dat och schonns beim Koalitiounsvertrag betount: D’Sproochen däerfe net op e rengt Kommunika- tiounsmëttel reduzéiert ginn; de Sproochenunter- richt brauch och Kultur; d’Literatur dierf also op kee Fall beim Sproochenunterricht ewech falen.

An anere Länner gëtt en Ënnerscheed gemaach tëschent Mammesprooch a Friemsproochen. Bei eis gëtt et de sougenannte Mammesproochenunterrecht net, Däitsch a Franséisch ginn als Unterrichtssprooche geléiert an deenen sech eis Schüler duerno solle weider bilden, duerfir kënne mir déi net just op Friem- sproocheniveau behandelen.

De Minister Meisch proposéiert, datt schonn d’Crèchë solle bilingue sinn, fir d’Kanner esou fréi wéi méiglech matt de Sprooche vertraut ze maachen. Leider verréit de Minister awer net wéi hien dat an der Kanner- betreiung konkret realiséiere wëll: vill Crèche sinn a privater Hand, et gëtt kaum ëffentlech Crèchen. An der Stad Lëtzebuerg stinn nach ëmmer eng ronn 250 Kanner op der Waardelëscht fir an de Foyer scolaire. Déi Mesure schéngt eis zimlech onrealistesch.

Peri- a parascolaire Strukturen dierfen och op kee Fall verschoult ginn: et brauch een eng kloer Trennung tëschent Schoul an zum Beispill Maison Relais, wou de rekreativen Aspekt am Viirgronn stoe bleiwe muss.

Eng Alphabetisatioun op Däitsch oder op Franséisch schéngt keen Thema méi ze sinn:

Et ass och fir den SEW/OGBL kee Remède Miracle: an der Praxis ass et a klenge Schoule kaum ëmzesetzen.

Déi Experienzen, déi et bis elo gouf waren net positiv. Eng Alphabetisatioun op 2 Sproochen ass och fir den SEW an der lëtzebuerger Praxis schwéier ëmzesetzen.

D’Gefore vun enger Alphabetisatioun an 2 Sprooche leien awer op der Hand: de soziale Status vun de Sprooche gëtt immens wichteg. Franséisch an Däitsch hunn an deene verschiddene soziale Schichten net deeselwechte Prestige. D’Gefor vun enger Ghettoisa- tioun an eise Schoule besteet.

Eng Alphabetisatioun op franzéisch ass fir portugie- sech Kanner keen Avantage.

Déi komplizéiert Sproochesituatioun erklärt sécher zum Deel dee ganz dramatesch Resultater vum Passage primaire post primaire.

  1. Resultater vum PPP

De Communiqué vum Edukatiounsministère iwwert d’Resultater vum passage primaire-postprimaire (PPP) ass an der Vakanz e bëssen ënnergaang:

1/6 vun de Schüler sinn an de Modulaire orientéiert ginn, d.h. si hunn de Minimum vun de Kompetenzen am Fondamental net erreecht. Si hunn, einfach gesot, de Fondamental net gepackt.

D’Ursaachen si villschichteg:

  • D’Kanner sollen am Fondamental net méi redoubléieren. Et gëtt awer grouss Ënner- scheeder wann d’Kanner an de Cycle 1 oder Cycle 2 kommen. Vill Kanner bräichten am Ufank méi Zäit. Si ginn awer ëmmer weider geschleist an hunn dann am Cycle 3 oder 4 kaum nach eng Chance méi de gefuerderten Niveau ze erreechen. Den total individua- liséierten Unterrecht ass an der Praxis eng Illusioun.
  • De kompetenzorientéierten Unterrecht matt senger Evaluatioun ass eng aner Ursaach. Et schéngt awer wéi wann de MENJE géing erëm ewech komme vun dem Kompetenzwahn.

E positiivt Zeechen ass dee neie Modell vun 

de Bilanen am Fondamental. De Modell ass net perfekt, loin de là, mee et ass e gudde Kompromëss, den elo an der Praxis getest gëtt a sécher nach muss adaptéiert ginn. De Modell kënnt de Fuerderunge vum SEW awer scho méi no, wéi déi besteehend Bilanen.

  • Et gëtt och eng Rei gesellschaftlech Problemer.

Schüler sinn dacks net méi bereet Efforter ze maachen. Dobäi mussen d’Kanner och Efforte maachen, wann et mol eng Kéier net onbe- déngt Spaass mécht an der Schoul. Et si leider dacks Kanner aus sozial schwaache Milieuen, déi net bereet sinn Efforten ze maachen. Eng Chancëgläichheet ass dann net méi méiglech.

Déi Resultater vum PPP am Joer 5 no der Reform vum Fondamental weisen och drop hin, dat déi Reform, héiflech gesot, net gegraff huet:

-      Et wor eng reng Strukturreform

-      D’Moyenen um Terrain gi wieder gekierzt.

-      Et gëtt wieder erëm massiv an d’Bureaukratie investéiert. Parallel dozou ginn ëmmer méi Spezialisten engagéiert, déi d’Problemer analyséieren a benennen, awer keng Léisunge proposéiere kënnen, respektiv d’Enseignanten um Terrain feelen einfach d’Moyenen fir se

ëmzesetzen.

-      Enseignante gi mat administrativen Aarbechten zougeschott.

-      De Kompetenzunterrecht ass eng Ideologie ouni konkret pädagogesch Mesuren. D’Schüler ginn individuell fir hir Resultater verantwortlech gemaach. Dat klappt bei staarke Schüler déi dacks nach Elteren hunn, déi si dobäi ënner- stëtzen, mee déi Kanner aus sozial schwaache Milieue brauchen de Klasseverband fir vun a matt deenen aneren ze léieren, vun hinnen a vum Enseignant matgerappt ze ginn.

Den Akzent muss op déi pädagogesch Defie geluegt ginn, do musse Léisunge fonnt ginn,

an dat geet sécher net wann um Terrain weider d’Moyene gekierzt ginn.

Well wat ass schliisslech d’Objektiv vun der prokla- méierter

  1. Autonomie vun de Schoulen?

Mat manner Moyene sollen d’Schoule besser Resul- tater bréngen.

Duerch déi sougenannten Autonomie sinn si selwer responsabel wann dat net geléngt. De Här Minister dedouanéiert seng Problemer, déi duerch d’Austeri- téitspolitik entstinn, an d‘Schoulen.

An der Ralitéit ass et esou, datt duerch d’Hierarchi- satioun an de Schoulen, déi sech permanent vers- tärkt, d’Autonomie vum Enseignant ëmmer weider reduzéiert gëtt.

De sougenannte „Profil“ vun de Schoule mécht dem

SEW och Suergen:

-      Et féiert dozou, datt d’Schoule verschidden Objektiver definéiere kënnen. Fréier oder spéider fuerderen d’Elteren och am Fonda- mental, datt si sech d’Schoulen aussiche kënnen.

-      Als Resultat, an dat kenne mir aus dem Ausland, stellt sech d’Schoulpopulatioun no dem soziale Background vun de Kanner zesummen. Et gëtt staark a schwaach Schoulen. Dann ass d’Schoul net méi en Integratiounsfaktor, mee am Konträr si verstäerkt déi sozial Ënnerscheeder.

-      Dat ass eng grouss Gefor fir eis ëffentlech Schoul.

Déi geplangte Reform vun der Fonction publique bréngt matt sech, datt nach méi hierarchiséiert gëtt. D’Problemer an der Schoul loossen sech net duerch méi kleng oder grouss Cheffe léisen, mee duerch genuch Moyenen an de Klassesäll bei der Aarbecht matt de Kanner a méi Vertrauen an d’Aarbecht an an d’Kompetenze vun den Enseignanten.

  1. D’Formatioun vun den Enseignanten

Den Här Meisch huet ugekënnegt den Enseignante duerch méi Formatioun stäerken ze wëllen.

D’Problemer an der Schoul koumen net duerch net genuch ausgebilten Enseignanten, mee duerch eng verfeelte Schoulpolitik.

D’Enseignante hunn eng gutt Ausbildung!

Den SEW ass fir eng Formation continue vun den Enseig- nanten, mee mir wëlle mat agebonne ginn. D’Enseig- nante musse kënne selwer d’Méiglechkeet hunn fir hir Besoinen an der Formation continue ze formuléieren.

Bis elo ass d’Formation continue just benotzt gi fir d’Enseignanten ze endoktrinéieren. Sou waren zum Beispill déi Coursen obligatoresch wou de Modell vun der Evaluatioun (deen elo schonn erëm ofgeschaaft gouf), géint d’Oppositioun vu ville vun den Ensei- gnanten aus dem Fondamental, sollt duerchgesat ginn. Kritesch Stëmme waren net erwënscht.

Eng Rei Formatioune gëtt et och fir administrativ Aarbechten, wéi z. B. de SCOLARIA opzesetzen.

Konferenzen, déi den SEW oder d’FGIL organiséiert haten, goufen net als Formation continue unerkannt, well si net am Sënn vun der Politik vum MENJE waren, mee Alternative gewisen hunn.

Am

  1. Concours d’admission

vun de Léierinnen a Schoulmeeschteren gouf et e groussen Taux d’échec an de pädagogesche Fächer.

Déi jonk Enseignante sinn also déi éischt, déi di negativ Effekter vun der Reform vun der Fonction publique ze spiere kréien.

Si kruten all eng gutt an exigent Ausbildung: zLëtzebuerg an am Ausland!

Den SEW erkennt 3 Objektiver, firwat Leit, déi just Woche respektiv Deeg virdrun hiren Diplom no engem gudde Studium kruten, op eemol net sollte capabel si fir Schoul ze halen:

-      De MENJE wëll d’Ausbildung op der Universitéit Lëtzebuerg a virun allem am Ausland devalori- séieren.

-      Den Educatiounsministère wëll beweisen datt d’Creatioun vun dem geplangten Institut de Formation de l’Education nationale, fir d’Leit aus dem Fondamental awer soll sënnvoll sinn.

-      Déi Jonk ginn an eng prekär Situatioun gedrängt: si verdénge vill manner an de Staat spuert vill Geld.

D’Zuel vun deenen ausgeschriwwene Plazen entsprecht elo schonn net de reelle Besoinen, mee si ass aus budgetäre Grënn no ënne korrigéiert ginn a soll an deenen nächste Joer nach weider reduzéiert ginn. Esou solle Käschten um Bockel vun deene Jonken, déi Schoul halen, reduzéiert ginn respektiv gebraucht ginn fir dee neien institut de Formation ze finanzéieren.

Dobäi ass vu vireran gewosst, datt jiddereen, den sech dem Concours stellt, ob en e packt oder net, Schoul hale geet. Soss géif de ganze System zesumme briechen. Et dierf een och net vergiessen, datt och déi méi wéi 500 Chargés de cours matt enger 4-Woche- Formatioun als Remplaçant gebraucht ginn).

D’Regierung ass dobäi, eng 2. Carrière als Chargés och fir diploméiert Enseignanten ze schafen.

Dozou zielt sécher och dee geplangten neie Stage am Ufank vun der Carrière fir d’Léierinnen an d’Schoulmeeschteren, matt Formatiounen an Examen an der Méiglechkeet Leit ze ecartéieren, déi hiren Diplom op der Uni Lëtzebuerg kruten, no enger Forma- tioun matt méi wéi 30 Woche Stage an de Schoulen.

Dee Stage ass iwwerflësseg a sécher nëmmen den Ufank vun de negativen Impakter op den Enseignement vun der geplangter Reform vun der Fonction publique.

D’Studenten an déi Kolleginnen a Kollegen, déi de 

Concours nach net gepackt hunn, si mat Recht sauer iwwert dëse Gesetzprojet.

Bei der

  1. Education aux valeurs

ass et an der Läscht méi roueg ginn.

D’Strategie vum Minister Meisch fir de Cours unique eréischt anzeféieren, wann e valabele Modell ausges- chafft gouf, ass sécher richteg.

Den SEW an d’FGIL hunn intern en Aarbechtsgrupp opgestallt, mat ville Leit, déi sech schonn jorelaang mam Sujet befaassen, selwer Coursë gehalen hunn oder am Ausland besicht hunn.

Mir wëllen eis an dee Sujet abréngen: laizistesch Orga- nisatiounen aus Gesellschaft an Educatioun hunn sech op enger Plattform zesummegedoe fir un den Objek- tiver vun engem Cours unique matzeschaffen.

Wat eis an deem Kontext awer Suerge mécht ass, datt e geheimen Aarbechtsgrupp am Ministère dorunner schafft, ouni datt offiziell Informatiounen eraus kommen.

Bréiwer vun der FGIL fir an deem Aarbechtsgrupp ze kollaboréieren, si bis elo ouni Reaktioun an ouni

 

Äntwert vun der Responsabeler bliwwen ... dat ass sécher kee gutt Zeechen.

De Jules Barthel geet a senger Interventioun och nach op de Circulaire vum Minister Meisch iwwert d’signes religieux am Secondaire an.

Dës Regierung ass ugetruede matt dem eegenen Usproch op eng

  1. Politik vun der Transparenz.

Leider kënne mir esou e Politikstil net erkennen. D’Gewerkschafte gi leider dacks virun de Fait accompli gestallt.

D’Gesetzprojete ginn eis just virgestallt, wann se fäerdeg formuléiert sinn. Soss wor et üblech, datt am Virfeld d’Gewerkschaften als Vertrieder vun der Basis matt an d’Diskussiounen agebonne goufen.

Sou gouf eis zum Beispill de 15. Juli de Gesetzprojet vum IFEN virgestallt, wou e fäerdeg formuléiert war. Et goung och keng Riets vun Diskussiounen, de Projet ass just, fir d‘Form ze halen, virgestallt ginn. Transparenz

an Dialog gesäit anescht aus.

Dëse Mangel un Transparenz zitt sech wéi e roude Fuedem duerch déi aktuell Schoulpolitik.

Patrick Arendt




Pressekonferenz – Partie Secondaire

Den éischte Sujet deen ech well uschwätzen ass d’Berufsausbildung. D’Berufsausbildung bleift weiderhin e grousse Problem. Héi just e puer vun ganz ville Kritiken déi mir hun :

-      Mir sinn net kategoresch géint de Kompetenzun- terricht, do wou e Sënn ergëtt wéi z.B. a Moduler déi méi praktesch orientéiert sinn. Mir sinn awer dergéint, dass dës Form vun Unterricht per force muss iwerall applizéiert gin, och do wou et keen Sënn ergëtt, wéi z.B. an all deenen Moduler déi méi technesch sin, respektiv wou en zolitt theo- retescht Wësse verlaangt ass.

-      Natiirlech bleiwen déi enorm Organisatiouns- problemer an der Schoul nach ëmmer bestoen. Do brauche mir, mengen ech, net am Détail drop zeréck ze kommen.

-      Mir wëllen och nach eng Kéier op déi dévalori- séiert Formatioun vum Techniker hiweisen an,

fir dës Schüler, op ë staark limitéierten Accès zur Héichschoul, a Kontradiktioun mat deem, wat um Aarbechtsmaart gefroot ass, wou ëmmer méi BAC + /Oofschlosser verlaangt ginn.

-      Dozou kennt natierlech den héigen Taux d’échec - dat gëtt de Ministère jo selwer zou souwuel am DAP wéi och am DT, vum CCP guer net ze schwätzen.

Wéi geet et elo weider an der Beruffsausbildung. Den SEW war schonns ganz enttäuscht iwwert déi kuerzfristeg Mesuren, déi de Minister Meisch am Fréijor proposéiert huet a mir sinn och ganz pessimistesch wat déi längerfristeg Mesuren ugeet, déi de Minister wëllt am Hierscht presentéieren. Mir fäerten, dass et do just an d‘Richtung geet, « praktesch Léisungen ze fannen vir d’Organisatioun ze vereinfachen an d’Re- sultater vun eSchüler – statistesch - ze verbesseren », an dat, ouni dass un de Fundamenter vun der Beruff- sausbildung geréckelt gëtt an ouni dass et zu enger „qualitativer Verbesserung“ vun der Beruffsausbildung kënnt.

An engem zweete Punkt well ech kuerz op d’Schoul an d’Beruffsorientéierung ze schwätze kommen. D’Schoul- an d’Beruffsorientéierung kann a soll verbessert ginn, mee dat ganzt muss geschéien am Kader an innerhalb vun der Institutioun Schoul. Do ka gekuckt ginn, vir d’Moyenen vum SPOS ze adap- téieren, d’Formatioun vun den Enseignantë an dësem Punkt ze verbesseren, méi eng effizient Concertatioun zwëschen der Schoul, den Elteren an der Beruffswelt op d’Been ze stellen. Mee, wéi gesot, mir sinn ganz kloer géint all Zort vun „Outsourcen“ vun der Schoul – a Beruffsorientéierung aus dem Lycée eraus.

Och hu mir ewell d’Propose gemeet, eng 10e profes- sionelle d’initiation aux métiers ze schafen. Esou eng Klass kéint, ënner anerem, d’Schüler op déi eenzel Beruffer virbereeden esou dass si, um Enn vun där 10e, en connaissance de cause eng Beruffsausbildung kënnen eraussichen a net, wéi dat elo oft de Fall ass, an e Beruff orientéiert ginn, well d’Schoulresultater et net anescht zouloossen.

En drëtte Punkt op deen ech wëll ze schwätze kommen, ass d’Reform vum Lycée. Mir wëllen hei nach eng Kéier drop hiweisen, dass de Staatsrot ewell am Mäerz dëst Joer an engem Bréif un de fréiere Premier dëse „Projet de loi“ staark kontestéiert hat. Mir plädéieren dofir och weiderhin, dass dëse ganze Projet soll zeréckgezunn ginn. Da soll fir d’éischt analyséiert ginn, wat vir eng Objektiver - a notamment a Saachen Sproochen - des Reform soll erreechen a wéi mir déi Moyene’en déi mir dofir brauchen, garantéiere kënnen.

Ansonsten risquéiere mir erëm eng Kéier voll an eng Mauer ze lafen, esou wéi et schonns mat der Reform an der Beruffsausbildung gaang ass.

Dass de Minister Meisch an senge rezentem Aussoen d‘Autonomie vun de Schoulen ganz staark an de Vierdergrond setzt schéngt eis eng Konsequenz dovunner ze sinn, dass hien selwer net esou richteg weess a wéi eng Richtung e soll steieren an dofir de Schoulen méi Autonomie zougesteet, fir sech esou enger Rei Respon- sabilitéiten ze entzéien, sollt et net esou klappen wéi virgesin. Ausserdeem gesi mir de Risiko, dass eng gréisser Autonomie och ëmmer méi Konkurrenzkampf zwëschen de Schoulen mat sech bréngt an domadder de Risiko vun Ghettoschoulen, esou wéi mir et am Ausland schonns zum Deel musse konstatéieren.

Als leschte Punkt well ech och nach op d’Instruction ministérielle vum Unterrichtsministär iwwert d’Neutralitéit an der Schoul ze schwätze kommen. Des Directive bréngt, eiser Meenung no méi Problemer mat sech wéi se der léist. Den SEW fënnt dat ganz komesch, dass eng Regierung, déi sech no baussen jo ganz progressiv wëll ginn an vun der Trennung zwësche Kierch a Staat, vu Wäerteunterrecht asw. schwätzt, gläichzäiteg eng Directive erausbréngt, déi de Reliounsgemeinschaften méi Privilegien an der Schoul accordéiert wéi jeemools virdrun.

Mir Enseignanten maachen keng Differenzen an eise Klassen, weder zwësche Jongen a Meedercher, nach no der Hautfaarf, der Nationalitéit oder der Religioun. Mee mat dëser Direktive kréien mir Enseignanten eng Differenz imposéiert. Mir kréien Kanner an eis Schoul déi eis kloer soen : Mir sinn anescht, an d’Konsequenz hannendrun - Mir gi gären anescht behandelt. Dat ass eng Dir op vir all Formen vun Abusen an Zukunft.

Och de Gläichberechtigungsstatus zwëschen Meeder- cher a Jongen gëtt hei mat Féiss getrëppelt duerch eng abstrus Gläichstellung - Verschleierung vun de Meedercher op der enger Säit an Droen vun enger Kippa oder engem Turban bei de Jongen op där anerer Säit. D’Verschleierung ass vir eis ganz kloer - a ville Fäll jiddefalls - en Zeechen vun der Ënnerdréckung vun der Fra während Droë vun der Kippa oder dem Turban e positiven Statussymbol ausdréckt bei e Männer. Dat Erofspillen, an der Direktiv, vun dem negativen Symbol vun der Verschleierung ass en Affront vis-à-vis vun all deenen dausende Fraen, déi sech, oft ënner Liewen- sgefor, derfir asetzen, dass d’Fraen de Schleier net brauchen ze droen ouni direkt dofir zur Rechenschaft gezunn ze ginn.

Dat, a nach villes méi wat des Direktiv ka provozéieren, soll sech net nëmmen den Här Meisch eng Kéier duerch de Kapp goe loossen, mee och d’Madame Lydia Mutsch, als Gläichberechtgungsministerin an déi ganz Regierung hannendrun.

Jules Barthel