Decodéiere vum Codéieren an der Grondschoul

No persistente Rumeuren an de leschte Méint, méi kloren Undeitungen am rezentsten „EDI“ (Fachzäitschrëft fir Elterebildung) goufen Ufanks Februar op engem Samschden Owend d’Enseignanten aus der Grondschoul zesumme mam Rescht vun der Natioun iwwer deen üblechen interprofessionelle Kommunikatiounskanal gewuer, dass d’nächst Joer een neit Fach am Fondamental ënnerriicht wäert ginn.
An zwar huet den Här Meisch dëst neit Schoulfach „Codéiere“ genannt: Et soll ab nächstem Joer de Schüler aus dem C4 nobruecht ginn.
Meng éischt Reaktioun war natierlech grouss Freed. Ass TIC dach net och dee Sujet dee menge Kolleegen a mir um Terrain ënnert den Neel brennt, den am aktuelle Schoulkontext absolut prioritär ass an iwwer dee mir quasi all Dag schwätzen.
Am Kader vun der Chancëgläichheet gëtt bestëmmt elo d’Land och flächendeckend mat Ipads a co. versuergt, verkabelt, vernetzt, vercloud. D’Schüler verbréngen endlech manner Zäit doheem virum Bildschierm, well se hir Ecranszäit elo schonn an der Schoul absolvéiere kënnen.
Réckeproblemer duerch schwéier Schoulsäck verschwannen, well Hefter a Bicher, souguer Schachtel a Schéier an Zukunft an der Cloud sinn. A sollt et tatsächlech nach Schoulen am Land ginn, déi net deementspriechend equipéiert sinn, sou soll dat och keng Brems sinn. Den Här Meisch huet och u si geduecht. Fir dëst neit Fach „Codéieren“ ass een absolut net op dat entspriechend informatescht Equipement ugewisen: et geet och ouni.
Mental. Ëmdenkend. Problemléisend. Quasi Trockenübung am digitale Mier. Net mol mat Surfbriet.
Dunn, no der éischter Euphorie, koume mir meng éischt Zweiwel:
D’Fäegkeet erléieren, e Problem ze léisen, sou wéi den Här Meisch dat ëmschreift, kennen ech jo wuel aus dem Fach Mathe mat Sachaufgaben oder dem Eveil aux sciences mat Fuerscheroptreeg. Mee an Zesummenhang mat TIC?
Wa mir de Kanner d‘Liesen a Schreiwe bäibrénge kënne mer souwuel d’Grammatik, wéi och de Sënn an den Zweck vun dëse Kulturtechniken, mee wéi gesäit dat beim TIC aus? Wat sollen d’Schüler bei den TIC wierklech léieren?
Eng nei Kulturtechnik, déi si kënnen adaptéieren, kritesch analyséieren a kreativ notzen? En neie Konditionnement, mat deem se méi brauchbar fir déi nei Informatiounsindustrië gemaach ginn?
Eng kritesch Ausernanersetzung, souwuel mat der breeder Ëffentlechkeet wéi och deenen interesséierte Professionellen, muss iwwerdeems d’Diskussioun aushale kënnen, ob eng Aféierung an dat neit Fach iwwert dat erausgeet, wat déi interesséiert Industrien eis un Applikatioune liwweren, fir dass mir méiglechst séier fäeg ginn hir Datebanke mat deenen néidegen Donnéeën ze fidderen, déi si brauche fir hir Apparater weiderzëentwéckelen.
Natierlech ass d’Aféierung vun dësem neie Fach ab der nächster Rentrée och eng gutt Geleeënheet fir all deenen, déi sech éierlech d’Fro stellen„Wat kënnt dann heimadder op mech duer?“ elo erëm eng nei FoCo ënnerzejubelen. Vläicht gëtt et och hei, wéi beim VieSo, e „Kick-off“ an crashcours-änlech obligatoresch 16 Stonnen.
Mee da komme mer gläich e puer aner Froen:
- Sinn Ziler a Contenuë vum Fach Codéiere schonn duerchduecht a kloer definéiert?
- Oder gëtt et erëm esou eng „Formatioun“ bei där d’Animateuren e puer gutt Iddien op den Terrain siche ginn?
Dunn hunn ech mech un déi Mail erënnert, déi ech den Dag virun der Reportage krut, wat déi nei Rekrutementer vun I-CN’en ugeet. Nach eng Opportunitéit fir Leit, déi et um Terrain net méi aushalen. Kee Wonner, hu mir dach eis Lächer eréischt noutdürfteg mat Quereinsteiger gestoppt, a leiden nach ëmmer ënnert dem Trauma „net genuch Leit um Terrain“.
Sollen des nei I-CN’en lo dat neit Fach „Codéieren“ éieren halen? Mee d‘Duerchliese vun hirer Job-Descriptioun huet mech du berouegt. Nee, si huelen eis, also de Leit um Terrain, keng Enseignement-Stonnen ewech.
Villméi kann ech mech lo drop freeën, vun dësen neien Experte gecoacht, ënnerstëtzt a begleet ze ginn: am Kader vun der Equipe pédagogique, iwwert de Comité an dat Ganzt nach am Aklang mam PDS, an och ofgeschwat mat der Direktioun, a wa méiglech nach mam I-DS. Dat kléngt vill verspriechend. Dat ass genau dat, wat mir momentan um Terrain brauchen. Dat bréngt eis Schoul bestëmmt weider!
Just schued, dass och dës zukünfteg Experte mindestens zweemol am Mount net um Terrain, also an der Schoul present sinn, well si do um Script si fir Reflektioun, Diskussioun, Organisatioun, Formatioun an Evaluatioun. Mee et versteet ee jo och, dass Prioritéite musse gesat ginn: och an Zäite vu Lehrermangel hunn d’Schüler, respektiv eis Schoulen net eleng Urecht op eis spezialiséiert Enseignanten.
Just schued, dass déi nei I-CN’en bei der Betreiung vun 10 Schoulen op de Kapp méi Zäit am Auto, wéi an der Schoul wäerte verbréngen. Mee et versteet ee jo och, dass an Zäite vu Mobilitéit a Flexibilitéit hiren CO2-Emissiounswäert adaptéiert muss ginn. Freides iwwregens kënne si sech net deplacéieren – Klimaziler oblige – do gëtt et da Fernbetreuung.
Just schued, dass si als Instituteurs spécialisés (also Experts an deem Domaine) d’Fach net selwer wäerten hale kënnen, well et méi Klasse pro Regioun wéi Plagë pro Woch gëtt.
Op jiddwer Fall sinn ech begeeschtert, wéi séier, efficace, ouni sech laang mat de Leit um Terrain ze concertéieren, a ganz sécher och an alle Konsequenze bis zum Schluss duerchduecht, hei zu Lëtzebuerg am Enseignement op nei Entwécklungen, wéi d’Digitaliséierung, reagéiert gëtt. Dat ass bestëmmt weeweisend an nëmmen den Optakt zu anere sënnvolle Mesuren, bei deenen dann och sou fundamental Theme wéi d’Ausglaiche vun de sozialen Ongerechtegkeeten an der ëffentlecher Schoul am Fokus stinn.
Ech freeë mech elo schonn op déi nächst Reportage vum Enseignant-Informatiounskanal RTL, a welcher ech dann no an no d‘Informatiounen an Daten zum neie Fach „Codéiere“ kréien, déi et da gëllt, decodéieren ze kënnen.