Echange de Vue vum SEW/OGBL mat de Vertrieder vun der Educatiouns- a Petitiounskommissioun vun der Chamber

03.04.2015

De 25. Mäerz 2015 war eng Delegatioun vum SEW/OGBL zesumme mam Minister vun der Educatioun an d’Petitiouns- an Educatiounskommissioun vun der Chamber invitéiert fir en Echange de Vue iwwert de geplangtene « Stage d’entrée en fonction » am Fondamental. A Präsenz vun 32 Deputéierte konnten d’Vertrieder vum SEW/OGBL d’Kritike vun de Studenten un dem geplangtene Stage nach eng Kéier am Detail presentéieren.

Et hunn sech eng Rei Piste fir sënnvoll Verbesserunge vum Projet erginn.

D’Deputéiert waren sech zimlech all eens, datt de Stage virun allem eng ënnerstëtzend Funktioun muss kréien an datt de neien Enseignant esou séier wéi méiglech (am beschten nom éischten a net eréischt am leschte Joer) muss d’Gewëssheet hunn, datt hien de Stage gepackt huet fir sech kënnen a Rou op säin zukünftege Beruff ze preparéieren.

 

Den SEW/OGBL bedauert an dem Kontext, datt och bei dëser Entrevue de Minister Meisch net bereet war fir konstruktiv am Sënn vun der Saach matt ze diskutéieren, mee stur seng Positioun  wollt duerchsetzen.

De ganz detailléierte Rapport vun der Entrevue an der Commissioun am pdf-Dossier: