ALL Akteure vun der Inklusioun responsabiliséieren!

06.03.2015

ALL Akteure vun der Inklusioun responsabiliséieren!

 

No e puer Joer an der Praxis ass et un der Zäit d'Inklusion an eise Schoulen zum Thema vun de Leit um Terrain ze maachen.

 

Vir ewech: Et geet net dorems, Integratioun, Inklusioun a BRK (BehënnerteRechtsKonventioun) a Fro ze stellen.

 

Nee: Et geet dorems, der Inklusioun am Schoulalldag gerecht ze ginn.

A ville Fäll brauchen sech d' Enseignanten do keng Froën ze stellen, well d'Assistance en classe (Logopédie, Equipes multi., ...) an den Encadrement vun der Kanner an der Klass stëmmen.

A villen anere Fäll stëmmt dat awer net: Et feelt un Assistance-Stonnen an de Kanner hir Besoinen ginn am Klassekontext net opgefaang.

Aus der Praxis gëtt et leider zevill Beispiller, déi weisen, wou d'Limiten an eisem System sinn. 5 Stonnen Assistance gi maximal accordéiert an déi ginn oft einfach net duer!

 

Anstatt dass dat gesi gëtt a Konsequenzen huet, gëtt leider oft d'Léierpersonal kulpabiliséiert andeems seng pädagogesch Kompetenzen a Fro gestallt ginn.

 

Et ass ubruecht all Akteure vun der Inklusioun ze responsabiliséieren a net d' Enseignanten aleng ze loossen, mee hir Frustratiounen eescht ze huelen an hire Suergen a Virschléi nozelauschteren.

 

Inklusioun ass e Mënscherecht an Inklusioun kascht Geld: Mir brauchen also méi Personal, dat um Terrain zesummeschafft  a mir brauche besser Infrastrukturen.

 

Dësen Artikel Wie kann Inklusion gelingen?  kënnt méi detailléiert op d'Inklusioun zréck.