Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL
zesumme mat de Studenten a diploméierte Chargé-e-s de cours
Petitioun n° 492
Fir ë sennvolle «Stage d’entrée en fonction» an der Grondschoul
Fir ë sënnvolle «Stage d’entrée en fonction» an der Grondschoul
1650 Ënnerschreften ënnerstëtzen folgend Fuerderunge vun de Studenten a Chargé(e)s de cours:
• De Projet de Loi iwwert de «stage d’entrée en fonction» fir d’Enseignante vun der Grondschoul muss fundamental nei diskutéiert ginn.
• De Minister Meisch soll mat de Betraffenen an hirer Gewerkschaft a Verhandlungen trieden.
• Am Stage sollen d’Begleedung an d’Berodung fir di nei Kolleginnen a Kollegen fakultativ sinn.
• Di nei Enseignanten solle keng weider Hindemisser a Form vu Mémoire, Coursen an Examen octroyéiert kréien.
• Keng Reduktioun vun der Pai am Stage a keng Spuerpolitik op Käschte vun deene jonke Kolleginnen a Kollegen.
Lëtzebuerg, de 4. März 2015 |