Den SEW/OGBL setzt sech an: Keng Verschlechterunge vun den Aarbechtsconditioune fir Enseignanten an Deelzäit

13.07.2026

Den SEW/OGBL setzt sech an: Keng Verschlechterunge vun den Aarbechtsconditioune fir Enseignanten an Deelzäit

Nodeems a verschiddene Regionaldirektioune per Note de service nei, méi restriktiv Instruktioune fir den Horaire vun den Agenten am Service à temps partiel kommunizéiert goufen, hunn den SEW/OGBL an den SNE/CGFP séier intervenéiert an eng gemeinsam Entrevue um MENJE ugefrot. Dës Entrevue huet den 10. Juli stattfonnt.

Konkret goung et drëms, dass Léierpersounen an Deelzäit hire Service nees méi konsequent all Dag, respektiv op méi Deeg verdeelt, hätte misse prestéiere. Ausnamen, bei denen d‘Schaffstonnen awer och mindestens op véier Deeg hätte misste verdeelt ginn, wiere just nach op Demande a mam Accord vum Regionaldirekter méiglech gewiescht. An der Praxis hätt dat bedeit, dass eng Tâche, déi bis elo op dräi oder véier Deeg organiséiert war, fir déi nächst Rentrée anescht opgedeelt hätt misse ginn.

Betraff wiere ganz vill Titulairen am Cycle 1, déi sech eng Klass deelen oder net mat hirer voller Tâche op enger Klass sinn. Si hätten net méi kënnen an der Mëtt vun der Woch wiesselen oder aner änlech Léisungen am Sënn vun de Kanner ëmsetzen.

D’Vertrieder vum MENJE hunn de Gewerkschaftsvertrieder vum SNE/CGFP an dem SEW/OGBL zougeséchert, dass et och an Zukunft bei enger Deelzäittâche méiglech ass, seng Schaffstonnen op manner wéi fënnef Deeg ze prestéieren. D’Enseignante mussen dofir keng extra Demande erareechen, an och net begrënnen, firwat si den Horaire esou amenagéiere wëllen. Den Horaire muss och net mat pedagogeschen Argumenter legitiméiert ginn.

Och fir d’Chargés de cours, déi eng Tâche als Remplaçant permanent hunn, gouf nach emol confirméiert : Si mussen net vu méindes moies 8 Auer bis freides mëttes 16 Auer disponibel sinn. No Récksprooch mam President vum Schoulcomité vun der Ecole d‘attache, droen si hire Stonneplang op Scolaria an. Dëse Stonneplang hält deemno och d’Fräistonne fest, op dene keng Astreinte fir d’Chargés de cours besteet.

Den SEW/OGBL begréisst dës Garantien an Zousoen als wichtege Succès. Mir wäerte weider am A behalen, ob d’Modalitéiten an den eenzelne Regionaldirektiounen och wierklech respektéiert ginn.