Reform vun der Fonction publique Mobilisatioun géint de Projet vum Stage d’entrée en fonction vun den zukünftegen Enseignanten am Fondamental

08.12.2014

Reform vun der Fonction publique

Mobilisatioun géint de Projet vum Stage d’entrée en fonction vun den zukünftegen Enseignanten am Fondamental

Divide et impera


No der Mobilisatioun vun deene concernéierte Studenten an de Chargés de Cours géint de Projet vum Stage, huet den Educatiounsminister annoncéiert de Projet liicht ze amendéieren an aus dem Examen-Concours e Concours ze maachen. Leider refuséiert den Här Minister bis elo nach ëmmer all Dialog mam SEW/OGBL.

Opgrond vun der massiver gemeinsamer Oppositioun vun de Studente vun der Uni.lu, aus der Belsch an aus der Schwäiz zesumme mam SEW/OGBL, huet de Minister Meisch ugekënnegt säi Projet vum Stage fir déi nei Enseignante fir de Fondamental zeamendéieren. Via Press huet hie matdeele gelooss,datt aus dem Examen-Concours soll e Concours ginn,wou esou vill Kandidaten ugeholl ginn ewéi iwwert deStaatsbudget Plazen opsti fir an de Stage ze kommen. De geplangtene Stage soll och eréischt an engem oder eventuell esouguer 2 Joer a Kraaft trieden.

Den SEW huet ëmmer erëm gefuerdert, datt deExamen-Concours soll just e Concours, wou déi bescht plazéiert sech fir de Kontingent vun den ausgeschriwwene Plaze qualifizéieren. Leider ass am Kontext vumgeplangtene Stage, wou d’Méiglechkeet besteet, datt Kandidaten ecartéiert ginn, d’Propose vum Minister fir just elo der Fuerderung fir aus dem Examen- Concourse Concours ze maachen, kee positiivt Signal. D’Ausso,datt Kandidaten déi net capabel wieren am Stage identifizéiert kënnte gi, weist drop hinn, datt tatsächlech diploméiert Enseignanten de Stage net packe wäerten.

De genauen Text vu sengem Projet wëll de Minister awer net dem SEW oder de Studenten am Virfeld kommunizéieren. Den Text soll fir d’éischt am Ministère finaliséiert ginn an eréischt da sollen déi Concernéiert informéiert ginn. De Minister huet eng vum SEW/OGBL ugefroten Entrevue refuséiert.

D’Studente vun der Uni.lu, an nëmmen si alleng (!), sinn op eng Informatiounsversammlung, en Dënschdeg den 9. Dezember invitéiert.

D’Politik vum Minister ass kloer: Hie wëll den SEW, déi als Gewerkschaft legitiméiert ass fir ze verhandelen, ecartéieren. Den Här Meisch huet sech an dem Kontext och net genéiert fir ze probéiere fir den SEW bei de Studenten ze diskreditéieren. Parallel dozou soll d’Mobilisatioun vun de Studente gezielt geschwächt ginn, doduerch datt d’Studenten aus dem leschte Joer sech net méi concernéiert spiere sollen, wann d’Mesurenëm een oder zwee Joer zeréckgestallt ginn. Och probéiert den Här Meisch e Käil tëschent d’Studente vu etzebuerg an de Studenten aus dem Ausland an debetraffene Chargés de cours ze dreiwen.

D’Studenten an d’Chargés de Cours hunn dës Strategie duerchkuckt a wäerte weider och solidaresch bleiwen.

Den SEW ënnerstëtzt si a weideren Demarchen aprotestéiert energesch géint dës schappeg Aart a Weisa fuerdert den Educatiounsminister op, un de Verhandlungsdësch ze kommen.

Den SEW huet Entrevuë matt de politesche Parteien ugefrot. An engem éischter Réunioun matt der CSV, den 8. Dezember huet eng Delegatioun vum SEW zesumme mat de Chargés de Cours an de Studente mat de Vertrieder vun der CSV iwwert de Sujet vum Stage diskutéiert. Den SEW gouf vertruede vun Marvin Calderella Lynn Schmit, Mandy Schieres, Gilbert Schuller an de Membere vum SEW-ComitéViviane Goffinet, Sonja Delli Zotti a Patrick Arendt. Fir d’CSV-Fraktioun ware präsent d’Martine Hansen,d’Sylvie Andrich, d’Françoise Hetto an de MarcWiseler. D’Vertrieder vum SEW hunn hir Positioun, déi definéiert gëtt am Argumentaire vum SEW an amArgumentaire vun de Studenten, duergeluecht an derCSV och jeweils den Text iwwerreecht.

Mir ginn elo mol dovunner aus, datt et deenen anere Parteien och geléngt eis e Rendez-vous ze proposéieren, dee net an der Schoulzäit läit …

Matgedeelt vum SEW/OGBL